Fräikierch

Vu Wikipedia
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Allgemeng gesinn ass eng Fräikierch eng kierchlech Gemeinschaft, wou d'Membre nëmmen aus fräier Decisioun opgeholl ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An Europa sinn d'Fräikierchen duerch d'Ofsplécke vun de Staatskierchen entstanen.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

An England gëtt et zanter dem 17. Joerhonnert Presbyterianer, Kongregationalisten a Baptisten. Säit dem 18. Joerhonnert och Quäker a Methodisten.

An den USA sinn déi meescht Kierche Fräikierchen.

An Däitschland gëtt et de Bund Evangelisch-Freikirchlicher Gemeinden an de Bund freier evangelischer Gemeinden.

Fräikierchen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Mennoniten[änneren | Quelltext änneren]

Adventisten[änneren | Quelltext änneren]

De Versammlungssall vun den Adventisten ass zu Rolleng (Miersch), op Nummer 3 an der Belle-Vue Strooss. D'lëtzebuergesch Grupp vun den Adventiste vum siwenten Dag gehéiert zu der Vereenegung vun den adventistesche Kierche vun der Belsch a Lëtzebuerg (FBL).

Well d'Adventisten net de Sonndeg, mä de biblesche Sabbat als Feierdag vun der Woch huelen, koum et 1999 zu Lëtzebuerg zu Schoulproblemer. Bis 1993 hunn d'Kanner vun den Adventisten net bräichte samschdes an d'Schoul ze goen. Nodeem den Unterrechtministère dat wollt réckgängeg maachen, hunn zwou Famille geklot. Si sinn um Enn bei den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gaangen, a goufen ofgewisen.