Fräiheetsbréif

Vu Wikipedia

E Fräiheetsbréif ass en Dokument, mat deem, virun allem am feudalistesche Spéitmëttelalter, e kierchlechen oder weltleche Fürst enger Stadgemeng bestëmmt Privileegien (= Virrechter; Rechter, déi net jiddwereen hat oder krut) ginn huet.

Duerch de Fräiheetsbréif goufen d'Awunner vun enger Stad "fräi", dat heescht, si waren net méi, als "Hörige" oder als Leifeegen, vun engem weltlechen oder geeschtlechen Här ofhängeg.

D'Stad konnt hir eege Verwaltung, déi vun de Bierger gewielt gouf, an zum Deel hiert eegent Geriichtswiesen opbauen. Zeechen dovu waren dacks d'Uertsel (Geriichtskräiz) an de Stillchen. Zu de weidere Privileegien huet d'Méiglechkeet gehéiert, mam Accord vum Fürst Steieren an Douanestaxen opzehiewen, eege Moossen a Gewiichter ze hunn, an d'Recht, e Maart ofzehalen.

Fräiheetsbréiwer um a ronderëm den Territoire vum haitege Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Stad, déi de Fräiheetsbréif zu Lëtzebuerg krut, war Iechternach am Joer 1236. Duerno koum 1239 Diddenuewen drunn. 1244 krut d'Stad Lëtzebuerg de Fräiheetsbréif vun der Gräfin Ermesinde, an 1252 Gréiwemaacher vum Heinrich V. "de Blonden". Veianen krut säi Fräiheetsbréif réischt 1308 vum Grof Philipp II.[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.jengel.lu/2008/downloads/calendrier.pdf