Amis du Prieuré d'Useldange
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Frënn vum Useldinger Priorat)
| Amis du Prieuré d'Useldange | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Grënnungsdatum | 2020 |
| Sëtz | Iewerleng |
| 2A, Rue Principale | |
| RCS | F12926 |
| Websäit | https://amisduprieure-useldange.lu/ |
|
| |
D'Frënn vum Useldinger Priorat ((fr): Les amis du prieuré d'Useldange) ass eng lëtzebuergesch Vereenegung ouni Gewënnzweck, déi sech zum Zil gesat huet, sech fir d'Bauierwen an der Gemeng Useldeng anzesetzen a besonnesch fir d'Erhalen an d'Erfuersche vum ale Benediktinerpriorat aus dem 12. Joerhonnert. Donieft bekëmmert sech d'Vereenegung awer och ëm d'Opschaffe vun der räicher Geschicht vun der Gemeng Useldeng an hiren Archiven.
Si gouf de 15. Juli 2020 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Iewerleng.
D'Vereenegung ass Member bei der Lëtzebuerger Denkmalschutzfederatioun.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Amis du prieure.lu (fr)
