François Mathieu
Ausgesinn
François Mathieu | |
---|---|
Gebuer | 25. Juni 1912 |
Gestuerwen | 22. Oktober 1986 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Lokalhistoriker, Schoulmeeschter |
![]() |
De François Mathieu, gebuer de 25. Juni 1912 zu Harel[1], a gestuerwen den 22. Oktober 1986[2], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Lokalhistoriker.
1937 gouf hie Schoulmeeschter zu Waasserbëlleg a blouf dat bis zu senger Pensioun, 35 Joer méi spéit.[3] Ausserdeem war hien Dirigent vum Sängerbond Museldall (1945-1955) a vum Kierchechouer (1945-1966), a President vu verschiddene Veräiner.[1]
Hien ass Auteur vun ë. a. enger dräibänneger Geschicht vu Waasserbëlleg a Mäertert.
Als Erënnerung un hie gouf am Juni 2011 zu Waasserbëlleg d'Rue François Mathieu no him genannt.[4],[1]
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]- François Mathieu: Wasserbillig im 19. und 20. Jahrhundert. Mit Beiträgen zur Chronik der Nachbarortschaften Mertert, Mompach, Herborn, Moersdorf, Born. Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei, 1977.
- Francois Mathieu: Wasserbillig und Mertert. Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei, 1. Band: 19.., 2. Band: 1983, 3. Band: 1988.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 "Rue François Mathieu eingeweiht." mywort.lu, 04.07.2022.
- ↑ Datumer um Stroosseschëld.
- ↑ "Paul Spang: Wasserbillig im 19. und 20. Jahrhundert [Rezensioun". In: Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 281 (08.12.1977), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ L-6621.