Fleischmann
| Gebr. Fleischmann GmbH und Co. KG | |
|---|---|
|
Logo | |
|
| |
| Typ | GmbH |
| Slogan | Die Modellbahn der Profis. |
| Grënnungsdatum | 1887 |
| Land | Däitschland |
| Sëtz | Heilsbronn, Däitschland |
| Besëtzer | Roco |
| Mataarbechter | 180 (2010) |
| Ëmsaz | 50,7 Mio. € (2010) |
| Branche | Modelleisebunnen |
| Homepage | www.fleischmann.de |
|
| |
D'Gebr. Fleischmann GmbH und Co. KG ass eng däitsch Entreprise déi sech ausschliisslech an der Produktioun vu Modelleisebunne spezialiséiert huet.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gebr. Fleischmann GmbH und Co. KG gouf 1887 vum Jean Fleischmann gegrënnt an huet bis 1939 nëmme Blechspillgezei, wéi z. B. Schëffer, Fligeren a magnéitesch Schwammdéieren, hiergestallt. 1938 huet Fleischmann d'Firma Doll & Co. an hiert besteeënd Sortiment un Dampmaschinnen a Spuer-0-Modelleisebunnen iwwerholl. Zanterhier huet Fleischmann och selwer nei Modeller entwéckelt, a 1939 gouf den éischte Modell aus eegener Entwécklung verkaf. 1969 gouf mat der Produktioun vun Dampmaschinne wéinst feelender Nofro opgehalen.
Zanter 1949 produzéiert Fleischmann haaptsächlech fir Gleichstroum-System. Mat der Produktioun vu Spuer-0-Modelleisebunnen huet schonn 1959 missen opgehale ginn, well Fleischmann sech domat net méi géint den erfollegräichen H0 konnt duerchsetzen. 1969 huet Fleischmann och en neit Spuer-N-Sortiment virgestallt, mam Numm „Fleischmann Piccolo“.
Ufanks 2008 ass Fleischmann du vun der Modelleisenbahn Holding GmbH opkaf ginn, där och de Konkurrent Roco gehéiert huet. Fleischmann huet duerno d'komplett N-Sortiment vu Roco iwwerholl. Zanterhier läit och do de Schwéierpunkt vun der Produktioun, an nëmmen nach e puer klassesch Modeller (bis 1950) ginn an H0 verkaf.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Fleischmann – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Internetsäit
