François Erpelding (Archeolog)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Amateur-Archeolog François Erpelding. Fir den Eisebunner a Politiker mam selwechten Numm, kuckt wgl. François Erpelding (Eisebunner). |
| François Erpelding | |
|---|---|
| Gebuer |
6. Mäerz 1890 Nidderkuer |
| Gestuerwen |
25. Oktober 1974 Nidderkuer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Aarbechter, Amateurarcheolog |
| Member vun | Déifferdanger Geschichtsfrënn, Section historique vum Institut grand-ducal |
|
| |
De François ("Franz", genannt Pilla) Erpelding, gebuer de 6. Mäerz 1890 zu Nidderkuer, an do gestuerwen de 25. Oktober 1974[1], war e lëtzebuergeschen Aarbechter an Amateur-Archeolog.
De Franz Erpelding huet mat 13 Joer ugefaange mat schaffen. Tëscht 1903 an 1918 huet hien ë. a. an de Minièrë vu Lamadelaine geschafft, a vun 1918 bis zu senger Pensioun, 1953, op der Schmelz vun der HADIR zu Déifferdeng.[2]
Als autodidakteschen Amateur-Archeolog huet hie säi Liewe laang den Tëtelbierg erfuerscht. Hie war President vun den Déifferdenger Geschichtsfrënn. Vun 1962 u war hie „membre correspondant” vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal.
D'Kichegeschier, Vasen, Kréi, Amphoren, Urnen, a Skulpturen, souwéi och 190 gallesch respektiv gallo-réimesch an 283 réimesch Mënzen, déi en dobäi fonnt huet, huet hien an engem Privatmusée ausgestallt.[3] 1965 huet hie seng archeologesch Sammlung dem Staatsmusée geschenkt.
De Franz Erpelding war och 1906 Grënnungsmember, aktiven Turner, Comitésmember, Trésorier a Vizepresident vum Turnveräin Liberté. 1953 krut hien d'Medail vum Mérite sportif.[2]
Hie gouf zu Nidderkuer begruewen an an där Uertschaft gouf, fir un hien z'erënneren, Op Bréimeschläd eng Strooss no him genannt. D'Rue Franz Erpelding huet de Postcode 4553.[4].
De Franz Erpelding war de Papp vum René Erpelding, de 5. Mäerz 1925 zu Nidderkuer gebuer[5] an de 25. Oktober 1992 zu Déifferdeng gestuerwen, Member vum Déifferdenger Gemengerot vun 1969 bis 1990 a Schäffe vun 1979 bis 1990, Member vun der LSAP.[6]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Reding, Lucien, 1968. Les monnaies gauloises de la collection de M. Franz Erpelding de Niedercorn. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, vol. 84 (1968), S. 167-182.
- Weiller, Raymond, 1968. Les monnaies romaines et gallo-romaines de la collection de M. Franz Erpelding de Niedercorn. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, vol. 84 (1968), S. 183-202.
- Weiller, Raymond, 1976. Numismates au pays de Luxembourg. Hémecht 28 (1976) (4): 459-490 (Franz Erpelding: S. 476).
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Avis de décès 8 Page 12. Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 245, p. 12. (26.10.1974). Gekuckt den 01.10.2025.
- 1 2 "Franz Erpelding aus Niederkorn zur Erinnerung." In: Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 294 (24.12.1974), p. 10 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
- ↑ T.K.: "Der Titelberg, das luxemburgische Pompeji." In: Escher Tageblatt, 1941. Jg., nº 97 (26.04.1941), p. 14 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
- ↑ Lokalisatioun um Geoportal
- ↑ Fédération des enrôlés de force
- ↑ Logelin-Simon, Armand, 2018. Il y a plusieurs fois 25 ans. Galerie 35 (2017), N° 4, S. 634.
