Op den Inhalt sprangen

François Kries

Vu Wikipedia
François Kries
Gebuer 5. Juli 1868
Gestuerwen 21. Januar 1928
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Rietspartei
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Gemengeconseiller
Member vun Fräiwëlleg Pompjeeën, Willibrordus-Bauveräin

De François ("Franz") Kries, gebuer de 5. Juli 1868, a gestuerwen den 21. Januar 1928 zu Tréier, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.[1][2].

Hie war Tubak-Fabrikant zu Iechternach. Nom Doud vum Jean Mathias Foehr gouf de Franz Kries de 16. Februar 1910 als Deputéierte vum Kanton Iechternach an d'Chamber gewielt. Hien huet säi Mandat bis de Juni 1918 behal, wéi de Kanton Iechternach en Deputéierte manner zegutt hat. Hie war e Vertrieder vun der Rietspartei.[1][3]

Ausserdeem war hie vun 1906 u Member vum Gemengerot a spéider och Schäffe vun der Gemeng Iechternach. Hie war och 14 Joer laang President vun den Iechternacher Pompjeeën a vun 1917 u President vum Willibrordus-Bauveräin.[2][4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Avis Mort. 2 Page 3. In: Luxemburger Wort, 1928. Jg., nº 23 (23.01.1928), p. 3 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. 1 2 Franz Kries † (21. Januar 1928). In: L'Illustré Luxembourgeois = Luxemburger Illustrierte, 5. Jg., nº 6 (25.03.1928), p. 68 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
  4. Lokal=Chronik. In: Luxemburger Wort, 1928. Jg., nº 26, Morgenausgabe (26.01.1928), p. 2 [Digitised by the National Library of Luxembourg].