Fir ëffentlech Bibliothéiken, Lëtzebuerg
| Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Fir ëffentlech Bibliothéiken, Lëtzebuerg | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Ofkierzung | FëBLux |
| Grënnungsdatum | 24. November 2009 |
| Sëtz | Diddeleng |
| 83, Route de Luxembourg | |
| President | Jean-Marie Reding[1] |
| RCS | F8156 |
| Websäit | https://www.feblux.lu |
|
| |
Fir ëffentlech Bibliothéiken, Lëtzebuerg, kuerz FëBLux, ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi de 24. November 2009[2] ënnert dem Numm Fir ëffentlech Bibliothéiken (FËB) gegrënnt gouf. Den haitegen Numm an de Kierzel FëBLux goufen 2016 agefouert.
Ziler vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptziler vum Veräin sinn: d'Grënnung vun enger Stëftung déi engersäits d'Kreatioun, den Ënnerhalt an d'Entwécklung vun ëffentleche Bibliothéiken zu Lëtzebuerg finanziell ënnerstëtzt, an anerersäits déi Veräiner an national professionell Institutiounen, déi zu hirer Modernisatioun bäidroen. Fir en effikassen Asaz vu senge Mëttelen ze garantéieren, offréiert de Veräin Informatiouns- a Berodungsservicer fir eenzel Projetsdréier.
De Veräin hëlleft a follgende Gebidder finanziell virun[3]:
- Gebaier an Ekipementer;
- Animatioun inkl. Material;
- Weiderbildung;
- Personalkäschten;
- technesch Hëllef;
- Expertisen a professionell Berodung;
- Projete fir sech ze professionaliséieren, ze moderniséieren a fir evaluéiert ze ginn;
- Kooperatioun mat aneren nationalen an internationalen Organisatiounen;
- Bourssen a Bäihëllefen am Kader vun internationaler Zesummenaarbecht;
- Präisser a Gielercher;
- Kreatioun vun enger zentraler Institutioun vun den ëffentlech zougängleche Bibliothéiken.
Fir an de Genoss vun enger Bäihëllef ze komme mussen déi ëffentlech Bibliothéike follgend Krittären erfëllen[4]:
- eng fix Bibliothéik sinn;
- fir jiddwereen accessibel sinn ouni Differenz vu Rass, Sex, Relioun, Nationalitéit, Sprooch oder soziale Statut;
- Sammlungen a Servicer ubidden, fräi vun all Form nZensur, sief et ideologescher, politescher oder reliéiser Natur, a fräi vu kommerziellem Afloss;
- dokumentaresch Sammlungen ubidden;
- Sammlungen ubidden a mindestens enger zu Lëtzebuerg offizieller Sprooch.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Governing Board | FëBLux - Fir ëffentlech Bibliothéiken, Lëtzebuerg. www.feblux.lu Archivéiert den 08.10.2025. Gekuckt den 19.10.2025.
- ↑ Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial C Nr. 2437: 116941-116944 vum 15.12.2009.
- ↑ Cf. Artikel 3 vun de Grënnungsstatuten
- ↑ Cf. Artikel 4 vun de Grënnungsstatuten
