Frédéric Joliot-Curie
| Frédéric Joliot-Curie | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Jean Frédéric Joliot |
| Gebuer |
19. Mäerz 1900 16. Arrondissement |
| Gestuerwen |
14. August 1958 Paräis |
| Doudesursaach | Liewerkränkt |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | Faculté des sciences de Paris |
| Aktivitéit | Kärphysiker, Cheemiker, Professer, Politiker, Universitéitsprofesser, Physiker, franséische Resistenzler |
| Partei | PCF |
| Fonctioun | President, Dozent, Professer |
| Member vun | Royal Society, Akademie der Wissenschaften der DDR, Académie des sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Polnesch Akademie vun de Wëssenschaften, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Académie nationale de médecine, Rumänesch Akademie, Accademia Nazionale dei Lincei |
| Auszeechnungen | Commandeur vun der Légion d'honneur, Nobelpräis fir Chimie, Foreign Member of the Royal Society, Chevalier vun der Légion d'honneur, Officier vun der Légion d'honneur, Croix de guerre 1939 - 1945 |
| Famill | |
| Bestuet mat | Irène Joliot-Curie (9.10.1926–) |
|
| |
De Jean Frédéric Joliot-Curie, gebuer den 19. Mäerz 1900 zu Paräis als Jean Frédéric Joliot, an och do de 14. August 1958 gestuerwen, war e franséische Physiker.
Hien huet 1935 zesumme mat senger Fra Irène Joliot-Curie den Nobelpräis fir Chimie kritt, fir d'Entdeckung vun der kënschtlecher Radioaktivitéit.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]
De Joliot gouf zu Passy als jéngst vu sechs Kanner vun engem Geschäftsmann gebuer. Säi grousse Brudder Henri ass kuerz nom Ufank vum Éischte Weltkrich do gefall.
De Joliot ass vun 1908 bis 1917 an de Lycée Lakanal zu Sceaux bei Paräis gaangen, an dono op aner Schoulen. 1923 ass hien als physikaleschen Ingenieur promovéiert. No sengem Studium, 1925, gouf hien um Institut du Radium Assistent vun der Marie Curie (1867–1934). 1926 huet hie sech mat hirer Duechter Irène bestuet. Zesumme mat senger Fra krut hien 1935 de Chimienobelpräis fir d'Synthees vun engem Radionuklid, déi deenen zwéi kuerz virdrun duerch der Beschoss vun Aluminium mat Alphapartikele gelonge war. Ee Joer drop gouf de Joliot-Curie Fuerschungsdirekter bei der Caisse nationale des Sciences a Member vun der Ligue française des droits de l'Homme a vum Comité de vigilance des intellectuels antifascistes.[1]
1937 huet hien d'Institut du Radium verlooss nodeems en zum Professer um Collège de France ernannt gouf. Hien huet do ë. a. mam Hans von Halban a mam Lew Kowarski zesumme gefuerscht. No der däitscher Besatzung vu Frankräich 1940 ass hien an d'Résistance gaangen an huet seng Resultater iwwer d'Kärfissioun a Groussbritannie geschmuggelt. 1941 gouf hie President vum Front national de la résistance. Hie war och wärend der Besatzung Member vun der Franséischer Kommunistescher Partei.[2] Hie gouf 1943 an d'Académie des sciences gewielt. No der Befreiung vu Paräis huet hien den Alliéierten zu London Rapport iwwer däitsch Wëssenschaftler gemaach.
Nom Krich gouf de Joliot-Curie Directeur de recherche beim Centre national de la recherche scientifique (CNRS). 1946 gouf hien Haut commissaire fir Atomenergie am nei gegrënnte Commissariat à l’énergie atomique (CEA)[2] an huet 1948 de Bau vum éischte franséischen Atomreakter ZOÉ dirigéiert. 1950 huet hien dës Positioun nees missen opginn, well en, zesumme mat senger Ekipp, refuséiert huet, um Bau vun enger franséischer Atombomm matzeschaffen.
Vun 1950 u war hie President vum Conseil mondial de la Paix a gouf Membre correspondant vun der Deutschen Akademie der Wissenschaften zu Berlin.[3] 1950 huet déi sowjetesch Regierung hie mam Stalinpräis fir Fridden ausgezeechent, an d'Maria-Curie-Skłodowska-Universitéit zu Lublin huet hien zum Éierendokter ernannt.[4] Nom Doud vu senger Fra 1956 huet hien hir Professur op der Sorbonne iwwerholl an huet sech an den zwee leschte Jore vu sengem Liewen haaptsächlech ëm den Opbau vum Institut fir Nuklearphysik zu Orsay bekëmmert.
De Frédéric Joliot-Curie ass am August 1958 am Hôpital Saint-Antoine gestuerwen. Seng Kanner Pierre Joliot an Hélène Langevin-Joliot hunn och naturwëssenschaftlech Karriären ageschloen.
1961 gouf de Moundkrater Joliot no him genannt. De Joliot-Curie war Member vun enger ganzer Rëtsch vun Akademien a wëssenschaftleche Gesellschaften am In- an Ausland, Éierendokter vun diversen Universitéiten a Laureat vun héije franséischen an auslänneschen Distinctiounen. Fir säin Asaz an der Resistenz gouf hien zum Kommandant vun der Légion d'honneur ernannt.[1]
No him sinn och eng ganz Rëtsch Plazen, Stroossen a Schoulen doruechter genannt, dorënner och d'Rue Frédéric Joliot-Curie zu Esch-Uelzecht[5].
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Michel Pinault: Frédéric Joliot-Curie. Paris: Odile Jacob 2000
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Frédéric Joliot-Curie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Kuerzbiografie an: Frédéric Joliot-Curie. Wissenschaft und Verantwortung. Ausgewählte Schriften. VEB Deutscher Verlag der Wissenschaften, Berlin 1962, S. 12 ff.
- 1 2 Jean-Christophe Buisson: 1945. Éditions Perrin, Paris 2024. ISBN 978-2-262-10332-3.
- ↑ Werner Hartkopf: Die Berliner Akademie der Wissenschaften. Ihre Mitglieder und Preisträger 1700–1990. Akademie-Verlag, Berlin 1992, ISBN 978-3-05-002153-9
- ↑ Doktorzy honorowi UMCS Lublin.
- ↑ L-4056.
Quell: Iwwersat (a liicht gekierzt) vun de:Frédéric Joliot-Curie an der Versioun vum 19.08.2025.
