François Guizot

Vu Wikipedia
François Guizot
Gebuer 4. Oktober 1787
Nîmes
Gestuerwen 12. September 1874
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Genf
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Historiker, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Literaturkritiker
Partei Orléanisten
Member vun Académie française, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, American Academy of Arts and Sciences, Académie des sciences morales et politiques, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Accademia delle Scienze di Torino
Famill
Bestuet mat Pauline de Meulan
Kanner Pauline de Witt, Guillaume Guizot, Henriette Guizot de Witt

De François, Pierre, Guillaume Guizot, gebuer de 4. Oktober 1787 zu Nîmes am Languedoc a gestuerwen an der fréierer Abtei Val-Richer zu Saint-Ouen-le-Pin am Calvados, den 12. Oktober 1874, war e franséischen Universitéitsprofesser op der Sorbonne, Historiker, Staatsmann an Auteur.

Famill, Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De François Guizot koum an engem protestantesche Milieu op d'Welt. Säi Papp, en Affekot, dee sécher net géint d'Revolutioun vu 1789 war, war awer federalistesch an domat géint déi zentralistesch Jakobiner, respektiv Montagnards, déi alles vu Paräis aus wollte leeden. 1794 gouf hien dofir verhaft, verurteelt a guillotinéiert. Seng Wittfra ass du mat hirem klenge Bouf op Genf geflücht, wou hien eng streng kalvinistesch Erzéiung krut.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

1805 fanne mer de François Guizot zu Paräis erëm, wou en duerch seng éischt geléiert Schrëften opfält an d'Oppositiounsmilieue frequentéiert. Duerch d'Protektioun vum Schrëftsteller a Politiker Louis de Fontanes, deen deemools Member a souguer President vum Corps législatif war, konnt de François Guizot schonn 1812 nawell eng Professur fir modern Geschicht op der Sorbonne kréien.

Wéi 1814 den Napoléon I. ofgedankt huet, huet de François Guizot d'Restauratioun vun der Monarchie ënner dem Louis XVIII. vu Frankräich mat Sympathie opgeholl. Hie gouf Generalsekretär vum Innenministère, a wéi den Napoléon vun der Insel Elba rëmkoum, ass hie mam Kinnek op Gent an den Exil gaangen. No der Episod vun de Cent-Jours huet de Fr. Guizot 1815 nees wichteg Funktiounen am Innenministère an och am Justizministère bekleet, mä wéi d'Ultra-Royalisten d'Regierung Decazes am Februar 1820 gestierzt hunn, ass de Fr. Guizot zeréck op d'Sorbonn dozéiere gaangen. Schonn zanter 1816 huet de Fr. Guizot sech a senge Publikatiounen als Denkmeeschter vun de sougenannten Doctrinaires ervirgedoen: hie war fir eng konstitutionell Monarchie, wollt d'Fräiheeten, déi duerch d'Revolutioun Wierklechkeet gi waren, mam Respekt virun der Uerdnung a virun der franséischer Traditioun ënnert een Hutt bréngen, mä säi Liberalismus war elitistesch, well no him sollt nëmmen dat bemëttelt a politesch-philosophesch opgeklärt Biergertum un der Ausübung vun der Muecht bedeelegt ginn.

1822 ass de Fr. Guizot, no schrëftlechen Attaquen op d'Regierung Villèle, fir eng Zäitchen als Professer op der Sorbonne suspendéiert ginn. Hien huet déi Paus sënnvoll benotzt an huet grouss historesch, awer gläichzäiteg och politesch, Publikatiounen erausginn. Mat Artikelen an der Zäitschrëft Globe an als President vun der liberaler Associatioun Aide-toi, le ciel t'aidera huet hie sech op eng politesch Carrière virbereet.

Am Januar 1830 ass de Fr. Guizot als Deputéierte vu Lisieux am Calvados gewielt ginn. Hien huet dunn eng aktiv Roll an der Oppositioun géint d'Regierung Polignac gespillt, déi schliisslech d'Revolutioun vun 1830 verursaacht huet. Mëttlerweil hat de Fr. Guizot sech enttäuscht vun de Bourbonen ofgewannt a sech dem Herzog Louis-Philippe d'Orléans, deen der Bourgeoisie méi frëndlech gesënnt war, zougedréint.

1830 gouf de Fr. Guizot vum neien Herrscher Louis-Philippe I., dee mat "Kinnek vun de Fransouse" betitelt gouf, zum Inneminister genannt. Vun 1832 bis 1837 war de Fr. Guizot dann ouni Ënnerbriechung Minister vum Ëffentlechen Unterricht (Instruction publique), ee Beräich an deem hie vill geleescht huet: hien huet de Primärunterricht duerch d'Gesetz vun 1833 gegrënnt, huet eng Commissioun fir historesch a wëssenschaftlech Fuerschungsaarbechten an d'Liewe geruff, huet ugefaangen dofir ze suergen, datt d'historesch Monumenter offiziell geschützt géife ginn, huet d'Société de l'histoire de France gegrënnt an d'Académie des sciences morales et politiques restauréiert oder nei opgestallt.

1840 gouf de Fr. Guizot als Ambassadeur vu Frankräich op London geschéckt, mä de Louis-Philippe I. huet en no puer Méint schonn nees op Paräis geruff an do zum Ausseminister genannt. Säi Virgänger, den Adolphe Thiers, hat eng zimmlech abenteuerlech Politik un den Dag geluecht, an et war bal, wéinst der Politik géintiwwer dem Osmanesche Räich (Question d'Orient), zum Krich mat Groussbritannie komm. De Fr. Guizot konnt awer net nëmmen de Fridde retten, mä hien huet och nach, no an no, eng éischt Form vun Entente cordiale mat de Britten an d'Wee geleet. D'Kinnigin Victoria huet 1843 de Kinnek vun de Fransousen a sengem Schlass zu Eu an der Normandie besicht; an 1835 ass de Louis-Philippe I. zu Windsor empfaange ginn. Dës Politik ass awer net ganz gutt bei de Fransousen ukomm, well de Kinnek an de Fr. Guizot hunn de Britten an der Kolonialpolitik, respektiv an der maritimer Politik, vill Zougeständnesser gemaach, déi der Bevëlkerung ze wäit gaange sinn. Sou gouf et direkt net vill aus enger richteger Allianz.

Vun 1842 bis 1848 war de Fr. Guizot den effektive Regierungschef vu Frankräich, och wann de Feldmarschall Soult nach bis 1847 nominell Ministerpresident war. Innenpolitesch huet de Fr. Guizot eng strikt konservativ Linn verfollegt. Hie wollt "erhalen an andämmen", sou datt d'Wirtschaftsbourgeoisie weiderhin den Toun uginn huet an dofir suerge konnt, datt d'Ekonomie ëmmer méi gewuess ass. Hien huet stänneg eng Positioun an der Mëtt tëschent der legitimistescher Reaktioun (= d'Unhängerschaft vun de Bourbonen) an de Republikaner ugestrieft. Allerdéngs ass de reellen ekonomeschen Opschwong (industriell Revolutioun, Entwécklung vum Banken- a Kreditwiesen, Schafung vun den éischten Eisebunnslinnen...) vun enger Verschlëmmerung vum Lous vun den Aarbechter begleet ginn. D'Oppositioun, déi fonnt huet, datt de Fr. Guizot am Fong bal nëmmen d'Intresse vun der Bourgeoisie verdeedege géif, huet eng Reform vum Walgesetz an deem Sënn verlaangt, datt den Zensus (= erfuerderte Steiersaz, fir wielen ze däerfen) erofgesat sollt ginn, soudatt d'Wielerschaft erweidert kéint ginn. De Fr. Guizot war awer iwwerzeegt, datt seng Usiichten déi richteg wieren, an hien huet net noginn. Well d'Versammlungsrecht fir politesch Manifestatiounen ageschränkt gi war, koum et am ganze Land zu enger Campagne vun ongeféier siwwenzeg reformistesch Banquets (1847/48), a schliisslech ass d'Monarchie an ee Koup gefall: wéi de Fr. Guizot am Februar 1848 endlech bereet war, ze demissionéieren, war et ze spéit. D'Monarchie ass gestierzt ginn, d'Republik ass ausgeruff ginn, an de Fr. Guizot ass an den Exil gaangen, d'éischt an d'Belsch an dunn an England. 1849 ass en a Frankräich zeréckkomm, huet sech awer definitiv vun der Politik wechgehal. Hien huet säi Liewensowend mat historesch-literaresche Publikatioune gefëllt, huet seng Mémoire geschriwwen an huet aktiv un den Aarbechte vun den Akademien deelgeholl, an denen hie Member war: d'Académie française (zanter 1836), d'Académie des sciences morales an d'Académie des inscriptions.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Du gouvernement représentatif et de l'état actuel de la France; Paräis (Maradan), 1816.
  • Des moyens de gouvernement et d'opposition dans l'état actuel de la France; Paräis (Ladvocat), 1821.
  • Essais sur l'histoire de France; Paräis (Béchet), 1823.
  • Cours d'histoire moderne. Histoire générale de la civilisation en Europe depuis la chute de l'Empire romain jusqu'à la Révolution française [1]. Histoire de la civilisation en France depuis la chute de l'Empire romain; 6 Bänn; Paräis (Pichon & Didier), 1829-1832.
  • Histoire de la Révolution d'Angleterre depuis l'avènement de Charles Ier jusqu'à la restauration de Charles II; 2 Bänn; Paräis (Leroux & Chantepie), 1826-1827.
  • Monk, chute de la République et rétablissement de la monarchie en Angleterre en 1660; Paräis (Didier), 1851.
  • Histoire de la République d'Angleterre et de Cromwell; (= 2. Deel vun der 'Histoire de la Révolution d'Angleterre'); 2 Bänn; Paräis (Didier), 1854.
  • Histoire du protectorat de Richard Cromwell et du rétablissement des Stuart; (= 3. Deel vun der 'Histoire de la Révolution d'Angleterre'); 2 Bänn; Paräis (Didier), 1856.
  • Histoire de la Révolution d'Angleterre; modern Rééditioun vum Laurent Theis, an engem Band; Paräis (Robert Laffont; collection 'Bouquins'), 1997.
  • Mémoires pour servir à l'histoire de mon temps; 1858-1868.
  • Histoire parlementaire de France. Recueil complet des discours prononcés dans les Chambres de 1819 à 1948, précédée d'une introduction: Trois générations, 1789-1814-1848; 5 Bänn; Paräis (M. Lévy), 1863.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Laurent Theis, François Guizot; Paräis (Fayard), 2008. ISBN 978-2-213-63653-5
  • Jean-Pierre Franck, François Guizots politische Anschauungen; Thees (am Kader vum lëtzebuergesche Stage), 1921; 3 + 102 Säiten. Onverëffentlecht.