Op den Inhalt sprangen

François Bayrou

Vu Wikipedia
François Bayrou
Gebuer 25. Mee 1951
Bordères
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Université Michel de Montaigne Bordeaux III
Aktivitéit Politiker, Professer
Famill
Kanner Agnès Bayrou

De François Bayrou, gebuer de 25. Mee 1951 zu Bordères am Departement Basses-Pyrénées (haut Pyrénées-Atlantiques), ass e franséische Politiker an Auteur. Hien ass zanter dem 13. Dezember 2024 Premierminister vu Frankräich.

De Bayroux ass Professer fir Algriichesch a Latäin. 1979 war hien eng éischt kéier Conseiller vu politesche Perséinlechkeeten. Hie war vun 1986 bis 2012 Deputéierte vun de Pyrénées-Atlantiques, vun 1992 bis 2001 President vum Conseil général vun deem Departement, vun 1999 bis 2002 Deputéierten am Europäesche Parlament a vun 2014 bis 2024 Buergermeeschter vu Pau.

Tëschent 1993 an 1997 war hien an 3 Riets-Regierungen (Balladur, Juppé I a Juppé II) Erzéiungsminister. Ausserdeem war hie Presidnet vun e puer zentristesche politesche Gruppéierungen: dem Centre des démocrates sociaux (CDS) vun 1994 bis 1995, Force démocrate (FD) vun 1995 bis 1998, der Union pour la démocratie française (UDF) vun 1998 bis 2007 an dem Mouvement démocrate (MoDem) zanter 2007. Hie war dräimol Spëtzekandidat bei de Presidentschaftswalen.

2017 huet hien den Emmanuel Macron bei de Présidentiellen ënnerstëtzt, a gouf dono, fir ee Mount, Justizminister an der Regierung Philippe. 2020 huet de Macron hien zum Haut-commissaire au plan ernannt.

Den 13. Dezember 2024 huet de President Macron hien als Nofollger vum Michel Barnier zum Premierminister ernannt.

Commons: François Bayrou – Biller, Videoen oder Audiodateien