Frédéric-Georges de Blochausen
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Frédéric-Georges de Blochausen | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
2. Juli 1802 Paräis |
| Gestuerwen |
1. Juni 1886 Contrexéville |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Kanzler, Diplomat, Politiker |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Famill | |
| Kanner | Félix de Blochausen |
|
| |
De Frédéric Georges Prosper de Blochausen (däitsch: Friedrich Georg Prosper von Blochausen), gebuer den 2. Juli 1802 zu Paräis, a gestuerwen den 1. Juni 1886 zu Contrexéville, war e lëtzebuergesche Politiker.
De Georges de Blochausen war de Jong vun der Anne Couturier a vum Joseph de Blochausen, Här vu Berg, Bitburg a La Rochette.
1827, zur Zäit vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden gouf hien an den Ierfadel opgeholl, mam Titel "Baron", deen un den eelste Bouf iwwerdroe konnt ginn. Hien huet sech 1832 zu Habay-la-Vieille mat der Victorine d'Anethan (1806-1869) bestuet. D'Koppel huet um Schlass Biertreng gewunnt; hir dräi Kanner Félix-Joseph, Auguste a Joséphine sinn do op d'Welt komm[1].
Hie gouf Member vun der Ritterschaft (?) vu Lëtzebuerg, Chambellain vum Wëllem I. a Staatskanzler vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.
Hie war tëscht 1842 an 1856 Deputéierten an der Chamber.[2]
Hie war och Chambellain vum Wëllem III. vun Holland.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grande croix de l'ordre GD de la Couronne de chêne
- Chevalier de l'Ordre du lion néerlandais
- Grande croix de l'Ordre de l'aigle rouge de Prusse
- Grand-officier de l'Ordre de Léopold (Belsch)[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Entry for Frédéric Gger Prosper de Blochausen, 1847.. Luxembourg Volkszählungen 1843-1900. www.familysearch.org (31.12.1847). Gekuckt den 13.10.2025.
- ↑ Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
- ↑ Faire-Part de décès du Baron Frédéric de Blochausen, juin 1886. encheres.lu (gekuckt: 13.10.2025). - Archivéiert.
