Fluessfénk
Fluessfénk | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Fluessfénke-Männchen | |||||||||||||
Aner Sproochen: | fr: Linotte mélodieuse, de: Bluthänfling | ||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Linaria cannabina Carduelis cannabina L., 1758 |
De Fluessfénk (Linaria cannabina Syn. Carduelis cannabina), ass eng Vullenaart aus der Famill vun de Fénken (Fringillidae).
E lieft an Europa, Nordafrika, am viischten an am westlechen Zentralasien. Et ass en typesche Kulturlandvull an ass an Traisch- an Heckelandschaften am Déifland doheem. Méi seele kënnt en och an den Dallregioune vun de Bierger an an den Iwwergangszone hin an de Bësch vir.
De Fluessfénk erniert sech aus dem Geseems vu wëlle Kraider a vu Beem.
En ass schlank, mat engem kuerzen Hals an dënne Féiss. Markant fir dës Aart ass déi iewescht Säit, déi käschtebrong ass, an de grobronge Kapp. Op der Stier an op der Broscht sinn d'Männercher karminrout, hire Bauch ass gielzeg-brong. Broscht a Bauch vun de Weibercher dogéint sinn hellgro, mat längelzeg dënne bronge Sträifen. D'Flilleken an den déif gegafelte Schwanz sinn donkelbrong mat engem wäisse Sam. Se ginn 13 bis 14 Zentimeter grouss. D'Spanwäit vun de Flilleken ass 23 Zentimeter, a se weien eng 15 bis 20 Gramm.
De Fluessfénk zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Zu Lëtzebuerg ass de Fluessfénk vun natur&ëmwelt als Vull vum Joer 2019 erausgesicht ginn.[1]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Männchen
-
Weibchen
-
Nascht
-
Gesang
-
Linaria cannabina mediterranea
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Fluessfénk – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Depliant op luxnatur.lu