Florentin Antony

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Florentin Antony
Gebuer 28. Januar 1887
Rëmeleng
Gestuerwen 11. Februar 1964
Kappel-Grafenhausen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Politiker, Nazi
Partei Rietspartei, NSDAP
Famill
Kanner Florent Antony
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Florentin Antony, gebuer den 28. Januar 1887 zu Rëmeleng a gestuerwen den 11. Februar 1964 zu Kappel um Rhäin a Baden-Württemberg, war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.[1]

Den Dokter[änneren | Quelltext änneren]

De Florentin Antony huet zu Freiburg im Breisgau Medezin studéiert. Vum Oktober 1911 un huet hien zu Rëmeleng, a vum Januar 1930 un zu Keel als Generalist praktizéiert.

De Gemengepolitiker[änneren | Quelltext änneren]

De Florentin Antony war vun 1921 bis uganks Januar 1930 Member vum Rëmelenger Gemengerot; vum Januar bis den August 1925 war hie Buergermeeschter; säin Nofolger war de Jean-Pierre Bausch vun der Aarbechterpartei.

Bei de Chamberwale vun 1928 huet den Antony op der Lëscht vun der Rietspartei kandidéiert, gouf awer nëmmen Ersatzdeputéierten. Well den August Collart vu Beetebuerg als Deputéierten demissionéiert hat, hätt den Antony am November 1933 kënnen an d'Chamber noréckelen, mä hien huet zu Gonschte vum Leo Kinsch vun Esch-Uelzecht op dat Mandat verzicht.

Als President vun der Keeler Sektioun vun der Rietspartei huet de Florentin Antony sech 1933 fir d'Vergréisserung vun der Keeler Porkierch agesat. Hie war Member vum Komitee fir d'Opriichte vun engem Monument fir déi verongléckt Biergleit zu Keel bei der Léiffrächen, dee sech 1938 konstituéiert hat.

De Kollaborateur[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1935 u war den Antony Komiteesmember vun der Gedelit (Luxemburger Gesellschaft für deutsche Literatur und Kunst), e Veräin, deen ënner der Presidentschaft vum Damien Kratzenberg am Laf vun de Joren ëmmer méi nazifrëndlech ginn ass. Datt de Florentin Antony dës Ideologie gedeelt huet, huet hien 1940 nom Iwwerfall vun de Preisen op Lëtzebuerg bewisen: hie gouf Grënnungsmember vun der VdB (Memberskaart Nr. 22).

Den Dr. Antony war ee vun den 32 Signataire vum Opruff “Heim ins Reich!”, deen den 31. August 1940 an der Press publizéiert ginn ass.[2]

Hie gouf 1940 VdB-Ortsgruppenleiter vu Keel; nominell war hien dat bis den 1. September 1944, en huet awer déi Funktioun aus berufflechen Ursaachen nëmme bis den 31. Dezember 1940 ausgeüübt, awer weiderhi seng Influenz spille gelooss. Am September 1941 ass hien an déi grad gegrënnt lëtzebuergesch Sektioun vun der NSDAP agetratt.

D'Strof[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. September 1944 huet den Dr. Antony sech a Richtung Däitschland duerch d'Bascht gemaach. Eng vu sengen Etappe war Neuwied, wou hien eng Plaz als Dokter fonnt huet. Vum August 1945 un huet hien an der Géigend vu Freiburg gelieft.

Enn 1947 oder Ufank 1948 ass hie verhaft ginn a koum spéitstens am Abrëll 1948 op Lëtzebuerg an de Prisong am Gronn. Hie koum viru Geriicht a gouf am Januar 1950 zu 10 Joer Zuchthaus, enger Geldstrof vun 100.000 Frang an dem Verloscht vun der Nationalitéit condamnéiert.

1955 gouf hien am Kader vun der allgemenger Amnestie fir politesch Prisonéier aus dem Prisong entlooss an ass zréck an Däitschland gaangen, op Kappel, wou seng Fra an ee vu senge Filsse gewunnt hunn.

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Florentin Antony hat sech de 16. Abrëll 1912 zu Freiburg mat der Emilie Stephanie Noll (1885-1966), déi aus enger räicher Freiburger Industriellefamill gestaamt huet, bestuet. D'Koppel hat zwee Kanner, de Florent Antony, den 1. Mäerz 1913 zu Rëmeleng gebuer, dee Schauspiller gouf an näischt mat den Nazien ze dinn hat, an de Peter (genannt “Butz”) (1916-1985), deen Droit studéiert hat, a grad ewéi seng Elteren en iwwerzeegten Nationalsozialist war.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 2017, Lieb 2013, 2014.
  2. Luxemburger Wort 1940-08-31, S. 1 (Männer und Frauen Luxemburgs!).