Flaked Silver

Vu Wikipedia

Flaked Silver war eng lëtzebuergesch (Mäerzeg) Alternative Rock Band aus den 90er Joren. Nodeems d'Museker op d'Uni gaange sinn, huet d'Band sech 2000 opgeléist.

Flaked Silver Demo CD

Debut:

D'Grënnungsmembere waren de Batteur Claude Schaus an de Sänger-Gittarist Carlos Matos.

1994 hu si d'Band Un-born gegrënnt a mam Gittarist Jean-Marc Winckel den 1. Concert als Trio-Band den 1. Mee 1994, sonndes mëttes op enger Privatparty zu Mäerzeg gespillt. De Concert war wéinst dem trageschen Doud vum Ayrton Senna ënnerbrach ginn.

1994 ass de Bassist Eric Hamus derbäikomm an d'Band huet sech Profanity genannt.

Profanity huet Coversongs gespillt, haaptsächlech vun Nirvana, Metallica, Rage against the Machine, Green Day, Dog eat Dog, Silverchair, Pearl Jam... awer och eege Stécker komponéiert. Zesumme mat der Band aus dem selwechten Duerf ,"Dreams of Nabid", hu si sech d'Bünen an den Duerfkaffeeë gedeelt.

1995 ass de Bassist vum Romain Klein, a méi spéit de Gittarist vum Eric Lampertz ersat ginn.

Flaked Silver ass du gegrënnt ginn:

Line-up[änneren | Quelltext änneren]

  • Guitar-Vocals: Carlos Matos
  • Drums: Claude Schaus
  • Bass: Romain Klein
  • Guitar: Eric Lampertz

Eege Songs wéi Blind eyes, Missing, Take your time, huet d'Band als Demotape am Proufsall vum Sleepwalk-Bassist Mich Mangen opgeholl. De Sänger Carlos Matos war och Sänger an der Band Sleepwalk, mat där hien als Virgrupp vum Michael Jackson History Tour Concert den 22. Juni 1997 um Krakelshaff derbäi war. Och als Gaaschtsänger op der "Swarm-CD" vun Fluyd, ass de Carlos Matos zesumme mam Sänger Jeff Seyler ze héieren.

Flaked Silver huet op Festivallen zu Letzebuerg an och am Ausland gespillt: Alive-Festival (Amel/Sankt-Vith) Reptile-Festival, Anti-Aids-Festival (Beefort-Äispist), Carnaval des Cultures, Fête de la musique, Newcomercontest Diddeleng (2. Plaz no Thousand Lakes), Melusina, Kulturfabrik...