Fondation du Mérite Européen

Vu Wikipedia
Fichier:VisineFrançois.jpg
De François Visine, Grënner vun der Fondatioun

D'Fondatioun Mérite européen huet als Objet «d'entreprendre toutes activités susceptibles de contribuer à faciliter la prise de conscience européenne nécessaire à la réalisation progressive d'une Union européenne existentielle à vocation humaniste et à offrir le Mérite Européen, distinction spécifique et propre de l'Etablissement».

President vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun ass de Jacques Santer.[1]

De Mérite européen gouf vum François Visine gegrënnt. De Mérite besteet aus:

  • Engem Unerkenungs- an Dankbarkeetsdiplom
  • Engem Éierendiplom
  • Verschidde Medailen
    • Bronze Medail
    • Sëlwermedail
    • Goldmedail

D'Medail vum Mérite Européen weist op der viischter Säit d'geographesch Form vun Europa mat an der Mëtt de Jupiter als Stéier duergestallt deen Europa dréit, ëmgi vun den 12 Stäre vum Europäesche Fändel. Laanscht dem rietse Bord ass d'Ënnerschrëft vum Kënschtler André Barbier, deen d'Medail no den Instruktioune vum François Visine kreéiert huet.

Op der Récksäit steet uewen an engem Hallefkrees d'Devise: VOLONTE-CONNAISSANCE-ACTION an an der Mëtt: MERITE EUROPEEN / DECERNE, drënner ass eng fräi Plaz fir den Numm vun der Persoun anzedroen déi de Mérite kritt, a fir den Datum vun der Iwwerreechung dropzegravéieren.

D'Giélchen huet en Duerchmiesser vun 62 mm, ass 5 mm déck a weit 122 Gramm.

Et gëtt all Joer 2 Goldmedailen, 5 Sëlwermedailen a 7 bronze Medailen ausgedeelt.

De Verwaltungsrot vun der Fondatioun decidéiert wien eng Medail kritt.

Zanter dem 27. Abrëll 2009 steet d'Fondation du Mérite Européen zu Lëtzebuerg op der Lëscht vun den Organisatioune fir déi een als Donateur am Kader vum Steiergesetz, en Don an der Mooss, déi vun deem Gesetz virgesinn ass kann ofsetzen.[2]

Grand Collier[änneren | Quelltext änneren]

Collier[änneren | Quelltext änneren]

Soss Lëtzebuerger, déi de Mérite Européen kruten[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fondation du Mérite Européen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (dco), 2014."Médaille d'or" für Lord Norman Foster. Britischer Stararchitekt erhält höchste Auszeichnung der "Fondation du mérite européen". Luxemburger Wort vum 27. Mee 2014, S. 11.
  2. Arrêté grand-ducal du 27 avril 2009 désignant la fondation dénommée «Fondation du Mérite Européen» comme organisme pouvant recevoir des libéralités fiscalement déductibles dans le chef des donateurs.