Fra Mauro (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Fra Mauro
De Fra Mauro, Landeplaz vun Apollo 14.
Koordinaten 6°3'36"S, 16°58'12"W
Duerchmiesser 95 km
Déift onbekannt
Selenographesch Längt 17° bei Sonnenopgank
Genannt no Fra Mauro
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ19


De Fra Mauro ass en Impaktkrater um Äerdmound mat engem Duerchmiesser vu 95 km. E läit am Zentrum vun der Fra Mauro Formatioun, nordëstlech vum Mare Cognitum a südëstlech vum Mare Insularum. De südleche Rand deelt sech de Fra Mauro-Krater mat de méi jonke Moundkratere Bonpland a Parry, wouduerch d'südlech Kratermauer an de Fra Mauro-Krater eragebéit ass.

De Kraterrand gouf duerch spéider Meteorittenaschléi staark opgerappt mat grousse Lächer no Norden an Osten. Déi héchst Hiwwele vum Kraterrampli hunn 700 m.

De Kraterbuedem ass mat basaltescher Lava bedeckt. D'Uewerfläch vum Buedem ass vu Grief duerchzunn déi vun Noden no Süde lafen. De Krater huet keen Zentralbierg.

Apollomissiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Fra Mauro war ursprénglech als Landeplaz fir d'Apollo 13-Missioun virgesinn, déi awer schifgaange war. D'Landegebitt am nërdlechen Deel vum Fra Mauro gouf du fir d'Apollo 14 gebraucht. Wärend der Missioun goufen do Breccien agesammelt, déi beim Imbrium-Impakt op Deeler vum Fra Mauro-Krater ofgelagert goufen. Déi Decken déi zum Deel aus graffe Brochstécker besteet gëtt och als „Fra Mauro Formatioun“ bezeechent.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

De Fra Mauro-Krater gouf nom venezianesche Pater a Kartograph Fra Mauro genannt.

De Fra Mauro an Ëmgéigend (LROC-WAC).
Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 5,51° S, 21,02° W7 9 km [1]
B 4,05° S, 21,75° W7 7 km [2]
C 5,47° S, 21,74° W7 6 km [3]
D 4,84° S, 17,66° W7 4 km [4]
E 6,02° S, 16,87° W7 3 km [5]
F 6,75° S, 17,01° W7 3 km [6]
G 2,23° S, 16,38° W7 6 km [7]
H 4,17° S, 15,62° W7 6 km [8]
J 2,63° S, 18,69° W7 3 km [9]
K 2,55° S, 16,84° W7 6 km [10]
N 5,37° S, 17,5° W7 3 km [11]
P 5,47° S, 16,59° W7 3 km [12]
R 2,28° S, 15,64° W7 4 km [13]
T 2,07° S, 19,46° W7 3 km [14]
W 1,34° S, 16,87° W7 4 km [15]
X 4,47° S, 17,34° W7 20 km [16]
Y 4,13° S, 16,79° W7 3 km [17]
Z 3,8° S, 14,7° W7 5 km [18]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]