François vu Bauschelt

Vu Wikipedia
François vu Bauschelt
Gebuer 1455 jul.
Arel
Gestuerwen 23. August 1502 jul.
Toledo
Nationalitéit Frankräich, Habsburgesch Nidderlanden
Educatioun Universitéit vu Köln
Aktivitéit kathoulesche Priister, Politiker, Diplomat, Jurist, Theolog, Riichter
Famill
Geschwëster Jérôme vu Bauschelt

De François vu Bauschelt, fr.:François de Busleyden, gebuer géint 1450 zu Arel a gestuerwen den 21. August 1501 zu Toledo, war Geeschtlechen, Äerzbëschof vu Besançon, Kardinol an Diplomat.

Seng Eltere waren de Gilles de Busleyden, an d'Elisabeth (oder Isabelle) de Musset. Säi Papp war Schäffen zu Arel vu 1455-1488 a war Schlasshär zu Giisch.

Seng Gesëschter waren:

  • Gilles de Busleyden, Här vu Giisch bestuet mat der Adrienne de Gondeval.
  • Jérôme de Busleyden, Doumhär, Äerzdiakon a Vogt vun Aire.
  • Valerian de Busleyden, Här vu Giisch, bestuet mat der Anne de Keymich.
  • Jacqueline de Busleyden (1474-1517), bestuet an engem éischte Bestietnes mat dem N. Haltfast, Receveur zu Arel, an am zweete Bestietnes mat dem Heinrich Höcklin von Steinach.

De François huet op den Universitéiten zu Köln, Paräis a Léiwen studéiert. Duerno gouf hie Privatsekretär vum Bëschof vu Cambrai, ier en op Léck goung, wou e 1483 Chanoine vun der Kathedral Saint Lambert a 1485 Doumprobst (prévôt) gouf.

1490 gouf en zum Chanoine vu Saint-Pierre zu Anderlecht gewielt, an am selwechte Joer gouf e Prévôt vun der Kathedral Sint Donaas vu Bruges. Hie gouf och 1492 Äerzdiakon vu Sainte-Gudule zu Bréissel, wou e 1497 Tresorier gouf.

1498 gouf de François vu Bauschelt Deche vun der Kathedral Notre-Dame vun Antwerpen an e puer Deeg duerno Äerzbëschof vu Besançon. Ausserdeem war e Chanoine vu Cambrai a vum Simeonstëft zu Tréier.

Tëscht 1485 a 1495 war en dem Philipp dem Schéine säin Erzéier. Duerno gouf e säi wichtegste Conseiller a war gläichzäiteg Maître des requêtes de l'hôtel. Hien hat eng sëllegen diplomatesch Missioune fir de Philipp an och fir de Maximilian vun Éisträich. Sou huet hien den Hochzäitsvertag vum Charel, Herzog vu Lëtzebuerg, dem spéidere Keeser Karel V. - wéi dee knapps 2 Joer hat - an der Prinzessin Claude vu Frankräich ausgehandelt.

Hien ass den 23. August 1502 zu Toledo, wéi e mam Äerzherzog ënnerwee war, gestuerwen. Kuerz virdru war e vum Poopst in pectore zum Kardinol ernannt ginn. Hien ass awer gestuerwen ier e säi Kardinolshutt konnt iwwerreecht kréien.

Viru sengem Doud hat hien nach verschidden Done fir d'Karthaiser (chartreux) zu Léiwen, Antwerpen, Hérinnes an zu Anderlecht gemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]