François Hollande

Vu Wikipedia
François Hollande
Gebuertsnumm François Gérard Georges Nicolas Hollande
Gebuer 12. August 1954
Rouen
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit Panthéon-Assas,
Institut d'études politiques de Paris,
HEC Paris,
École nationale d'administration
Aktivitéit Staatsmann
Partei Parti socialiste
Famill
Bestuet mat Julie Gayet
Liewenspartner(in) Ségolène Royal, Julie Gayet
Papp Georges Hollande
Mamm Nicole Tribert
Kanner Julien Hollande, Flora Hollande, Thomas Hollande, Clémence Hollande

De François Gérard Georges Nicolas Hollande, gebuer den 12. August 1954 zu Rouen, ass e franséische Politiker.

De 6. Mee 2012 gouf hien zum President vun der Republik gewielt.

Hie war vun 1997 bis 2008 Éischte Sekretär vun der franséischer Sozialistescher Partei (PS). Hie war och vun 1988 bis 1993 an dann nees zanter 1997 Deputéierten an der Assemblée nationale fir de Walbezierk Corrèze. Vun 2001 bis 2008 war hie Buergermeeschter vun Tulle a vum 20. Mäerz 2008 bis den 11. Mee 2012 President vum Conseil général de la Corrèze.

Bei de Presidentschaftswalen 2012 war hien de Kandidat vu senger Partei a gouf de 6. Mee 2012 mat 51,63 % vun de Stëmmen am zweeten Tour géint den amtéierende President Nicolas Sarkozy gewielt. Hie gouf domat de 24. President vun der franséischer Republik an de 7. President vun der Fënnefter Republik.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

De François Hollande war 30 Joer onbestuet mat der Ségolène Royal, der sozialistescher Presidentschaftskandidatin vun 2007, zesummen, mat där e 4 Kanner huet. Hie war vun ~2005 bis Ufank 2014 an enger Relatioun mat der Journalistin Valérie Trierweiler. Zanter 2014 ass hie mat der Actrice a Produzentin Julie Gayet liéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Francis Brochet, Et François Hollande enterra le socialisme; Paräis (l'Archipel), 2015.
  • Carl Meeus, François Hollande, le président du temps perdu; Paräis (Stock), 2016.
  • Gérard Davet & Fabrice Lhomme, "Un président ne devrait pas dire ça..." - Les secrets d'un quinquennat; Paräis (Stock), 2016.
  • Patrick Rambaud, François le Petit - Chronique d'un règne; Paräis (Grasset), 2016.
  • Olivia Recasens, Didier Hassoux & Christophe Labbé, Bienvenue Place Beauvau - Police: Les secrets inavouables d'un quinquennat; Paräis (Robert Laffont), 2017.

Buchpublikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: François Hollande – Biller, Videoen oder Audiodateien