Fleeschwollef


E Fleeschwollef ass eng Maschinn, mat där haaptsächlech Fleesch op eng homogen Manéier kleng gemaach gëtt, respektiv gemuelen a vermëscht gëtt. E gëtt fir gekacht a réit Fleesch gebraucht, an och fir aner Liewensmëttel wéi Fësch a gekacht Geméis.[1],[2] Mam Fleeschwollef produzéiert een zum Beispill Gehacktes oder d'Basis vum Paté.
Fleeschwëllef ginn am Privatstot agesat, mee och an der Gastronomie an am Liewensmëtteleenzelhandel, wéi der Metzlerei.[3] Si sinn entweder hand- oder elektresch bedriwwen.[4]
D'Funktiounsweis vum Fleeschwollef ass relativ simpel. Fir d'éischt muss d'Fleesch mat der Hand graff a méi kleng Stécker geschnidde ginn. Da gëtt et an den Afëlltriichter gekippt, wou et op eng horizontal Schinn fält, déi méi oder wéineger d'Form vun enger Spiral huet. Déi gëtt op Däitsch "Förderschnecke" an op Franséisch "transporteur à vis" oder "convoyeur à vis" genannt. Si gëtt mat enger Handkurbel oder engem Elektromotor ugedriwwen a rotéiert. Esou zerquëtscht si d'Fleesch a vermëscht et deelweis. Um Enn vun där Spiral trëfft d'Fleesch op eng Messerscheif, déi och rotéiert a virun eng Plack mat ville Lächer montéiert ass. Duerch déi Lächer trëtt dann déi zerklengert Fleeschmass aus.[5]
D'Maschinn kann a Stécker demontéiert ginn, fir se besser kënnen ze botzen. D'Scheif mat de Lächer kann duerch eng aner mat méi groussen, respektiv méi klenge Lächer ersat ginn, fir en anert Resultat ze kréien. Esou léisst sech d'Konsistenz vun der Fleeschmass variéieren. Duerch de Fleeschwollef léisst sech esou och Fleesch mat ville Seenen einfach verschaffen.
Den Däitsche Karl von Drais, dee mat der "Draisine" ee vun de Virgänger vum moderne Vëlo erfonnt huet, gëtt dacks och als Erfinder vun der éischter Versioun vum Fleeschwollef genannt, mee dofir ginn et keng historesch Beweiser.[4],[5]
Commons: Fleeschwëllef – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ senoner.online: Fleischwolf (Gemüsepresse) (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ hausschlachtebedarf.de: Fleischwolf (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ kbs-gastrotechnik.de: Fleischwolf (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ 4,0 4,1 la-viande.fr: Le hachoir à viande (gekuckt den 2. Januar 2025)
- ↑ 5,0 5,1 hoio.ch: Fleischwolf (gekuckt den 2. Januar 2025)