Fockeschlass

Vu Wikipedia
Fockeschlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Käerch
Plaz Käerch
Koordinaten 49°40'9,5"N, 5°56'52,3"O
Datum vum Bau 13. Joerhonnert
Ofgerappt oder zerstéiert 18. Joerhonnert


D'Fockeschlass (och Nassauer Schlass) war eng Buerg aus dem Mëttelalter zu Käerch, vun där haut näischt méi ze gesinn ass, an un déi nach just e puer Toponymmen erënneren, wéi z. B. de Fockegaart, d'Fockenuecht an de Fockebësch.

D'Buerg, spéider Schlass hat mat der Fockemillen am Äischdall hir eege Bannmillen, déi haut nach bewunnt ass. Käerch hat am Mëttelalter zwou Buergen an zwou Herrschaften. Nieft dem Fockeschlass gouf et zu Käerch och nach d'Waasserbuerg (oder -schlass) vun der fréierer Herrschaft vu Rollengen (säit der Mëtt vum 18. Jh. Gréiweschlass genannt, haut Käercher Schlass), wouvun haut d'Ruin nach am Zentrum vum Duerf steet. Och d'Herrschaft vu Rollengen hat eng eege Bannmillen (ënnescht Mille, spéider passend zum Schlass och Gréiwemillen genannt), déi net wäit ewech vun der Fockemillen och op der Äisch stoung, mä déi awer haut komplett verschwonnen ass. An der Hierarchie vu béiden Herrschaften zu Käerch, war d'Fockenherrschaft fir déi nidder Geriichtsbarkeet zoustänneg an de Besëtzer vum Fockegutt gouf oft als Mathär (Co-seigneur) vu Käerch bezeechent.

D'mëttelalterlech Geschicht vun de Famillje vun der Fockenherrschaft weist munch a Vergiessenheet geroden Verbindungen op, an Uertschaften (Bäreldeng, Recken bei Miersch, Esch-op-der-Huurt am Areler Land, Wolkreng bei Diddenuewen an aner méi) déi zum Deel op haut vergaangenen Territoire vun der aler Grofschaft a vun 1353 un, dem Herzogtum Lëtzebuerg, loungen. De Gillman vum ’Corrycher‘ Fockeschlass huet zu de Gefollegleit vum Heinrich dem VII. gehéiert. Och wann d'Herrschafte vu Käerch der Maarkgrofschaft Arel zougehéiereg waren, esou gouf et iwwer de Ludwig vun Nassau (aus enger Niewelinn) vun der Renaissance-Zäit un um Fockeschlass och eng Familljenofstamung déi zeréckgeet op den Engelbert I. vun Nassau-Dillenburg aus der Grofschaft Veianen an an den Äifeler Raum (Detzem). Ënner de Virfare vun der leschter bekannter Damm, déi d'Fockeschlass am 18. Jh. bewunnt huet, der Odilia-Therese d'Huart, ass mam Christophe vu Baden[1][2] e Statthalter vun der Maarkgrofschaft Baden-Roudemaacher ze fannen.

D'Mëtt vum 18. Jh., virum Verfall a Verschwanne vum Fockeschlass, war vu sëllege Prozesser a Kloe markéiert, déi tëscht dem Proprietär, dem Grof vun Aansebuerg, dem Virbesëtzer, dem Här vu Reiffenberg, deen trotz Verkaf nach duerch eng Rent an eng Zort Wunnrecht un de Grof gebonne war, an dem Käercher Paschtouer Ningels, dem Erbauer vun der haiteger Käercher Kierch, deen dem neiadelege Grof kierchlech Adelsprivileegie verweigert huet, ausgedroe goufen. D'Fockeschlass ass am Laf vun der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert no an no verfall a verschwonnen. An de Joren 1984/85 hunn de Robert Krantz an den Norbert Quintus sech méi genee mam Fockeschlass auserneegesat, si hunn al Quellen ënnersicht an hir Hypotheesen iwwer d'Geschicht an d'Bauphase geäussert.[3]

Kaart mat der Lag vu béide Käercher Schlässer an hire respektive Bannmillen. De benotzten Hannergronn kombinéiert zwou Schichte: Toponymes cadastraux a Modèle numérique de terrain 2019 (survol LiDAR). On-line: ACT/Geoportail.lu

Lag[änneren | Quelltext änneren]

Krantz a Quintus hunn d'Lag vum verschwonnene Fockeschlass follgendermoosse beschriwwen a kommentéiert:

"Das heute an der Oberfläche gänzlich verschwundene Burghaus der Fock von Hübingen, Sitz der zweiten Koericher Ritterfamilie, lag auf einem nach Süden sanft ansteigenden Gelände, etwa 200m westlich der Grevenburg. Noch heute trägt das Wiesengelände den Namen Fockengarten (...) Ein militärischer guter Standort? Wenn man in Koerich die verschiedenen Standortmöglichkeiten einer mittelalterlichen Burg untersucht, kommen nur 3 Lösungen in Frage: a) der Kirchenhügel: er überragt das ganze Dorf, bietet eine gute Fernsicht (...) b) der Ausläufer der 'Schockenacht' (Schelllentriesch); es handelt sich hier um eine Spornlage, die immerhin einige Meter höher liegt als die Talsohle; hier wurde dann tatsächlich das 'Fockenschloss' errichtet und zwar an einer vielleicht schon vorher bebauten Stelle. Dieser Standort war immer noch besser als c) die Tallage des Grevenschlosses, die von allen Seiten leicht eingesehen und aus nächster Nähe beschossen werden konnte. Dies könnte darauf hindeuten, dass das 'Fockenschloss' etwas früher entstanden ist, als die Grevenburg."[3]

Si huelen un datt um Kierchenhiwwel schonn en eelere Sakralbau stoung an en dofir net benotzt gouf. D'Fockeschlass wier alternativ dunn um Areal dat haut nach Fockegaart heescht (beim haitege Musekssall) entstanen, laut Krantz/Quintus méiglecherweis op der Plaz vun engem ale fränkesche Wierhaff[4].

Bauphasen[änneren | Quelltext änneren]

Plang op Basis vun der Levée vum Architekt Leer am Joer 1941 a mat Hëllef vun alen Texter, vu Krantz a Quintus 1985 opgestallt Hypothese wéi déi verschidde Bauphase vum Fockeschlass vu Käerch kéinte gewiescht sinn. Ervirzehiewen ass, datt si sech um Plang op d'Grondmauere vum Schlass selwer beschränkt hunn, an hirem Text geet awer och rieds vun enger Rankmauer mat Paarten an enger Schlassbréck, souwéi e puer weideren Elementer. Déi Variant vum Plang op Lëtzebuergesch ass no Norden ausgeriicht an enthält als Resümmee eng Rei Notizen zu de weideren Elementer.

Et gëtt ugeholl[3] datt d'Buerg 4 Bauphasen hat: romanesche Buergfrid (~12./13. Jh.), gotescht Wunnhaus (~1350), Renaissance-Bau (1596-1632) a bis an d'éischt Hallschent vum 18. Jh. Reparaturen.

E ronne Buergfrid, dee bei franséische Buergen heefeg war, war zu Lëtzebuerg vill méi rar. Bartreng an Uespelt si weider Beispiller, vill aner Buergen hate véiereckeg Tierm. Krantz a Quintus kommentéieren och datt d'Eegenschafte vum Käercher Buergfrid (Mauerdéckt asw.) zur Verdeedegung gutt gëeegent waren.

Krantz a Quintus schreiwe vun enger Rankmauer an enger Schlassbréck, mee méi ass dozou net gewosst. Op dee Pëtz, deen am Renaissance-Ubau ze gesinn ass, och scho virdrun am Fräie bestanen huet, ass net gewosst, mä awer méiglech.

Intressant ass d'Feststellung datt béid Käercher Schlässer, och dat vum Rollinger, zur Renaissance-Zäit e gréisseren - a wuel och wéi bei esou villen anere Schlässer, deieren - Ëmbau erlieft hunn. Leider schéngt kaum eppes bis guer näischt iwwer d'Konscht an d'Dekoratioun vum Fockeschlass aus där Zäit iwwerliwwert ze sinn.

Virun der Ostpaart vum Schlass war vu 1632 un d'Schlasskapell, déi der helleger Maria Magdalena geweit war.

Am 18. Joerhonnert war den Daach net méi an engem gudden Zoustand, esou datt déi hëlze Bestanddeeler vum Schlass gelidden hunn. Dëst an d'Vernoléissegung vun der Bausubstanz, déi de Fräihär vun Aansebuerg net selwer bewunnt huet, dierft de Verfall vum Fockeschlass an der zweeter Hallschent vum 18. Jh. beschleunegt hunn[3]. Aus lokaler, mëndlecher Iwwerliwwerung ass gewosst, datt d'Duerfbewunner d'Steng vun der Buerg fir aner Bauwierker benotzt hunn, wat a vergaangene Joerhonnerten op villen anere Plazen och net anescht war.

Ausgruewungen, déi nei Erkenntnisser géife bréngen, si keng virgesinn.

Geschicht vun der Herrschaft[änneren | Quelltext änneren]

Nom Bestietnes vun der Ermesinde vu Lëtzebuerg mam Walram III. vu Limburg am Joer 1214, huet d'Grofschaft Arel zu Lëtzebuerg gehéiert.

Schilwert oder Schilbachgutt[änneren | Quelltext änneren]

An der Feudalzäit gouf et zu Käerch och nach eng Proprietéit, déi Schilwert oder Schilbachgutt genannt gouf, an déi der Simmer Herrschaft gehéiert huet.

Den Numm Schillwet oder Schillbech ("Schillbach") geet zeréck op eng haut verdréchent Bech, déi duerch de Besëtz vun der Fockenherrschaft gefloss ass an déi beim haitege Käercher Schlass an d'Giewelerbach gelaf ass. De Gengler (1915) schreift datt d'Fockenherrschaft am Ufank och den Numm Schillwet hat[5],[6].

Krantz/Quintus[3] schreiwen ausféierlech iwwer d'Schillwet, zesummegefaasst a vereinfacht handelt et sech ëm Land bei der Rankmauer vun der Käercher Waasserbuerg (haut Käercher Schlass). D'Famill Fock vun Hübingen vu Käerch hat vum Joer 1484 un d'Schilbachgutt als Lehe vun de vu Rollengen vu Simmer. Zwéin Awunner vu Käerch gehéieren am Joer 1658 zum Schilwert: als Folleg doraus ënnerstounge si fir déi nidder Geriichtsbarkeet wuel der Fockenherrschaft vu Käerch, sou wéi all déi aner Käercher Leit - net nëmmen déi vum Fockegutt -, mee hir héich Geriichtsbarkeet war net d'Rollenger Herrschaft vu Käerch, mä an deem Fall déi vu Simmer.

Dës Opdeelung vun niddreger an héijer Geriichtsbarkeet tëscht dem Käercher Här (Herrschaft vu Rollingen) a sengem "Co-seigneur" (Herrschaft Fock) ass vum Marcel Bourguignon ernimmt[7].

De Ritter Kuno vu Käerch (13. Jh.)[änneren | Quelltext änneren]

D'Fockeschlass wier aus enger Niewelinn vun de Käercher Dynastien entstanen an den éischte bekannte Besëtzer vum Fockegutt wier 1266 de Ritter Kuno vu Käerch gewiescht.[8] Dem Ritter Kuno (Kunz) seng Fra war d'Aëlise (Aleydis)[9], eng Duechter vum Areler Adelegen Huart[10], deen als Ritter am Déngscht vun der Areler Buerg[11] stoung (miles arlunensis). Wéi dem Kuno seng Fra gestuerwen ass, huet hien dem Klouschter vu Baardebuerg (Clairefontaine) - wou haut de Sarkophag vun der Gräfin Ermesinde († 1247) an der Mariekapell ass - eng Rent vu 4 Malter Huewer ginn, déi all Joer zu Käerch den Dag vum Fest vum hellege Remigius fälleg waren[5].

De Gengler (1915) beschreift ausféierlech wat iwwer d'Käercher Härefamilljen aus där Zäit gewosst ass; hei sief just ugemierkt datt d'Verbindung vu Käerch mat Bäreldeng ganz al ass an op déi Zäit zeréckgeet[5].

De Gillmann vu Käerch (14. Jh.)[änneren | Quelltext änneren]

Dem Kuno säi Jong, de Gillman, huet ëm 1300 d'Irmengard vu Bäreldeng bestuet. Vun do u war dës Uertschaft mat der Käercher Herrschaft verbonnen[5], vun 1305 bis 1753[12]. De Gillman vum ’Corrycher‘ Fockeschlass ass tëscht 1312 an 1321 ernimmt als Bäreldenger Grondhär[12], hien a seng Nokommen hu sech alt och emol gär "Häre vu Bäreldeng" genannt. De Grün (1999/2000) schreift, d'Fockenherrschaft (wéi se spéider genannt gouf) wier fir d'Héichgeriichtsbarkeet zu Bäreldeng zoustänneg gewiescht[13].

Am Joer 1310 ass de Gillman vu Käerch mam Thomas vu Simmer an 23 aneren Lëtzebuerger Edelleit mam Heinrich dem VII. op eng Rees an Italien[14] gaangen.

Och beim Heinrich dem VII. senger Keeserkréinung den 29. Juni 1312 zu Roum war de Gillmann vu Käerch derbäi[12].

Ëm 1313 ass de Gillman mat sengem Käercher Besëtz dem Lehesverband vum Areler Schlass bäigetrueden[5].

Nom Doud vum Irmengard huet de Gillman ëm 1316 d'Alix vun Aix[15], d'Duechter vum Areler Stadschäffen Nikolaus vun Aix, bestuet[5].

De Walther I. (14. Jh.)[änneren | Quelltext änneren]

Dem Gillmann vu Käerch-Bäreldeng säi Jong, de Walther I. huet mat der Wittfra Elisabeth d'Duechter vum anere Käercher Schlasshär, dem Godfried bestuet. An engem éischte Bestietnes war d'Elisabeth d'Fra vum Walther vu Stockem, Propst vun Arel a Lëtzebuerg. Duerch hiert zweet Bestietnis gouf si Schlasshärin un der Schillbech an hirem Heemechtsduerf[5].

De Walther vu Käerch-Bäreldeng ass ëm d'Joer 1351 gestuerwen, mee d'Koppel hat e puer Kanner. Et gëtt ugeholl datt d'Johanna vu Bäreldeng, déi vun 1360-1391 Äbtissin vum Zisterzienserinneklouschter vu Déifferdeng war, och eng Duechter vum Walther war[5].

D'Famill Fock von Hübingen (Period 15. - 17. Jh.)[änneren | Quelltext änneren]

D'Herrschaft an d'Buerg koum am 15. Joerhonnert an de Besëtz vun der Famill Fock (Jacob 'Vock von Hübingen')[3], de Victor Delcourt schreift vun engem Bestietnes am Joer 1460.[8] Aus där Zäit ass den Numm Fockeschlass bliwwen.

Et ass gewosst datt d'Famill Fock Besëtz op villen anere Plazen am Land hat[3], hei ass speziell awer op d'Reckener Herrschaft vun de Fock vun Hübingen am Äischdall ze verweisen.

De Wope vun der Famill Fock von Hübingen vu Käerch gëtt vu Krantz/Quintus follgendermoosse beschriwwen: "De sable à la bande coticée d'argent. Casque couronné. Cimier: un chien issant de sable, colleté d'argent, bouclé d'or."[3][16] Beim Reckener Schlass[17] war eng aner Variant ze gesinn.

Prozess géint déi aner Schlassherrschaft iwwer d'Ausübung vun der Geriichtsbarkeet (1580-1582)[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Jakob II. von Rollingen am Joer 1580 Här an deem anere Käercher Schlass gouf, koum et zu engem Sträit mat sengem Schlassnoper, dem Dietrich-Georg Fock von Hübingen, iwwer d'Ausübung vun der Geriichtsbarkeet an der Käercher Duebelherrschaft[18]. Et koum zum Prozess, dee bis op Mechelen - héchst Geriichtsbarkeet fir déi deemoleg Zäit - goung. De 17. Mee 1582 gouf et en Urteel, deem béid Parteie sech ze ënnerwerfen haten.

D'Ëmstänn vun dësem Prozess, déi en Abléck an déi mëttelalterlech Verhältnisser vu Käerch verspriechen, wieren nach méi genee ze opzeschaffen[19].

D'Famill Nassau(-Detzem)[änneren | Quelltext änneren]

An Tëschenzäit, nom Urteel am Prozess iwwer d'Geriichtsbarkeet an der Käercher Duebelherrschaft, war den Dietrich-Georg Fock von Hübingen verscheet, a seng béid Duechtere Barbara a Claudia hu säi Besëtz, d'Fockegutt, gedeelt.

Ludwig vun Nassau a Claudia Fock von Hübingen (Period 1596? - 1636)[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1593[20] huet de Ludwig vun Nassau, en Nokommen aus enger Veianer Niewelinn, d'Claudia Fock von Hübingen vu Käerch bestuet[21]. Déi Veianer Niewelinn aus där de Ludwig koum, war gegrënnt[22] gi vum Grof Engelbert I. vun Nassau a Veianen (* 1370; † 1442)[23] sengem illegitime Jong, de Jang. D'Opdauche vum Numm vun Nassau um Fockegutt am Joer 1593 war awer net gläichbedeitend mam Verschwanne vum Numm Fock von Hübingen, béid Adelsfamillje ware weider a Bestietnesser vereenegt. Am Joer 1645 war beispillsweis bei engem "Siège des Nobles" de Bernard-Jacob Fock von Hübingen, "Co-seigneur" vu Käerch present[24].

Géint eng Zomm vu 16.000 Loutrengesch Frangen huet dem Barbara säi Mann, de Charles de St. Baussant[19], Kapitän zu Essey bei St. Mihiel, dem Jakob von Rollingen hiren Undeel um Fockegutt iwwerlooss. D'Bestietnes vum Barbara an dem Charles war am Joer 1594[5], d'Joer vun der Transaktioun ass net genannt[18]. Zwee Joer[18] méi spéit, huet de Ludwig vun Nassau deen Undeel, dee seng Schwéiesch d'Barbara an hire Mann ofgetrueden hat, erëm vum Jakob vu Rollingen ofkaaft, a gouf sou den eenzege Besëtzer vum Fockegutt.

Fir an Zukunft neie Streidereien aus dem Wee ze goen, hu béid Parteien am Joer 1601 um Schlass vum Jakob von Rollingen en Akt ënnerschriwwen, dee béidsäiteg Rechter a Flichten festgeluecht huet[18][19].

Vun deem Prozess u gouf d'Fockeschlass dunn och "Nassauer Schlass" genannt[25].

Bau vun der Schlasskapell (1632)[änneren | Quelltext änneren]

1632 huet d'Koppel Ludwig vun Nassau († 1636)[26] a Claudia Fock vun Hübingen († 1636)[26] mat engem éischten Testament bestëmmt datt eng Schlasskapell virun der Ostpaart vum Schlass sollt gebaut ginn. An hirem Doudesjoer 1636, matzen an der schlëmmster Zäit vum Drëssegjärege Krich um lokale Plang, hu si nach en Testament gemaach. E Wonsch vun hinne war, datt dräimol an der Woch an der Kapell eng Mass ze liese wier[3]. Et sief ugemierkt datt am selwechte Joer och den Heinrich Gaderius vu Sterpenich gestuerwen ass, dee vu 1607 bis 1621[27] Paschtouer zu Käerch war, an dee sech allgemeng géint d'Exzesser bei den deemolegen Hexeprozesser agesat huet[28][29].

De Ludwig hat e Brudder, den Oswald, deen och Co-seigneur vu Käerch war an dee Gidder bei Diddenuewen, Wolkreng a Montmédy a sengem Besëtz hat[30]. Dem Ludwig an dem Oswald hir Elteren[20] waren den Heinrich vun Nassau (†1589) an d'Hilgart vu Lellich, Damm vu Wolkreng (†1600).

Anna Beatrix vun Nassau (Period 1636 - 1659)[änneren | Quelltext änneren]

De Ludwig vun Nassau an d'Claudia Fock vun Hübingen haten eng Duechter, d'Anna Beatrix vun Nassau († 15. Juni 1659)[8][26], déi mam Johan Dietrich vu Lontzen († 1638)[26][31] an dono (vum Joer 1640 un [5]) mam Gerard Jacob Fock von Hübingen († 1685)[26] bestuet war. Den Thierry vu Lontzen-Roben war Här vu Bäreldeng a Mat-Här ("co-seigneur") vu Käerch.[30] Dem Gerard Jacob säi Papp war de Wolfgang-Georg Fock vun Hübingen, Här zu Recken[5]. D'Anna Beatrix vun Nassau gëtt vum Delcourt als déi bekanntst Schlasshärin bezeechent; si huet zu Liefzäiten der Käercher Parkierch vill Stëftunge gemaach.

D'Anna Beatrix krut keng Kanner. Si hat awer nach e Brudder, de Jean-Georges (gebuer 1590), dee sech 1624 mat der Christine de Hanxeler[32] de Belva bestuet huet, an eng Schwester, d'Marie-Elisabeth, déi en éischt Bestietnes mam Pierre Ernest de Berg (dit Colpach), Här vu Chatillon a Wolcrange hat, an e weidert Bestietnes mam Ritter Phil.-Edmond de Laittres, Gouverneur a Probst vu Virton a St-Mard, souwéi Member vum Siège des Nobles vum Duché de Luxembourg[30].

De Marcel Bourguignon schreift datt de François de Bettenhoven, deen am Areler Land eng Karriär als Amtmann[29] ("officier"), Nottär a Schreiwer fir d'Receveure vun Arel virweise kann, vu 1641 bis warscheinlech 1668 Amtmann zu Käerch war. Bei där Geleeënheet weist hien dorop hin, datt de Schlasshär vun där aner Käercher Buerg, de von Rollingen zoustänneg war fir déi héich Geriichtsbarkeet, an datt de Schlasshär vum Fockengutt sengersäits sech ëm déi nidder Geriichtsbarkeet ("justice foncière") gekëmmert huet. De Bettenhoven hätt dobäi tendenziell dem Här von Rollingen - deem senger Famill hir Glanzzäiten dee Moment schonn eriwwer waren - gehollef, d'Beschneide vun deem senge Virrechter duerch den Här vum Fockeschlass a Grenzen ze halen. Am Zesummenhank mat engem Prozess goufen d'Konte vun de Jore 1642, 1643 an 1644 zu Mechelen hannerluecht, wou se haut nach archivéiert wieren[7].

Ouni direkt Ierwen hat d'Anna-Beatrix hiert ganz Verméigen hirer wäitleefeger Famill, de Bridder Nicolas a Charel de St. Baussant, vermaach, mee hire Wittmann, de Gerard-Jacob Fock von Hübingen hat nach de Widdem um Fockeschlass bis zu sengem Doud de 14. Abrëll 1685 zu Metz.[5] Si gouf mat hirem éischte Mann an der 1610 gebauter, fréierer Kierch vu Käerch begruewen[8]. Op der Grafplack vun der Anna-Beatrix si véier Wopen[30] ze gesinn: dee vun Nassau, dee vu Fock vun Hübingen, dee vu Lellich an dee vu Le Bouteiller de Senlis (Ile-de-France)[33].

Dem Delcourt no hätt d'Famill Nassau bis 1660 am Fockeschlass gewunnt[8], wat géif drop schléisse loossen datt der Anna Beatrix hire Wittmann, de Gerard-Jacob Fock von Hübingen, Käerch kuerz no hirem Doud verlooss hätt. Eng aner Quell seet datt den 11. Abrëll 1687 d'Anna Maria Katharina vun Nassau-Detzem vu Käerch mam Karl Rudolf von Loën bestuet gouf[34].

Am Armorial Loutsch ass de Wope vun den Nassau-Detzem beschriwwen: "D'azur au lion contourné d'or, le champ billeté du même."[35].

Charles Christophe vu Reiffenberg an Odilia-Therese d'Huart (Period 1722 - 1738)[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Fockegutt an de Besëtz vun zwéi Bridder, d'Ritter vu Saint-Baussant koum, huet de Charel, ee vun deenen zwéin, dëse Käercher Besëtz den 23. Juli 1722 sengem Neveu de Charles Christophe vu Reiffenberg weiderginn.[36] Bei Gengler (1915) heescht et, de Charles Christophe vu Reiffenberg, deem seng Elteren de Baron Philipp-Ernst vu Reiffenberg an d'Eléonore de St. Baussant (bestuet 1673) waren, krut vu sengem Monni a Pätter, dem Charles de St. Baussant, d'Fockenherrschaft geschenkt[1]. Dem Charles de St. Baussant säi Grousspapp, deen och esou geheescht huet, war ee Joerhonnert virdru mat der Schwëster vun der Claudia Fock vun Hübingen bestuet[5]. D'Virfare Reiffenberg koume vu Virton an Aix-sur-Cloix[37],[38] a waren zäitweis och Mathär vu Giisch. Duerch Bestiednes vum Christophe vu Reiffenberg mam Maria-Salomé vu Lontzen-Roben[39], enger Famill déi schonn duerch dat éischt Bestietnes vun der Anna Beatrix vun Nassau an der Geschicht vum Fockegutt virkoum, war deen Éischtgenannte 1639 Mathär vun Nödlingen[40], Hondelingen a Messancy ginn[1].

De Käercher Här a Ritter Charles Christophe vu Reiffenberg war 1713 zu Mamer mat der Wittfra Odilia-Therese d'Huart[41] bestuet ginn, déi Härin zu Mamer war. D'Koppel "seigneur et dame de Koerich et en partie de Mameren" hat Scholden, ënner anerem beim Klouschter "Saint-Maximim-lez-Trèves", a si hu 1727 missten hir Mamer Gidder oftrieden, och wa se d'Wunnrecht zu Mamer behalen hunn. De Charles Christophe an d'Odilia-Therese hunn am Fockeschlass gewunnt, wou si verschidde Reparature maache gelooss haten.[42] Der Odilia-Therese hire Grousspapp war President vum Provënzialrot an op hirer Mamm hirer Säit hat si als Virfaren de Christoph von Baden, Gouverneur vu Lëtzebuerg(?)[2], wou d'Herrschaft iwwer Mamer och hier koum[1].

De 5. Abrëll 1737 gouf den Heinri (sic!) Chuveau an der Kapell vum Fockeschlass installéiert[43], nodeems hie vum Mathär vu Käerch, dem Charles Christophe vu Reiffenberg den 13. Januar virgeschloe gouf[13].

De Charles Christophe vu Reiffenberg sollt d'Fockegutt just bis 1738 als Besëtz halen, war awer nach dono un den de Marchant gebonnen: an der Zäit tëscht 1727 a 1738 hat de Reiffenberg, no engem an der Revisioun gewonnene Prozess zu Mechelen, dem Lambert Joseph de Marchant e gréisseren Don gemaach (e.a. eng Zomm vu 7.706 fl.) am Tosch géint eng Liewensrent[42].

Fräihär Lambert Joseph vu Marchant, spéider Grof vun Aansebuerg (Period 1738 - 1768)[änneren | Quelltext änneren]

De Lambert Joseph vu Marchant[44] huet duerch seng industriell Aktivitéit zu Aansebuerg genuch Verméige gehat, fir a kuerzer Zäit béid Käercher Herrschaften opzekafen, ze vereenen a selwer an de Stand vun engem Grof erhuewen ze ginn. Opfalend an där Zäit waren déi vill Prozesser déi hie géint d'Kierch gefouert huet a wou et ëm säi Stand als Adelege, respektiv al Privileege vun der Herrschaft goung.

Deen 1980 geschafene Wope vun der Gemeng Käerch vereent Elementer vun de Schëlter vun den zwou fréiere Seigneurerien.

Duerch Akt vum 3. Juni 1738 huet den Här vu Reiffenberg[31] d'Fockenherrschaft vu Käerch mat alle Gidder un de Fräihär a künftege Grof Lambert Joseph vun Marchant an Aansebuerg (* 24. Oktober 1706; † 23. Mee 1768) verkaaft.[5],[45] Zum Fockegutt hunn deemools och herrschaftlech Rechter zu Bäreldeng, Beréngen, Recken, Vance, Grouss-Bevingen, Veianen, Maartel, Réiden an Holzem derzou gehéiert.[46] De Fräihär hat säi Wunnsëtz schonn zu Aansebuerg, sou datt weeder d'Fockeschlass, nach d'Käercher Schlass vun him bewunnt goufen. D'Koppel Charles Christophe vu Reiffenberg an Odilia-Therese d'Huart, déi Usproch op eng Rent vum de Marchant haten, hunn no 1738[47] nach wéi et schéngt bis wéinenstens 1753 am Fockeschlass gelieft.

Ee Joer drop, de 4. Mee 1739, huet de Fräihär Lambert-Joseph vu Marchant och d'Schlass vun der Käercher Rollenger Herrschaft mat allem wat drun houng a säi Besëtz kritt bei der Stee, déi nom Doud vum Fräihär Lothar-Friedrich vu Rollengen senger Wittfra, der Damm Helena-Charlotte vun Thüngen ofgehale gouf. Zu där Herrschaft hunn dee Moment herrschaftlech Rechter a Gidder vu Käerch, Giewel a Gëtzen gehéiert, awer och nach d'Herrschaft Ternech (och nach Täernech, am Areler Land) nieft Gidder an Akommes zu Ollem, Kielen, Nouspelt, Gäichel, Habscht, Luerenzweiler, Arel an anere Plazen[5].

Nom Opkaf vum Fockegutt an der Rollenger Herrschaft, hat de Fräihär Lambert-Joseph vu Marchant d'Duebelherrschaft zu Käerch an hien hat och allgemeng eng gréisser Fortune zesummen.

Den 1. Oktober 1749 gouf de Fräihär vun der Keeserin Maria-Theresia an de Stand vun engem Grof geadelt. D'Duebelherrschaft Käerch gouf deemools wéi Aansebuerg eng Grofschaft, déi de vu Marchant huet däerfen am Titel féieren[5].

De 27. August 1753 krut de Grof vun Aansebuerg formell de Schlëssel vum Fockeschlass[13]. D'Ëmstänn dono virum offensichtlechen Abandon wieren nach méi genee ze klären.

Prozesser am Dräieck Grof vun Aansebuerg, Här vu Reiffenberg a Käercher Paschtouer Ningels[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerf Käerch ëm 1900 op enger aler Postkaart: Vue no Oste vum Fockegaart op d'Kierch. Lénks am Hannergrond hannert de Beem kann een d'Ruine vun der Waasserbuerg erblécksen.

An der Beschreiwung vun der Käercher Geschicht vum 18. Joerhonnert ass zu Käerch de Paschtouer Jean-Pierre Ningels onëmgänglech. Ënner senger Regie ass déi haiteg Kierch gebaut ginn an hie spillt och eng Haaptroll an enger Rei vu geriichtlechen Ausenanersetzunge mat de Käercher Hären, bei deenen et ëm Massen, Grafplacken an net manner wéi véier Schlasskapelle gaangen ass. An de Provënzialakte vum Joer 1739 gouf den Ningels als Kaploun zu Aansebuerg ernimmt[36], esou datt een unhuele kann datt de spéidere Grof vun Aansebuerg an de Paschtouer sech gutt kannt hunn.

De 25. Mee 1741 klot de Paschtouer Ningels a fuerdert de Bardenbuerg[48], den Här vu Reiffenberg an de Paschtouer Kinsch (als Vertrieder vum Benefiziat vu Käerch) op, him de vollen "Novalzéngten" vun der Por Käerch ze iwwerloossen. Als Zeien derbäi waren de J. Baptist Leweling, fréiere Käercher Paschtouer an de Johann Kühnen, Kaploun zu Keespelt[13].

Eng Klo gouf de 14. Januar 1745[49] vum Paschtouer Jean-Pierre Ningels géint de vu Reiffenberg - Här zu Käerch deen awer 1738 un den de Marchant verkaaft hat - beim Provënzialrot erhuewen, well de vu Reiffenberg sech net un d'Bestëmmunge vun der 1636 vun den Nassau a Fock von Hübingen an d'Liewe geruffe Stëftung gehalen huet, ënner anerem wat d'Netanhale vun där per Testament virgeschriwwener Zuel vun dräi Massen all Woch an der Kapell vum Fockeschlass, déi der Helleger Maria-Magdalena geweit war, ugeet. D'Masse waren natierlech beim Paschtouer ze bestellen, esou datt deen doduerch e Verdéngschtausfall ze bekloen hat. Dee Sträit ass eskaléiert, a kuerz drop, den 20. Februar 1745, huet de Paschtouer Ningels de vu Reiffenberg och nach op Schuedenersatz verklot wéinst Beleidegungen no enger Mass[36].

De 27. August 1753 huet de Grof vun Aansebuerg formell Besëtz vun der Fockenherrschaft geholl. Deen Dag huet de Reiffenberg déi Leit, déi der Fockenherrschaft ënnerstoungen (33 Käercher, 3 Gieweler, 6 Gëtzener an 13 vu Bäreldeng) vun hirem Schwuer entbonnen, déiselwecht Leit hunn en neie Schwuer op de Grof ofgeluecht an dee selwechte krut offiziell de Schlëssel vum Fockeschlass. Vun dëse Begebenheeten existéiert en Dokument vum Nottär J.H. Heuschling ("cérémonial")[13].

Wéi vu 1747 un déi haiteg Käercher Kierch vum Paschtouer Ningels gebaut gouf, huet sech och d'Fro gestallt, wat mat deenen zwou Niewekappellen - eng vun der Fockenherrschaft an eng vun der Rollenger Herrschaft - aus der aler Kierch sollt geschéien. Wéi sech erausgestallt huet, datt de Paschtouer Ningels déi am neie Bauplang guer net méi virgesinn hat, koum et den 31. Oktober 1753 zu enger Klo beim Provënzialrot géint hie vu Säite vum Grof vun Aansebuerg. Am Joer 1756 huet de Grof de Paschtouer Ningels weider verklot, well deen de Grofestull aus dem Chouerraum erausgeholl hat[36].

Den 9. Januar 1758 gouf de Käercher Paschtouer verurteelt, trotz dem ganz schlechten Zoustand vun der Kapell vum Hellege Méchel am Käercher Schlass, all Joer weider do Mass ze halen[36]. Et ass och gewosst, datt de Paschtouer 1760 vum Provënzialrot derzou verurteelt gouf, d'Gruft ënner dem Altor dem Grof als Begriefnesplaz zur Verfügung ze stellen, an och dee Stull, deen hie 4 Joer virdrun erausgeholl hat, erëm zeréck an de Chouer ze stellen[50].

Duerch seng Begeeschterung fir Konscht a Wëssenschaft hat de Grof Ausgaben, fir déi souguer säi Verméigen net duer goung: den 12. Februar 1763 gouf hie vum Provënzialrot ënnert Tutelle gesat[50]. Den 12. Juli 1764 huet de Charles Christophe vu Reiffenberg sech beim Provënzialrot beschwéiert, datt nodeems hie Jore virdrun dem de Marchant d'Hallschent vun der Käercher Herrschaft, d'Herrschaft vu Bäreldeng a seng Gidder zu Holzem a Veianen géint eng Rent vun 320 Ecu ofgetrueden hat, "il n'en est pas payé, du fait que Marchant est criblé de dettes et que tous ses biens et revenus sont saisis"[42]. Am Joer 1766 huet déi Käercher Kierchefabréck no 10 Joer e Prozess géint de Grof gewonnen, an deem et ëm de Kënzeger Zéngten aus dem Joer 1438(!) goung[5].

De Grof vun Aansebuerg gouf no sengem Doud am Joer 1768 nieft senger éischter Fra an der Grofekapell vun der Tëntener Kierch begruewen[5].

Verschwanne vum Fockeschlass (2. Hallschent vum 18. Jh.)[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerf Käerch op der de Ferrariskaart (géint 1775). Den Extrait weist d'Giewelerbaach a wou déi zwee Schlässer stoungen [Chaau=Château]: am Oste gesäit een de Beréng vum Gréiweschlass an am Westen d'Plaz vun den deemolege "Ruine" vum Fockeschlass (haut ganz verschwonne). D'Kierch ass südlech an der Mëtt dertëscht.

Vun der Mëtt vum 18. Joerhonnert un huet e rapide Verfall vum Fockeschlass agesat, an op der Ferrariskaart vu 1777 geet just nach vu Ruine[51] rieds.

Déi weider Besëtzer vun de Reschter vu béide Käercher Herrschafte sinn ausféierlech bei Gengler (1915)[5] nozeliesen, a sollen hei net weider widderholl ginn.

Erënnerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Grafplacken[30][52] vu béiden Herrschaften (Nassau/Fock von Hübingen, engersäits a vu Rollingen, anerersäits) aus der aler Kierch goufen am Ufank vum 20. Jh. ënner dem Buedembelag an der neier Käercher Kierch erëmfonnt[52]. D'Grafplacke vum Peter-Ernst vu Rollingen a vu senger Fra, der Anna vu Pallant, goufen dunn hannert der leschter Rei Bänken op der Mauer festgemaach, wou se haut nach ze gesi sinn[8][53].

D'Grafplack vum Anna Beatrix vun Nassau gouf an der Sakristei ubruecht[53],[54].

Opgrond vun deem wat nach iwwer de Grondrëss vun der Buerg, unhand vun Aarbechte vum Architekt Leer am Joer 1941[55] gewosst ass, gëtt ugeholl[3] datt ee sech d'Fockeschlass bal d'selwecht wéi d'Schlass vun Uespelt oder d'Schauwebuerg ka virstellen. D'Hilgart vu Lellich (†1600), Damm vu Wolkreng a Mamm vum Ludwig vun Nassau, Här am Fockeschlass, hat hire Wunnsëtz mat gréisserer Warscheinlechkeet am Wolkrenger Schlass, wat nach besteet an hei och wéinst senger Änlechkeet an Ausgesinn a Bauphasen onbedéngt ze ernimmen ass.

Nieft dem Patréiner vun der Kierch, schéngt och den Numm vum haitege Remigiussall eng Erënnerung un d'Ufankszäite vun der Herrschaft ze sinn, méi genee un d'Rent[5] vum Ritter Kuno un d'Baardebuerger Klouschter, déi um Festdag vum Hellege Remigius fälleg war am Undenken u seng verstuerwe Fra.

1980 krut Käerch en neie Gemengewopen, deen Elementer vu béide fréieren Herrschafte kombinéiert.

1933 huet d'Käercher Musek eng Bauplaz um Fockegaart kaaft, wou 1934 de Grondsteen fir de Musekssall geluecht gouf[56]. Beim Musekssall vun der Gemeng erënnert zanter dem Joer 2011[57] eng Erënnerungsplack un d'Reschter vun der Buerg, déi um Fockegaart ënner dem Buedem leien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Cf. Gengler (1915, 335f)
  2. 2,0 2,1 Déi Behaaptung mam Gouverneur léisst sech net mat der normaler Lëscht vu Lëtzebuerger Gouverneure bestätegen. Méiglecherweis handelt et sech hei ëm de Markgrof Christoph I. von Baden (* 1453, † 1527): https://de.wikipedia.org/wiki/Christoph_I._(Baden) Am Zesummenhank vun der Markgrofschaft Baden-Roudemaacher (Useldeng, Hesper, Roudemaacher!), déi vu 1556 bis 1666 enger Niewelinn vun de Markgrofe vu Baden-Baden ënnerstoung, kéim och de Christoph II. vu Baden-Rodemaacher (* 1537; † 1575) a Fro, dee 1566 vu senger Mamm d'Herrschafte vun Useldeng a Pëtten gierft huet: https://de.wikipedia.org/wiki/Markgrafschaft_Baden-Rodemachern Dëse Sujet wier méi genee ze klären.
  3. 3,00 3,01 3,02 3,03 3,04 3,05 3,06 3,07 3,08 3,09 P. Ma. (1986). Robert Krantz, Norbert Quintus, UNTERSUCHUNGEN ÜBER DIE ZWEI BURGEN ZU KÖRICH, mit Beiträgen von René Klein und Robert Leer, 42 S.din-A4, Soc. des Antiquités Nationales Luxembourg, 1985. Archivéiert op 2018-01-01. Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  4. E Wierhaff (dt. festes Haus) ass e Begrëff aus der Buergefuerschung: https://de.wikipedia.org/wiki/Festes_Haus
  5. 5,00 5,01 5,02 5,03 5,04 5,05 5,06 5,07 5,08 5,09 5,10 5,11 5,12 5,13 5,14 5,15 5,16 5,17 5,18 5,19 Gengler, Nic (1915): Koerich[,] seine Kirche und seine Schlossherrschaften (Schluss). In: Ons Hémecht (21. Jg.), Lëtzebuerg (Bourg-Bourger). Ss. 305-339. (eluxemburgensia.lu)
  6. Hei sief och ausdrécklech de Lannebuer ernimmt, deen net wäit ewech vum fréiere Fockeschlass läit, awer e puer Meter méi déif. Och den Numm "Chemin de la Fontaine" ass en intressanten Hiweis.
  7. 7,0 7,1 Bourguignon, Marcel (1970): François de Bettenhoven (c. 1616-1688). Dans: Mersch, J. (1947-1975). Biographie nationale du pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours. Fascicule 19 (S. 154-203). Lëtzebuerg: J. Mersch.. Gekuckt de(n) 07.08.2020.
  8. 8,0 8,1 8,2 8,3 8,4 8,5 Delcourt, V. (1953): Koerich im Lauf der Geschichte. Eine kulturhistorische Studie. In: Fanfare. (1953). 1903-1953 : Journées musicales du mercredi 17 juin au dimanche 21 juin 1953 : Inauguration du drapeau : 50me anniversaire. Koerich: [s.n.].
  9. Dem Gengler (1915) no net ze verwiessele mam Wirich vu Käerch (aner Herrschaft) senger Fra, déi och esou geheescht huet.
  10. De Jules Mersch (1969) ernimmt de Ritter Kuno vum Käercher Fockeschlass a senger genealogescher Ofhandlung iwwer d'Famill Huart Mersch, J. (1969): Les barons d'Huart. Dans: Mersch, J. (1947-1975). Biographie nationale du pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours. Fascicule 17 (Pp. 166-340), seet awer fir deen keng direkt Verbindung fonnt ze hunn. Hie schreift awer iwwer Huart vu Simmer am 15. Jh. a vun enger Damm zu Käerch am 18. Jh. mat deem Numm.
  11. Am mëttelalterlechen Arel war op der Knippchen eng Buerg, an net d'Donatuskierch vun haut.
  12. 12,0 12,1 12,2 Glodt, Tessy: Bäreldeng [Kierchtuerms­promenaden (On-line)]. Gekuckt de(n) 12.08.2020.
  13. 13,0 13,1 13,2 13,3 13,4 Grün, Robert (1999/2000): Die Familie von Reiffenberg. Eigenverlag.
  14. Cf. Colling-Kerg, V., Margue, Paul, Muller, Jean-Claude, & Amis de l'histoire. (1996). Le rêve italien de la maison de Luxembourg aux 14e et 15e siècles : [10 juin - 29 septembre 1996]. Luxembourg: Les amis de l'histoire.
  15. Hei ass unzehuelen datt Esch-op-der-Huurt am Areler Land gemengt ass.
  16. Armorial Loutsch, On-line-Versioun vum Daniel Erpelding: Fock de Hubingen. Gekuckt de(n) 08.08.2020.
  17. Geschichtsfrënn Miersch (2007): Dépliant "Châteaux forts et châteaux: Mersch, Schönfels, Pettingen, Reckingen", 2p. ill. Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 07.08.2020.
  18. 18,0 18,1 18,2 18,3 o.V. (1943): Der Prozeß wegen der Doppelherrschaft Körich. In: Luxemburger Wort v. 10.08.1943. Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  19. 19,0 19,1 19,2 Enn 2019 goufen déi zanter 1963 bei den Nationalarchiven hannerluechten Archive vum Aansebuerger Schlass (méi wéi 3000 Dokumenter) an indexéierter Form zougänglech gemaach. Hei sinn och Dokumenter iwwer d'Famillje de Raville (vu Rollengen) a Saint-Baussant ze fannen.. Gekuckt de(n) 11.08.2020.
  20. 20,0 20,1 Oswald de NASSAU (family tree on geneanet.org). Gekuckt de(n) 07.08.2020.
  21. Milmeister, J. (1979). Die Nassauer von Koerich. Revue, Revue. - Luxembourg Jg. 34(1979), Nr. 34, p. 32-35, ill., tabl. général.
  22. Milmeister, J. (2012): Die Nassauer von Folkendingen. In: Veiner Geschichtsfrënn (2012): Aus der Veiner Geschicht. Nr. 31., S. 89-94.. Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  23. Den Engelbert war de Jong vum Jang I., Grof vun Nassau-Dillenburg aus dem Haus Nassau, an der Margarethe vu Mark-Kleve. Am Joer 1426 huet den Engelbert d'Universitéit Louvain gegrënnt. Den Engelbert I. hat nieft sengen offizielle Kanner och nach de Jang ("Johann"). Dee gouf, wéi e bis erwuesse war, Rentmeeschter (oder Rentamtmann, huet mat der Finanzverwaltung vun Herrschaft oder Por ze dinn) an der Grofschaft Veianen. Duerch säi Bestietnes mam Johanna vu Raven (Jeanette de Rauw), gouf de Jang de Stammpapp vun enger „Baaschtertlinn“, déi am Joer 1773 ausgestuerwen ass. Quell: https://de.wikipedia.org/wiki/Engelbert_I._(Nassau)
  24. Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg. (1848). Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg. Année 1848 IV. Luxembourg, Librairie Bück, 1849. [S. 39]. Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  25. Milmeister, J. (2012). Die Nassauer im Tal der sieben Schlösser. Ous Der Veiner Geschicht, Ous der Veiner Geschicht Veinen Nr. 30(2012), S. 189-195, ill.
  26. 26,0 26,1 26,2 26,3 26,4 Genealogy Richard Remmé, The Hague, Netherlands » Anna Beatrix von Nassau vrouwe van Koerich (????-1659). Gekuckt de(n) 07.08.2020.
  27. No Reuter (1999, 130) gouf de Gaderius, deen zäitgläich Paschtouer vu Sterpenich a vu Käerch war, vum Provënzialrot am Numm vum Prinzip vun der Residenzflicht (fir d'Vermeide vu Cumul) gezwongen op Käerch ze verzichten. Vu 1621 un huet de Leonard Ottweiler hien ersat. Wann ee weess datt grad Käerch an de Joren no sengem Fortgoen eng grouss Well vun Hexeprozesser erlieft huet, stellt d'Fro sech op seng Ofwiesenheet net verschidde Leit arrangéiert huet.
  28. Reuter, Antoinette (1999): Heinrich Gaderius, streitbarer Pfarrer von Koerich (1607-1621) ; in: 250 Joer Käercher Kiirch 1747-1997 ; Lëtzebuerg, 1999; Ss. 129-134.
  29. 29,0 29,1 Bei Reuter (1999, 131) ass méi gewuer ze ginn iwwert d'Amtleit: Als Justizbeamten hunn déi ënner anerem duerch hir Aarbecht bei Hexeprozesser verdéngt, an et ass bei verschidde Prozesser am gënschtege Fall fir si ëm Zomme gaangen, déi engem normale Joresgehalt konnten entspriechen. Amtleit hunn net dierfte selwer op beschlagnaamt Gidder vun Ugeklote matsteeën, wat si awer net dru gehënnert huet op Stréimänner zeréckzegräifen. An de Jore 1610-16 war den Amtmann Nikolaus Britt bei méi wéi 20 Hexeprozesser derbäi, an huet dobäi op munnech illegal Praktiken zeréckgegraff.
  30. 30,0 30,1 30,2 30,3 30,4 Mersch, Jules (1958): Les Rois des Pays-Bas, Grands-Ducs de Luxembourg [Chapitre Ier: Les rapports des Nassau et Orange-Nassau avec le comté puis duché de Luxembourg [pp. 32-64]]. Dans: Mersch, J. (1947-1975). Biographie nationale du pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours. Fascicule 9 [pp. 30-279]. Luxembourg: J. Mersch. . Gekuckt de(n) 07.08.2020.
  31. 31,0 31,1 Bei der Grondmillen zu Rolleng (bei Péiteng) geet an der Geschicht um Enn vum 17. Jh. riets vun der Famill vu Reiffenberg an och vun engem Hans Dietrich vu Lontzen (Famill vum éischte Mann vun der Anna Beatrix vun Nassau), esou datt eng oder e puer Verbindunge mam Fockegutt alles anescht wéi ausgeschloss sinn. Mat der Rollenger Herrschaft ("de Raville") vu Käerch hätt den Numm Rolleng (bei Péiteng) awer am Prinzip guer näischt ze dinn, den Numm vun der Uertschaft geet hei anscheinend zeréck op dee vun engem ale Stamm. Allgemeng versprécht ee sech vun der Auswäertung vu follgendem Text vill Informatioune fir genealogesch Zesummenhänk vun ë. a. de Famillje Reiffenberg a Lonzen mam Fockeschlass méi kloer machen: Zimmerman, Jean-Marie (2012): Les seigneurs et co-seigneurs de Hondelange. Dans: Chroniques du cercle d'histoire du pays de Messancy, n°24 (2012). Disponible en ligne.
  32. Christine de Hanxeler ass méiglecherweis eng Duechter vum ale westfäleschen Adelsgeschlecht vun Hanxleden (och Hunxler oder Hangelscke), bei deem an där Zäit och Verbindunge mat der Famill Nassau ze fanne sinn.
  33. Les Bouteillers de Senlis, seigneurie de Chantilly (op fr.wikipedia.org). Gekuckt de(n) 07.08.2020.
  34. Medinger, Eugen. (1931). Geschichte der Herrschaft Folkendingen. In: Luxemburger Wort v. 03.10.1931. Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  35. Armorial Loutsch, On-line-Versioun vum Daniel Erpelding: Nassau-Detzem.. Gekuckt de(n) 08.08.2020.
  36. 36,0 36,1 36,2 36,3 36,4 Toussaint-Everard, Anne-Marie (1999): Pfarrer Ningels, Erbauer der Koericher Kirche ; in: 250 Joer Käercher Kiirch 1747-1997 ; Lëtzebuerg, 1999; Ss. 117-128.
  37. Esch auf der Hurt am Areler Land
  38. Zu Aix-sur-Cloix gëtt et haut eng "rue Reifenberg" (mat engem 'f').
  39. Aus der Famill vun der Anna Beatrix vun Nassau hirem éischte Mann.
  40. Hei ass unzehuelen datt den Néidlengerhaff bei Gierleng gemengt ass, deen heiansdo och als « château de Noedelange » bezeechent gëtt. Dës Herrschaft geet wéinstens bis an d'Joer 1326 zeréck. Méi Informatiounen: https://fr.wikipedia.org/wiki/Noedelange
  41. D'Odilia-Therese d'Huart war virdru bestuet mam 1706 verstuerwenen Offizéier Charles Bertrand de Boudonville, Här vu La Grange bei Diddenuewen an Här vu Mamer.
  42. 42,0 42,1 42,2 Cf. Mersch, J. (1969, 195f.)
  43. De Grün (1999/2000) benotzt dat Verb, ouni datt méi genee beschriwwe gëtt wat domat gemengt ass: e Geeschtlechen dee sech ëm d'Schlasskapell virum Fockeschlass sollt këmmeren oder eng Persoun déi dra gewunnt huet?
  44. Déi follgend Ausféierunge sinn op Käerch bezunn, a kënnen ausdrécklech net alle Facettë vun dësem wichtege Personnage aus dem 18. Joerhonnert Rechnung droen.
  45. Käercher Schlassfrënn: Ein zweites Schloss in Koerich. (On-line) Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 07.08.2020.
  46. Vgl. Gengler (1915, 315)
  47. Hei bleift nach Verschiddenes am Onkloren: hat de vu Reiffenberg just de Besëtz opginn, huet awer vläicht nach mat enger Zort Widdem op d'Fockeschlass oder déi ganz Herrschaft verschidden herrschaftlech Privileegie behalen?
  48. Hei ass net kloer beim Grün (1999/2000) wien domat gemengt ass.
  49. Elo kann ee berechtegterweis d'Fro stellen, wat de Paschtouer Ningels nach vum vu Reiffenberg wollt, dee jo du schonn net méi Besëtzer vum Fockegutt war? Toussaint-Everard (1999) weist drop hin, datt den Ningeln an de Jore viru sengem Kierchebau beméit war Geld wat nach ausstoung anzedreiwen.
  50. 50,0 50,1 Langini, Alex (1999): Die Sankt Remigiuskirche in Koerich. Geschichte und Ausstattung; in: 250 Joer Käercher Kiirch 1747-1997 ; Lëtzebuerg, 1999; Ss. 17-109.
  51. Käerch op der Ferrariskaart vu 1777. Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  52. 52,0 52,1 250 Joer Käercher Kiirch 1747-1997; Lëtzebuerg, 1999; Ss. 100-101
  53. 53,0 53,1 Käercher Schlassfrënn (2018): Le château de Koerich. Dans: Demeures historiques & Jardins. N°198 (Juni 2018). Ss. 36-43. Archivéiert op 2020-09-04. Gekuckt de(n) 08.08.2020.
  54. Wann ee weess datt déi raimlech Unuerdnung vu Griewer an enger Kierch net ouni Bedeitung ass, an datt déi Plazen, déi am nooste vum Altor sinn, zanter fréichrëschtlechen Zäiten dem Adel virbehale waren, ass et intressant hei festzestellen datt nom Erëmfanne vun de Grafplacken am Ufank vum 20. Jh., d'Anna Beatrix vun Nassau eng aner Behandlung krut wéi d'Koppel vu Rollingen.
  55. Rezensioun vu Krantz/Quintus (1985) "Untersuchungen über die zwei Burgen zu Körich" an der Zäitschrëft Hémecht (Januar 1986). Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  56. Käercher Musek: vun 1903 bis haut. (On-line). Gekuckt de(n) 10.08.2020.
  57. Zur Erinnerung an das „Fockeschlass“. In: Luxemburger Wort. 31. Mai 2011 (on-line). Gekuckt de(n) 06.08.2020.