Frank Drake

Vu Wikipedia
Frank Drake
Gebuer 28. Mee 1930
Chicago
Gestuerwen 2. September 2022
Aptos
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit,
Cornell University
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Astrophysiker
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences

De Frank Drake, gebuer den 28. Mee 1930 zu Chicago a gestuerwen den 2. September 2022 zu Aptos a Kalifornien, war en US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Frank Drake hat op der Cornell Universéit studéiert. 1952 krut hien de Bachelor an technescher Physik mat Auszeechnung. Tëscht 1952 an 1955 huet hie bei der US-Marinn als Electronics Officer geschafft. Op der Harvard-Universitéit hat hien 1956 de Master of Science an 1958 den Titel Doktor vun der Astronomie gemaach.

1960 huet hien déi éischt radioastronomesch Versich gestart an huet de sougenannte Projet Ozma (genannt nom Kannerbuch Ozma von Oz) gegrënnt. Hien ass Member vun der National Academy of Sciences an hat 1961 mam J. Peter Pearman do déi éischt SETI-Konferenz organiséiert. Hien ass zënter 1965 Direkter vum Arecibo-Observatoire zu Puerto Rico a war vun 1988 bis 1990 President vun der Astronomical Society of the Pacific. Zousätzlech hat hie vun 1964 bis 1984 als Professer vun der Astronomie op der Cornell-Universitéit a vun 1984 - 1990 als Professer fir Astronomiefuerschung an Astrophysik op der Universitéit vu Kalifornien zu Santa Cruz geschafft.

Hie war zanter 1984 President vum SETI-Institut.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Hien hat d'Drake-Equatioun entwéckelt an hat se 1961 am Green-Bank-Observatoire virgestallt. Dës Formel gëllt zënterhir als Grondlag vun allen Diskussiounen am Zesummenhank mat der Sich no extraterrestreschem Liewen.

1974 hat hien an Zesummenaarbecht mam Carl Sagan a weidere Wëssenschaftler vum Arecibo-Radioteleskop e Message an de Weltraum geschéckt. Dëse Projet ass allgemeng als Arecibo-Message bekannt.

Den Drake huet iwwer 150 Artikelen a Bicher, ënner anerem 1984 mam Dava Sobel als Co-Auteur d'Buch Signaler vun anere Welten (engl. Is anyone out there?) geschriwwen.

1983 gouf den no him genannte Frank Drake Planetarium zu Norwood (Ohio) ageweit, 2015 gouf en Asteroid no him genannt: (4772) Frankdrake.

Engagement[änneren | Quelltext änneren]

Vu senger Jugend un hat sech de Frank Drake mat extraterrestreschem Liewe beschäftegt. Hien ass deen éischte Mënsch an der Geschicht, dee systematesch mat Hëllef vu Radioteleskopen no ausserierdescher Intelligenz am Universum fuerscht. Duerch seng Initiativ goufen en ettlech SETI-Projete an d'Liewe geruff, dat bekanntst an erfollegräichst ass SETI at home.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]