François Heldenstein (1820-1907)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Apdikter François Heldenstein. Fir Persoune mam selwechten Numm, kuckt w.e.g. François Heldenstein.

De François (Ignace David) Heldenstein (Franz Heldenstein), gebuer den 1. Februar 1820 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 2. Juni 1907, war e lëtzebuergeschen Apdikter, Zeechner a Moler.[1][2]

Den Apdikter[änneren | Quelltext änneren]

Laut dem Alfred Nimax [3] an dem Jules Mersch[4] huet de Franz Heldenstein no engem Stage vun e puer Joer an enger Apdikt zu Mayen (Äifel) an de Joren 1842 an 1843 zu Berlin an enger Spezialschoul studéiert.

1843 figuréiert hien ënner de Membere vun der Sängertafel als aide-pharmacien.[1] Hie war net nëmmen un der Musek, mä och an der Molerei interesséiert. Säi Léiermeeschter war de Jean-Baptiste Fresez, dee mat senger klenger Kusinn bestuet war a mat deem hien Touren duerch d'Äifel an op d'Musel an de Rhäin gemaach huet.[4]

Den 9. Oktober 1847 krut hie seng Nominatioun als Apdikter zu Lëtzebuerg.[1] 1848 huet hien dem Maximilian Joseph Henri Kons seng Apdikt zu Gréiwemaacher iwwerholl, déi hien awer schonn 1859 un den Anton Joachim verkaf huet. Den 1. Januar 1860 huet hien d'Mörserapdikt vum François Dargent an der Groussgaass an der Stad iwwerholl, déi hien 1890 un de Jules Prussen verkaf huet, deen d'Apdikt dann 1891 an de Garer Quartier verluecht huet.[5]

Während dem Franséisch-Preisesche Krich vun 1870 - 1871 war de Franz Heldenstein dem Opruff vum Lëtzebuerger Comité de secours nokomm an huet zesumme mat sechs lëtzebuergeschen Doktoren an anere Volontären un der Expeditioun deelgeholl, déi de 7. August 1870 op Saarbrécken gefuer ass, fir do blesséiert däitsch a franséisch Zaldoten ze flegen.[6]

De Kënschtler[änneren | Quelltext änneren]

De Franz Heldenstein war Grënnungsmember vum Cercle artistique de Luxembourg an deem säi President vun 1893 bis 1899. Hien huet virun allem Theaterdécore gemoolt, awer och Portraiten a Blummen.[7] Musikalesch begaabt wéi hie war, huet hien och am Theaterorchester matgespillt.[8]

1883 hat de Kinnek-Groussherzog Wëllem III. him den Optrag ginn, eng Serie vun zéng Fusainszeechnunge vu lëtzebuergesche Buergen am Groussformat (2 Meter héich!) ze molen. Dës Biller koumen d'éischt an d'Schlass Bierg, spéider dann op Het Loo an Holland.[9] Bei hirem Staatsbesuch an Holland am Joer 1968 kruten de Groussherzog Jean an d'Groussherzogin Joséphine d'Biller als Cadeau iwwerreecht a si sinn erëm zréck an d'Schlass Bierg komm.[10]

Am Oktober 1907, ronn véier Méint nom Doud vum Franz Heldenstein, war am Festsall vun der Stater Märei eng grouss Retrospektiv mat 86 Wierker vum Kënschtler a mat engem Katalog mat enger biographescher Notiz, deen de Professer Eugène Wolff opgestallt hat.[11]

De Franz Heldenstein war de Fils vum Stater Apdikter a Buergermeeschter Jean-Pierre David Heldenstein an den Enkel vum Iechternacher Apdikter François Heldenstein (1749-1824).

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Zettinger, L. & Mersch, J., 1952. La famille Heldenstein. Biographie nationale du pays de Luxembourg, fasc. 4, S. 479-539 (Franz Heldenstein: S. 517-539). [5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, S. 691-692.
  2. Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, S. 60.
  3. Nimax, A., 1939. Pharmaciens du passé. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, mai 1939, S. 12s.]]
  4. 4,0 4,1 Zettinger & Mersch 1952, S. 517.
  5. Toelle, A., 1920. Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Großherzogtum Luxemburg. Luxemburg, V. Buck, S. 12s.
  6. Calmes, C., 1970. Le Luxembourg dans la guerre de 1870. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, S. 116.
  7. Bour, R., 2000. Portraits: Wer ist wer in Luxemburg? Luxembourg, Impr. Saint-Paul, S. 94.
    Hausemer, G., 2006). Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Editions Binsfeld, Luxembourg, S. 168s.
    Kuckt och:
    Salon 1974. Rétrospective et art contemporain. Cercle Artistique de Luxembourg. Impr. St-Paul, Luxembourg, 1974, 40 S. (notices biographiques sur 39 membres défunts du Cercle artistique).
    Anonym, 1997. Personnagen: Franz Heldenstein. Lëtzebuerger Journal 1997 (1./2. Februar), S. 11.
  8. Namhafte Apotheker : aus dem Leben und Wirken einheimischer Pharmazeuten. In: Das Luxemburger Wort zum Sonntag, 1. Jg., Nr. 4 (26. April 1941), S. 4 (Beilage zu: Luxemburger Wort 1941, Nr. 115/116 (26. April). [1]
  9. Anonym, 1925. Franz Heldenstein. Luxemburger illustrierte 1925, Nr. 1 (1. Jan.): 4-5. [2]
  10. Modert, M., 2007. Franz Heldenstein : hommage à un fondateur. In: Cercle artistique de Luxembourg : Salon 2007. Luxembourg, Impr. Centrale, n.p. [3]
  11. Heldenstein-Ausstellung. Luxemburger Wort 1907, Nr. 287 (14. Oktober), S. 2. [4]
    Kuck: Notice biographique [sur Franz Heldenstein] dans le Catalogue de l'Exposition Heldenstein, 1907 (zitéiert bei: Zettinger & Mersch 1952, S. 539).
    Kuckt och d'biographesch Notiz iwwer de F. Heldenstein, déi de Georges Schmitt 1949 verfaasst huet: G. Schmitt: Avertissement. In: Cent ans de peinture luxembourgeoise, 1800-1900 : Exposition du 3 au 18 juillet 1949, Musée de l'État Luxembourg. Luxembourg : Musée de l'État Luxembourg, 1949, 23 S.
  12. Lëscht vun de Leit déi 1894 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen