Foussgängerbréck vu Gentingen

Vu Wikipedia
Foussgängerbréck vu Gentingen
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz Bëttel
Gentingen
Flosskilometer 5,160
Koordinaten 49° 53’ 57.3’’ N
      06° 14’ 07.1’’ O
Chronologie
Baujoer 1972
Funktioun
Benotzt als Spadséierwee
Féiert iwwer Our
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck am T
Längt tëscht Widderlager 42,00 m
Felder/Béi 3
Feldbreet(en) 18,00 - 18,50 - 5,50 m
Material Arméierte Bëtong
(virgespaant an T-Form)
Bemierkungen
Bauhär Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark


D'Foussgängerbréck vu Gentingen ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our. Si gouf 1972 am Kader vum Däitsch-Lëtzebuerger Naturpark gebaut, fir de Spadséiergänger op der Hallschent tëscht Ruet op der Our a Wallendorf eng Méiglechkeet ze gi fir iwwer d'Baach ze kommen. Se steet um Flosskilometer 5,160.

Tëscht de Widderlager huet d'Bréck eng Längt vun 42 Meter.

D'Nopeschbrécke sinn d'Ourbréck zu Wallendorf (flossof) an d'Bréck vu Bëttel (flossop).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]