Fonderie de Diekirch

Vu Wikipedia
E Kanaldeckel vun der Fonderie de Diekirch am Zentrum vun Dikrech.

D'Fonderie de Diekirch war eng Géisserei zu Dikrech déi vun 1863 bis ëm 1972 bestanen huet.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

D'Géisserei gouf 1863 vum Pierre-Joseph Vanderaiken (20.1.1822 Hollogne-sur-Geer - 4.10.1866 Dikrech) gegrënnt. Wéi 1866 de Grënner gestuerwen ass, huet seng Wittfra d'Firma un de François-Ernest Vannérus verkaf.

1907 huet de Viktor Schroeder (1866-1956), Dokter zu Dikrech a Mann vun der Marie Scholtes, der Duechter vum Jean-Pierre Scholtes-Vanderaiken, d'Géisserei kaaft, fir se am selwechte Joer dem Edouard Gemen-Meris vun Dikrech ze verpachten. Hien huet nieft der Géisserei eng Maschinnefabréck gefouert.

1917 huet den Edouard Gemen-Meris de Betrib opkaaft, de Kafkontrakt ass awer eréischt 1932 rechtsgëlteg ginn.

Vun 1949 bis am Joer wou de Betrib seng Dieren zou gemaach huet, war en am Besëtz vum Marcel a René Meris.

Source[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Websäit vun Industrie.lu (gelies de 26. August 2013).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]