Fräiheetsstatu
|
| |
| Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
|---|---|
| Gemeng | New York |
| Plaz | Frankräich |
| Koordinaten | 40°41'21,153"N, 74°2'39,931"W |
| Baustil | neoklassizistesch Architektur |
| Architekt(en) | Eugène Viollet-le-Duc |
| Sculpteur(en) | Frédéric-Auguste Bartholdi |
| Statut | Weltierwen |
| Datum vum Bau | 1886 |
|
| |
D'Fräiheetsstatu (en.: Statue of Liberty, offiziell Liberty Enlightening the World; fr.: La Liberté éclairant le monde) ass eng Kolossalstatu am neoklassizistesche Stil, déi vum Frédéric-Auguste Bartholdi geschaf gouf. Si steet op der Liberty Island am New Yorker Hafen, a war e Cadeau vu Frankräich un d'Vereenegt Staaten. Den 28. Oktober 1886 gouf se vum President Grover Cleveland ageweit. Zanter 1924 ass s'en Deel vum Statue of Liberty National Monument an zanter 1984 ass s'als Weltkulturierfschsaft vun der UNESCO klasséiert.
D'Statu representéiert déi réimesch Gëttin Libertas, deemno déi vun der Fräiheet. Si steet op engem massive Sockel an hält mat der rietser Hand eng vergëllt Fakel an d'Luucht. An der lénker Hand hält s'eng Tabula ansata mam Datum vun der amerikanescher Onofhängegkeetserklärung a réimeschen Zuelen. Virun hire Féiss läit eng zerbrache Ketten. D'Statu gëllt als Symbol vun der Fräiheet an ass ee vun de bekanntste Symboler vun de Vereenegte Staaten.
Vum Opbau hir ass et e stolent Gerüst, op deem zu enger Figur geformte Placken aus Koffer ubruecht sinn. Architekt war den Eugène Viollet-le-Duc, d'stole Struktur gouf vum Gustave Eiffel mat entworf. D'Monument mam Sockel huet eng Héicht vun 92,99 Meter, d'Statu selwer ass 46,05 Meter héich. Bis 1959 war si déi héchste Statu op der Welt.
De Bartholdi gouf vum franséische Jurist a Politiker Édouard René de Laboulaye inspiréiert, deen 1865 erkläert hat, dass all Monument, dat zu Éiere vun der amerikanescher Onofhängegkeet opgeriicht géif, e gemeinsame Projet vun de Vëlker vu Frankräich an de Vereenegte Staate misst sinn. Wéinst politeschen Tensiounen a Frankräich hunn d'Aarbechten un der Statu eréischt an de fréien 1870er Joren ugefaangen. De Laboulaye huet 1875 proposéiert, d'Fransouse sollten d'Statu selwer, an d'Amerikaner de Sockel finanzéieren an d'Bauplaz organiséieren. De Bartholdi huet de Kapp an den Aarm mat der Fakel fäerdeg gemaach, nach ier endgëlteg feststoung, wéi Statu genee sollt ausgesinn. Dës Deeler goufen dem Public op Ausstellunge presentéiert. Op amerikanescher Säit gouf et ufanks Krämpes, fir déi néideg Sue fir de Sockel zesummenzekréien. 1885 bestoung souguer d'Gefor, datt de Projet ganz gestoppt misst ginn. Doropshin huet den Editeur Joseph Pulitzer mat senger Zeitung New York World eng grouss ugeluecht Campagne lancéiert, fir Donen ze sammelen, sou datt de Projet virugoe konnt. D'Statu gouf um Enn a Frankräich aus virfabrizéierten Deeler provisoresch opgeriicht, dann nees an hir eenzel Stécker zerluecht an an op New York transportéiert, wou s'op enger Insel an der Mëndung vum Hudson River virun der Stad, déi dunn nach Bedloe’s Island genannt gouf, zesummegebaut gouf. Se gouf den 28. Oktober 1886, um Bartholdi-Day, vum US-Presidnet Grover Cleveland ageweit.
Bis 1901 war de United States Lighthouse Board zoustänneg fir hiren Ënnerhalt. Dono huet de Krichsministère déi Roll iwwerholl, an zanter 1933 ass den National Park Service dofir verantwortlech. 1938, an duerno, vun 1984 bis 1986, gouf se renovéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Statue of Liberty – Biller, Videoen oder Audiodateien |
