Finnesche Golf
|
| |
| Land | Russland |
|---|---|
| Länner um Uwänner | Russland, Estland, Finnland |
| Fläch | 29.500 km² |
| Koordinaten | 59°50'0"N, 26°0'0"O |
| Zoufloss | Virojoki, Taasianjoki, Kymijoki, Porvoonjoki |
|
| |
|
| |

De Finnesche Golf (fi: Suomenlahti, ru: Финский залив, sv: Finska viken, et: Soome laht; op de: Finnischer Meerbusen); och: Golf oder Bucht vu Finnland, ass deen ëstlechen Aarm vum Baltesche Mier, un dee Finnland (am Norden), Estland (am Süden), a Russland (am Osten, beim Neva-Delta), grenzen.
Dräi grouss Stied leien um Golf: Tallinn, Helsinki a Sankt Péitersbuerg. En ass ongeféier 400 km laang, tëscht 50 an 130 km breet, an huet eng Fläch vu ronn 30.000 km². Am Duerchschnëtt ass en 38 m déif, déi maximal Déift ass mat 123 m virun der Stad Paldiski, am Weste vun der Bucht.
Well vill Flëss mat relativ héijem Debit an de Golf lafen, a well et net vill Waasseraustausch mam Nordmier gëtt, ass d'Waasser do zimmlech brackeg. Duerch de Wäisst-Mier - Ostséikanal kënne Schëffer vun do bis an d'Wäisst Mier fueren.
Gréisser Inselen am Finnesche Golf si Gogland, Naissaar a Kotlin; zu den Haaptflëss, déi dra lafen, zielen Newa, Kymijoki an Narva.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Finnesche Golf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
