Op den Inhalt sprangen

Frank Gehry

Vu Wikipedia
Frank Gehry
Gebuertsnumm Frank Owen Goldberg
Gebuer 28. Februar 1929
Toronto
Gestuerwen 5. Dezember 2025
Santa Monica
Nationalitéit USA, Kanada, Kanada
Educatioun Universitéit vu Südkalifornien,
Harvard Universitéit
Aktivitéit Architekt, Miwweldesigner, Designer, Bijousdesigner, Zeenograph, Museker, Auteur, Zeechner
Member vun Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, American Academy of Arts and Letters, Royal Academy of Arts, American Academy of Arts and Sciences
Auszeechnungen National Medal of Arts, Pritzker-Präis, Steiger Award, Royal Gold Medal, Presidential Medal of Freedom
Famill
Papp Gehry
Websäit https://www.foga.com

De Frank Owen Gehry, gebuer den 28. Februar 1929 zu Toronto, Ontario als Ephraim Goldberg, a gestuerwen de 5. Dezember 2025, war e kanadesch-US-amerikaneschen Architekt an Designer, deen zanter 1947 a Kalifornie gelieft huet. Hie gouf fir seng Entwërf am Stil vun der dekonstruktivistescher Architektur bekannt an huet zu deene bekanntsten amerikaneschen Architekte gezielt.

De Gehry ass de Jong vun den Nokomme vu jiddeschen Emigranten aus Polen. Schonn als Kand huet hie mat Material aus sengem Bop senger Quincaillerie Stied an Haiser zesummegebastelt, an huet huet op der USC zu Los Angeles bis 1954 Architektur studéiert. Duerno huet en op der Harvard Graduate School of Design en Zweetstudium an Urbanismus gemaach. Vun 1962 un hat de Gehry säin eegenen Architektebüro zu Los Angeles ënner dem Numm Gehry Partners, LLP.

Um Ufank vu senger Karriär huet de Gehry nach konventionell gebaut. Eréischt géint der Enn vun den 1970er Joren huet e seng architektonesch Formesprooch verännert, andeems e méi "schappech" Materialie wéi Wellblech oder Spärholz mat verschafft huet (beim Miwweldesign alt emol Wellkartong). Charakteristesch fir säi Baustil waren zanterdeem eng gebrache Geometrie, Linnen, déi ausernee lafen, Formen, déi op d'Kopp gestallt goufen, an, wat typesch ass fir den dekonstruktivistesche Stil, de Fait, datt Deeler vun de Gebaier wéi bei engem Collage zesummegeprafft goufen.

1989 krut hien de Pritzker-Präis.

Gebaier vun him

[änneren | Quelltext änneren]
Neuer Zollhof am Düsseldorfer Medienhafen
Stata Center, Cambridge am Massachusetts, USA
Guggenheim-Musée zu Bilbao
Haus dat danzt zu Prag
Gehry-Tower zu Hannover

Zu senge bekanntste Gebaier zielen:

Literatur (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Mathewson, Casey: Frank O. Gehry: 1969 – heute. Feierabend Verlag, Berlin 2006, 600 S., 700 farbige Abb., ISBN 3-89985-270-2.
  • Ragheb, J. Fiona u. a.: Frank Gehry. Architect. Hatje Cantz Verlag, Ostfildern 2001, 392 S., 408 Abb., ISBN 3-7757-1048-5. (englisch)
  • Bruggen, Coosje van: Frank O. Gehry. Guggenheim Museum Bilbao. Hatje Cantz Verlag, Ostfildern 1997, ISBN 3-7757-0722-0.
 Commons: Frank Gehry – Biller, Videoen oder Audiodateien