François Erpelding (Eisebunner)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Eisebunner a Politiker François Erpelding. Fir den Archeolog mam selwechten Numm, kuckt wgl. François Erpelding (Archeolog).
François Erpelding
Gebuer 22. Oktober 1879
Holzem
Gestuerwen 2. Februar 1961
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Eisebunner, Politiker
Famill
Bestuet mat Félicie Erpelding-Schlesser

De François Erpelding, gebuer den 22. Oktober 1879 zu Holzem[1] a gestuerwen den 2. Februar 1961 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Eisebunner a Politiker (Aarbechterpartei).

Hie gouf bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 als Deputéierten am Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt a bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 zeréckgewielt. Bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 gouf hien als éischtgewielten aus dem Walbezierk Norden erëmgewielt. Bei de Partielle Chamberwale vum 7. Juni 1931 gouf hien als Deputéierten am Walbezierk Norden an d'Chamber rëmgewielt, geneesou wéi bei de Partielle Chamberwale vum 6. Juni 1937.

Am November 1944 bei der interner Epuratioun vun der Aarbechterpartei gouf him geroden net méi an der Chamber matzeschaffen a sech aus der Politik zeréckzezéien. Et gouf awer ni eng juristesch Prozedur géint hien an d'Weeër geleet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bodry, A. & Fayot, B., 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016): dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. La mémoire socialiste, Luxembourg, 329 S. [François Erpelding, S. 71] ISBN 978-2-919908-11-0.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De François Erpelding op www.deltgen.com