Frank Colabianchi

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Frank Colabianchi
Gebuer 27. Oktober 1962
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter
Partei Demokratesch Partei

De Frank Colabianchi gebuer de 27. Oktober 1962 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (DP).

No senger Première huet hien zu Montpellier ee Joer Droit studéiert ier en du gewiesselt huet fir um ISERP eng Ausbildung als Schoulmeeschter ze maachen. Hien huet zanter 1984 am Enseignement geschafft a war vum 15. September 2010 bis ... Directeur adjoint vum Lycée classique de Diekirch[2].

Hie koum 1990 an de Gemengerot vu Bartreng, wou en no de Walen 1999 Schäffe gouf, an 2009 zum Buergermeeschter ernannt gouf.[3] Bei de Gemengewale vun 2011 an 2017 gouf hien an dëser Funktioun confirméiert. Am Januar 2022 huet hien ugekënnegt. op den 1. Mäerz dat Joer als Buergermeeschter opzehalen. D'Monique Smit-Thijs gouf seng Nofollgerin.[4] Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf d'Monique Smit-Thijs als Buergermeeschtesch confirméiert, de Frank Colabianchi gouf Schäffen.[5]

Den 1. Februar 2018 ass hie fir d'Anne Brasseur, déi op hiert Deputéiertemandat verzicht huet, als Nächstgewielte vun der DP-Lëscht am Bezierk Zentrum, an d'Chamber nogeréckelt[6]. No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 ass hien de 6. Dezember fir de Xavier Bettel, dee Premierminister gouf, 'nogeréckelt'.[7]

De Frank Colabianchi ass bestuet a Papp vun zwéi Jongen[3].

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fiche signalétique op chd.lu, der Websäit vun der Chambre des Députés, gekuckt de 6. Juni 2018
  2. Les directeurs adjoints op lcd.lu, der Websäit vum Lycée classique de Diekirch, gekuckt den 23. Januar 2018
  3. 3,0 3,1 "Commune de Bertrange- Entretien avec Frank Colabianchi". Magazine Echo, 2011-3.
  4. "Bürgermeister Colabianchi legt sein Amt im März nieder." wort.lu, 12.01.2022.
  5. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (04.07.2023). Gekuckt de(n) 04.07.2023.
  6. "Anne Brasseur zieht sich zurück." wort.lu, 16. Januar 2018 um 14:49.
  7. "Actualités" op chd.lu, 6.12.2018.
  8. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu (4. August 2023). Gekuckt de(n) 24. Februar 2024.