François Boch
Ausgesinn
| François Boch | |
|---|---|
| Gebuer | 1700 |
| Gestuerwen | 1754 |
| Aktivitéit | Handwierker, Geschäftsmann |
|
| |
De François Boch[1],[2], gebuer 1700, a gestuerwen 1754, war en industrielle Pionéier. Hien huet zu Lëtzebuerg d'Faïence-Industrie opgebaut.
Hie war am Ufank Eisegéisser a Waffeschmadd an huet ënner anerem Kanounekugele gegoss. 1748 huet en zu Däitsch-Oth eng Parzeläinsmanufaktur zesumme mat senge Bridder opgeriicht mam Numm "Jean-François Boch et Frères", aus där spéider Villeroy & Boch entstanen ass.
De François Boch war mat der Jeanne Françoise Barbe Pierre bestuet, déi 1746 gestuerwen ass.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Famill Boch
- Jean Boch-Buschmann, no deem d'rue Jean-François-Boch genannt gouf
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Genealogie vun der Famill Boch Archivéiert den 29.07.2010. Gekuckt den 29.08.2009.
- ↑ Websäit vun der Faiencerie
