Op den Inhalt sprangen

Florent Antony

Vu Wikipedia
Florent Antony
Gebuer 1. Mäerz 1913
Rëmeleng
Gestuerwen 12. Juli 1974
Hamburg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet mat Stenia Zapalowska
Papp Florentin Antony
Kanner Jaga Antony

De Florent Antony, gebuer den 1. Mäerz 1913 zu Rëmeleng, a gestuerwen den 12. Juli 1974 zu Hamburg, war e lëtzebuergeschen Acteur.[1]

No engem Joer Medezinstudium huet hie bis 1937 zu Köln an zu Frankfurt Schauspill, Konschtgeschicht an Theaterwëssenschaft studéiert.[2] Vun 1937 un hat hien Engagementer zu Frankfurt/Main, zu Neustrelitz, vun 1940 bis Mëtt 1943 am besate Polen an dono bis 1944 zu Berlin, vu wou en op Lëtzebuerg goung.[3] Nom Zweete Weltkrich war hien als Telefonist bei RTL beschäftegt. Vun 1948 bis 1950 war hien als Acteur (Film an Theater) zu Paräis.[1]

Dono war hie e puer Joer zu Lëtzebuerg, wou en ë. a. 1953 de Wëlzer Festival gegrënnt huet. Vun 1954 u war hie just nach als Schauspiller an Däitschland aktiv. Hien hat do Engagementer beim Kleines Theater im Zoo zu Frankfurt/M., bei de Städtische Bühnen Freiburg/ Br., Junges Theater Hamburg, beim Staatstheater Braunschweig, der Staatsoper Hamburg, dem Deutschen Theater Berlin, der Landesbühne Hannover, dem Südbayerische Städtetheater Landshut, dem Stadttheater Augsburg, dem Stadttheater Bonn, dem Rheinische Landestheater Neuss, de Kammerspiele Hamburg, dem Theater im Zimmer Hamburg, a beim Künstlertheater Hamburg. Do dernieft hat hie Rollen an enger ettleche Filmer an Televisiounsproduktiounen.[4]

De Florent Antony war de Fils vum Dr. Florentin Antony. Hie war mat der Stenia Zapalowska bestuet, mat där en eng Duechter, d'Jaga Antony, hat. 1974 huet hie sech fir d'zweet mat der Schauspillerin Lotte Maria ('Sabine') Brandt bestuet, mat där en zanter 1953 zesumme war.[5]

  • Hausemer, G., 2006.  Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A-Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg, 479 S.
  • Lieb, Daniela, 2013a. Vor dem schwarzen Loch: Notizen zu den Erinnerungen der Tänzerin Stenia Zapalowska. In: Galerie: revue culturelle et pédagogique. - Differdange. - 31 (2013), n° 4, S. 567-608.
  • Lieb, D., 2013b. Voll Zuversicht und Glaube: Florent Antony und die Ewige Madonna (1950): produktionshistorische Aspekte eines Luxemburger Dokumentarfilms. -  In: Hémecht: Zeitschrift für Luxemburger Geschichte = revue d'histoire luxembourgeoise. - Luxembourg. - Jg. 65 (2013), H. 4, S. 403-424.
  • Lieb, D., 2013c. »Unser Landsmann Florent Antony«: Notizen rund um ein scheinbar unscheinbares Dokument. -  In: Fundstücke = Trouvailles 2012/2013. - S. 108-127.
  • Lieb, D., 2014. Ein Leben am Rande der Verzweiflung: der Luxemburger Schauspieler Florent Antony im Spannungsfeld von Kriegslast und Rekonstruktion. -  In: Hémecht: Zeitschrift für Luxemburger Geschichte = revue d'histoire luxembourgeoise. - Luxembourg. - Jg. 66 (2014), H. 1, S. 53-80.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Hausemer 2006, S. 18.
  2. Lieb 2014, S.57f.
  3. Lieb 2014, S.58
  4. Lieb 2014, S.64.
  5. Lieb 2013a, S. 577ff., Lieb 2014, S.64.