François de Créqui

Vu Wikipedia
François de Créqui
Gebuer 1625
Paräis
Gestuerwen 3. Februar 1687
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Militär
Den de Créqui eruewert d'Stad Lëtzebuerg

De François de Créqui, och dacks Créquy geschriwwen, Marquis de Marines, Proprietär vum Château de Marines, gebuer ëm 1625, a gestuerwen den 3. Februar 1687 war e franséischen Offizéier a Maréchal de France. Hien ass nach bekannt ënner dem Numm Maréchal de Créqui.

Hie war zu senger Zäit als brillante jonken Offizéier a Krichsmann, ënner der Herrschaft vum Louis XIV. bekannt, an hat sech en Numm a ville Krichszich wärend dem Drëssegjärege Krich gemaach.

Hie war de Bouf vum Charles II. vu Créqui de Blanchefort de Canaples, an de Brudder vum Charles III. vu Créqui.

Zu Lëtzebuerg ass hie bekannt well hien zesumme mam Vauban, d'Festung Lëtzebuerg belagert, an de 4. Juni 1684, eruewert hat.

An der Kierch Saint-Roch zu Paräis, steet eng Marmerbüst vun him, déi vum Antoine Coysevox sculptéiert gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: François de Créqui – Biller, Videoen oder Audiodateien