Finanzplaz Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Finanzplaz)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vue op de Péitrussdall an der Stad Lëtzebuerg

Als international Finanzplaz hëlt Lëtzebuerg haut de Verglach mat Zentre wéi Frankfurt am Main, Paräis oder London op.

D'Finanzplaz Lëtzebuerg ass 2015 am Global Financial Centres Index op Plaz 17 vu weltwäit 82 Stied komm. A Westeuropa war se hanner London, Zürich a Genf op der 4. Plaz.[1] Si ass och weltwäit no den USA den zweetgréissten Zentrum fir d'Verwaltung vun Investmentfongen. Am Ganze ginn do 2.680 Milliarden Euro geréiert (Stand: 2014).[2][3]

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte wichetege Schrëtt an der Entwécklung vun de Finanzaktivitéiten ass 1929 gemaach ginn, wéi eng Holding-Gesetzgebung agefouert gouf. An demm klenge Land, dat nach kee Reseau vun Duebelbesteierungsofkommen hat, ass et drëms gaange fir duerch dëst selbststännegt Virgoen e Bäitrag zur Verhënnerung vun enger Duebelbesteierung ze leeschten. Am selwechte Joer 1929 ass och d'Lëtzebuerger Bourse opgaangen. Si war 1927 op gesetzlecher Basis geschaaft ginn. Dat ass deemools aus enger internationaler Perspektiv eraus geschitt.

D'Wirtschaftskris an der Welt huet leider verhënnert, datt déi zwou Initiativen onmëttelbar voll zum Droe komm sinn. Zum richtegen Opschwonk vu Lëtzebuerg als Finanzplaz ass et eréischt nom Zweete Weltkrich komm, wéi d'Europäesch Kapitalmäert sech entwéckelt hunn, an zu Lëtzebuerg weider Ustrengunge gemaach goufe fir seng Ausgangspositioun ze verbesseren. Den Ofschloss, lues a lues, vun enger grousser Zuel vun Duebelbesteierungsofkomme mat auslännesche Länner war nëmmen eent vun den Elementer, déi sech positiv ausgewierkt hunn.

Natierlech Trëmp[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.png Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Opschwonk vun de grondleeënden Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Emissioun vun internationale Kreditter[änneren | Quelltext änneren]

No 1945 war New York City gewëssermoossen deen eenzege grousse Kapitalmaart, wou Kreditter, meeschtens an Dollar, gemaach goufen. Dat huet sech vun 1963 u geännert, wéi d'USA Beschränkungen, wéi d'Aféierung vun enger Zënsausgläichsteier, beschloss hunn. Doduerch goufen dës Emprunte méi deier an en Eurodollarmaart an en Euroemissiounsmaart sinn an Europa an op anere Plazen an der Welt entstanen. Vun dësem Kuch hunn d'Lëtzebuerger Banken sech e gutt Stéck erofgeschnidden. Si hunn et verstan, sech féierend an den Emissiounskonsortiumen ze positionéieren an och nei komposit Währungsunitéiten, wéi d'Unité de compte an den Eurco z'erfannen, an deenen dës Emprunten gemaach goufen, an zwar fir doduerch de Währungsrisiko ofzeschwächen. D'Lëtzebuerger Bourse huet genuch dovu profitéiert. Hire Kursziedel mat cotéierten Emprunten ass ëmmer méi laang ginn.

Et war u sech den Eurodollarmarché, deen d'Bankeplaz Lëtzebuerg richteg am internationalen Ëmfeld lancéiert huet. Vun dëser Reputation, an och dem Knowhow, huet se och herno bei ganz anescht ausgeriichte Geschäftsfelder profitéiert.

Iwwerstaatlecht Kreditgeschäft[änneren | Quelltext änneren]

Lues a lues hunn d'auslännesch Banken Intressi kritt, fir um Eurogeschäft zu Lëtzebuerg ze participéieren. Déi däitsch Banken hunn domat ugefaangen. Däitschland hat nämlech, fir d'Evolutioun vun de Kreditter ze bremsen, d'Banke fir Oprechterhale vu Mindestreserve bei der Bundesbank verflicht. Doduerch goufen an Däitschland d'Kreditzousoen zugonschte vu Kreditter un däitsch Cliente méi deier an déi Lëtzebuerger Plattform ass fir däitsch Banken interessant ginn. D'Presenz vun den däitsche Banken huet och Banken aus anere Länner op Lëtzebuerg gezunn, besonnesch déi Banken, déi och am Euro-DM-Geschäft aktiv waren. Dat war de Grond, firwat Lëtzebuerg sech zum wichtegste Finanzzentrum am Euro-DM-Gechäft entwéckelt huet.

Domiziliatioun vun Investmentfongen[änneren | Quelltext änneren]

Eng aner Aktivitéitsspart bilden d'Investmentfongen, déi zu Lëtzebuerg domiciliéiert an och do geréiert ginn.

An der Nokrichszäit goufen d'Autoritéite sech bewosst, datt d'Méiglechkeete vun der Holdingesetzgebung nach méi konsequent kënnten ausgeschefft ginn. An deem Gedankegang gouf d'Applikatioun vun hire Potentialitéien 1959 op d'Investmentfongen an och op Finanzéirungsgesellschafte vu sougenannte Multien ausgedeeent. Dat huet d'Kreatioun vun den OPC (Organes de placement collectif) stimuléiert. 2004 waren 1909 Investmentfonge mat engem Gesamtavoir vun ongeféier 1 Mrd Euro zu Lëtzebuerg domiziliéiert. Déi 1988 gegrënnten ALFI (Association Luxembourgeoise des Fonds d'Investissement) huet zur Promotioun vun den OPCen zu Lëtzebuerg weesentlech bäigedroen. Haut figuréiert Lëtzebuerg no den USA nämlech un 2. Plaz wat d'Importenz vun OPC-geréirten Avoiren ugeet.

Intensivéierung vum Privatkontegeschäft[änneren | Quelltext änneren]

D'Personal an de Banken tëscht 1991 an 2004

Et war haaptsächlech d'Entwécklung vum personalintensive Privatkontegeschäft an den Ausbau vun den Investmentfongen, déi, vun den nonzeger Joren un, zu engem staarken Zouwuess vun de Beschäftegten an de Banke gefouert hunn. Hir Zuel huet sech op 22.554 am Joer 2004 erhéicht. Dat sinn 10 % vun der aktiver Populatioun. D'Privatkontegeschäft gouf bewosst vun alle Banken, de Guichetsbanken an den aneren international ausgeriichte Banken ausgebaut, well een Abroch vun de Gewënnmargë sech am internationale Kreditgeschäft bemierkbar gemaach huet an d'Banken hir Aktivitéiten dofir nei hu missen ausriichten.

Internationaalt Assurancegeschäft[änneren | Quelltext änneren]

D'Finanzplaz Lëtzebuerg war bis spéit an déi siwwenzeger Joren ausschliisslech op d'Aktivitéite vun de Banken opgebaut. Déi deemoleg Regierung ënner dem Staatsminister Pierre Werner huet et awer als nëtzlech an noutwenneg ugesinn, fir dës Aktivitéiten ze diversifizéieren an auszebauen. De Moment war konsequent gewielt. Duerch d'Aféierung vun engem fräien Déngschtleeschtungsverkéier, deen och fir d'Assurance gëlteg ginn ass, gouf et méiglech, vun engem Standuert aus an alle Länner vun der Communautéit z'operéieren. An hirer Regierungserklärung vum 24. Juli 1979 heescht et:

"Parallel zum Opschwong vun de Bankenaktivitéiten, favoriséiert d'Regierung och d'Entwécklung vun anere Branchen am tertiäre Secteur (Assurancen, Reassurancen, international Handelsaktivitéiten, Marketing, Studiebureauen, Expertisen, Legal Uerde vun Architekten an Experts comptablen)".

Dofir huet D'Regierung am Ausland eng Prospectioun vun den neie Méiglechkeeten ënnerholl. Mä si huet och déi déi gesetzlech Bestëmmunge geännert, déi dëser Ausriichtung am Wee kéinte stoen. Mat Bezuch op d'Assurancen ass dat iwwer zwee Gesetzer geschitt:

Dës zwee Gesetzer hunn ënner anerem bewierkt:

  • eng Reglementatioun vun der Réassurance,
  • d'Aféierung vun der Aktivitéit vum Broker, eng Aktivitéit, déi virdrun zu Lëtzebuerg verbuede war, ouni déi en internationalen Assurancenzentrum awer net denkbar ass,
  • eng Reglementatioun fir Assurancen, déi am Kader vum fräien Déngschtleeschtungsverkéier operéieren,
  • d'Festleeë vun de Garantien, déi d'Assurancë bidde mussen,
  • nei Precisioun vun de Kompetenzen vun der Assurancenopsiicht, dem neigeschaafte Commissariat aux Assurances, am Hibléck op eng efficace Kontroll vun deem Secteur.

An der éischter Entwécklungswell waren et Captive-Assurancen, déi sech zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn. Wéi d'Bahamen ass och d'Finanzplaz Lëtzebuerg en Zentrum fir Captiv-Assurance ginn.

Zuel vun den Assurancen, déi 2003 zu Lëtzebuerg etabléiert waren:

  • Lëtzebuerger Sociétéiten: 78
  • Succursallen: 14
  • Pensiounsfongen: 3
Am Ganzen: 95

Déi europäesch Bedeitung vum Assurancesecteur gëtt däitlech gemaach duerch d'Importenz vun den Operatiounen, déi iwwer d'Lëtzebuerger Grenze ewech (Libre prestation de services) ofgewéckelt ginn. Iewer och duerch den Opschwong vum Réassurancë-Secteur. 2003 waren nämlech 270 Réassurancen zu Lëtzebuerg zougelooss mat engem Primenopkomme vun 2.902 Mio. Euro.

Entwécklung vun zousätzlechen Dengschtleeschtunssparten.[änneren | Quelltext änneren]

Aner Dengschtleeschtungsparten hu sech vun 1980 un, am Schiet vun der Finanzplaz, och séier ausgebreet:

  • d'Recherche,
  • d'Déngschtleeschtunge fir d'Enterprisen, wéi d'Informatik,
  • d'Prestatiounen um Gebitt vun de Kommunikatiounen an den Transporter an
  • d'Aktivitéite vu kommerziellen Agencen a Servicer, besonnesch am Immobiliesecteur.
  • d'Schafen, am Joer 1990, vun engem Lëtzebuerger Pavillon maritime an Domiciliatioun vu Schëfffaartgesellschaften

D'Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ëmmer méi Intermediairen (Broker asw.),
  • Eng Bourse mat engem laange Kursziedel,
  • Aktiv Beruffsvertriedungen: ABBL fir d'Banken, d'ACA, fir d'Assurancen.
  • Eng wierksam Bankenopsiicht an Assurancenopsiicht,
  • Eng onofhängeg Zentralbank,

D'Lëtzebuerger Finanzplaz an der Europäescher Perspektiv[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Achtung.png 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft w.e.g. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.

Eng vun de Froen, déi laang an der EU an och op der Lëtzebuerger Finanzplaz mat Nodrock diskutéiert ginn ass, war déi vun der Quellesteier. Zu Lëtzebuerg gëtt nämlech op de Coupone vun Obligatioune keng Quellesteier erhuewen (Nëmmen d'Coupone vun einheimeschen Aktien ënnerleien enger Quellesteier). Hei gouf gefaart, d'Verallgemengerung an der EU vun der Steier op den Zënse kënnt zu enger Verlagerung vun den europäesche Kapitalmäert a Länner baussent der Europäescher Communautéit féieren. Am Joer 1963 war d'Europäesch Kommissioun an hirem Rapport Segré zwar zum Schluss komm, den Euromaart wier nëmmen ouni Couponsteier denkbar, a si huet deemools fir hir allgemeng Ofschafung plädéiert. Wéi se sech mat där Iddi awer net duerchsetze konnt, koum si zur Conclusioun, d'Harmonisatioun vun de Wettbewerbsbedingungen op den Europäesche Kapitalmäert misst iwwer de Wee vun enger Verallgemengerung vun der Couponssteier an der EU geschéien. Si huet gemengt, datt domat och déi brenzelech Fro vun der Steierhannerzéiung geléist wier. Et koum zu engem Kompromëss, deen den 1. Januar 2006 a Kraaft trëtt. Hie gesäit vir:

  • d'Aféierung vu Kontrollmatdeelungen iwwer d'Zënserträg tëscht allen nationale Steierverwaltungen, mat Ausnam vun der Belsch, Éisträich a Lëtzebuerg.
  • d'Aféieren an de leschtgenannte Länner vun enger Quellesteier vu 15 %, déi bis op 35 % am Joer 2012 soll klammen.
  • d'Bedingung, datt déi vun den EU-Memberlänner ofhängeg Territoiren an och Drettlänner (Schwäiz, Liechtenstein, Andorra, Monaco, San Marino an d'USA) sech deem Accord virdrun uschléisse missten, wat elo geschitt ass.

D'Gefor, datt d'international Kapitalmouvementer duerch d'Aféierung vu Kontrollmeldungen an enger Quellensteier iwwer Drëttlänner géife lafe war aus der Welt geschaaft an d'Oprechterhalung vum Bankgeheimnis op der Finanzplaz Lëtzebuerg domat méiglech.

E puer Chiffren iwwer d'Banken op der Finanzplaz Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Zuel vun de Banken ass vu 37 am Joer 1970 op 118 am Joer 1985 geklommen. 1985 hu si en Total vun 190 Mrd als Bilanzzomm ausgewisen, verglach mat 6 Mrd € 1970.

D'Ëntwécklung ass zanterhier weidergaangen: Ufank 2004 waren 170 Banken zu Lëtzebuerg. 2013 waren et der just nach 147, ënner anerem aus folgenden Länner:[4]

Hir total Bilanzzomm louch am Mäerz 2004 bei 658 Milliarden Euro. 2011 waren et 793 Milliarden an 2013 713 Milliarden Euro. Den Nettogewënn louch 2013 bei 3,6 Milliarden Euro, géigeniwwer 2,5 Milliarden am Joer 2011.[4]

Während 2004 nach 27.980 Persounen op der Finanzplaz Lëtzebuerg geschafft hunn, dovun 19.446 Auslänner a Frontalieren, waren et der 2013 nëmme méi 26.237.[4] Den 31. Dezember 2015 waren et der genee 25.897, 74 méi ewéi déiselwecht Zäit am Joer virdrun.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • "Le secteur bancaire au Luxembourg", in: forum, 93-94, 1987, p. 30-35. http://www.forum.lu/pdf/artikel/1901_93_94_Anonym.pdf
  • Marc Auxenfants, 2008. D'Finanzplaz. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 227-232. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1
  • Jean Dargent: Luxembourg, place financière internationale, Service Information et Presse, Luxembourg, 1972
  • Michael Bartsch, H. Wittenberg: Finanzplatz Luxemburg, Verlag Moderne Industrie,Landsberg/Lech, 1988
  • Ernest Mühlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg,Université Internationale de sciences comparées, Luxembourg, 1968
  • Delvaux, E. Reiffers Les sociétés holding au Grand-Duché de Luxembourg – Etude pratique de la loi du B. 31 juillet 1929, Imprimerie Victor Buck, 5e édition, Luxembourg,1969
  • Ernest Mühlen: Les marchés européens des capitaux, Université Internationale de sciences comparées, Luxembourg, 1970
  • François Biltgen, Ernest Mühlen: La loi du 6 décembre 1991 sur le secteur des assurances : consolidation et perspectives de la place des assurances et réassurances, Collection Réalités et Perspectives, n°3-1992, Banque générale du Luxembourg, Luxembourg, 59 p

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxemburger Wort (online): Luxembourg drops in financial centre index (27. Mäerz 2015)
  • Luxembourg for Finance: Pourquoi le Luxembourg? (gekuckt den 20. Mee 2015)
  • Communiqué vun Arendt a Medernach: « Organismes de placement collectif et véhicules d'investissement apparentés en droit luxembourgeois » - Refonte globale de l'ouvrage Kremer-Lebbe sur lesOPC en droit luxembourgeois (29. Abrëll 2014)
  • 4,0 4,1 4,2 Luxembourg Banks Insights 2014
  • "Bal 26'000 Leit hunn zejoert am Bankesecteur geschafft." rtl.lu, 29.01.2016, 11:19:31.