Frank Hoffmann

Vu Wikipedia
Frank Hoffmann
Frank Hoffmann (2019)
Gebuer 23. Februar 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterregisseur, Dramatiker, Filmregisseur, Pedagog
Famill
Papp Léopold Hoffmann

De Frank Hoffmann, gebuer den 23. Februar 1954, ass e lëtzebuergesche Film- an Theaterregisseur.

De Frank Hoffmann huet, mat 18 Joer, deen éischte lëtzebuergesche Studentecabaret matgegrënnt. Duerno huet e vun 1979 bis 1983 zu Heidelberg Germanistik, Romanistik a Philosophie studéiert, a mat enger Promotioun iwwer d'Philosophie vum Theater, déi um Michel Foucault sengen Theese baséiert, ofgeschloss. Uschléissend huet hien als wëssenschaftlechen Assistent op der Ruprecht-Karls-Universität Heidelberg geschafft a seng éischt Schrëtt als Regieassistent vum David Mouchtar-Samorai um Theater Heidelberg gemaach. 1979 huet hien d'„Klammerspiele Heidelberg“ gegrënnt, mat deenen hie seng éischt Inzenéierungen am Romanischen Keller zu Heidelberg op d'Bün bruecht huet.

Vun der Mëtt vun den 1980er Jore bis zum Enn vun den 1990er Joren huet de Frank Hoffmann virun allem zu Basel, Bremen a Bonn Theaterregie gefouert. 1994 ass e mat Hoffmanns Erzählungen an de Musekstheater agestigen. 1996 huet den Hoffmann zesumme mam Jean Flammang, Karl Horsburgh, Camille Kerger an Olivier Ortolani mat Hëllef vum Lëtzebuerger Kulturministère den Théatre National du Luxembourg an der Haptstadt gegrënnt, wou hien haut nach (2020) d'Leedung huet. Mat Texte huet hien 1998 den éischten europäesche Stéckermaart zu Lëtzebuerg gegrënnt. 2000 huet en zu Lëtzebuerg den éischten Zelttheaterfestival organiséiert. Zanter 1988 huet hien eng Professur fir Regie am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Hien huet bis haut a méi wéi zwanzeg Stied wäit iwwer honnert national an international Inzenéierungen erausbruecht, ënner anerem an Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg, Éisträich an an der Schwäiz, ë. a. am Burgtheater Wien, am Deutschen Schauspielhaus zu Hamburg, am Paräisser Théâtre National de la Colline, am Basler Theater, am Kölner Schauspiel, am Schauspiel Bonn, am Schauspiel Frankfurt, an der Freien Volksbühne Berlin, am Bremer Theater an zu Lëtzebuerg am Kasematten- an am Kapuzinertheater. Si waren och bei vu villen europäeschen Theaterfestivalle mat derbäi.

Vun September 2004 bis Juni 2018 war de Frank Hoffmann den Intendant vun de Ruhrfestspiele zu Recklinghausen, déi hien zu engem vun de gréissten europäeschen Theaterfestivallen ausgebaut huet. No sengem Austrëtt gouf hien zu Recklinghausen zum Éierebierger ernannt. Iwwert säi Wierke bei de Ruhrfestspielen ass och eng Publikatioun ënner dem Titel „A World Stage – Auf Kohle geboren“ erauskomm.

Hien ass Auteur vu bis ewell dräi Theaterstécker.

De Frank Hoffmann ass de Jong vum Léopold Hoffmann.

Auszeechnungen a Präisser[änneren | Quelltext änneren]

  • 1990 Nachwuchsregisseur des Jahres: Auszeechnung vum Magazin Theater heute
  • 1991 Präis vun der beschten Regie fier den Spielfilm Schako Klak beim Festival in Teheran
  • 1993 Beste Inszenierung in NRW fier Geschichten aus dem Wiener Wald um Schauspielhaus Bonn
  • 1995 Prix Lions
  • 2008 Chevalier de l'Ordre de la Couronne de Chêne
  • 2018 Ehrenbürgerschaft des Kreises Recklinghausen
  • 2019 Verdienstorden des Landes Nordrhein-Westfalen

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Inzenéierungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1979ː Genet - Die Zofen, Heidelberg
  • 1980ː Enquist - Die Nacht der Tribaden, Heidelberg
  • 1981ː Brecht - Trommeln in der Nacht, Luxemburg
  • 1982ː Hoffmann - Die Beteiltigten oder ein sauberes Land, Heidelberg
  • 1982ː Fassbinder - Bremer Freiheit, Luxemburg
  • 1983ː Pasolini - Calderon, Luxemburg
  • 1983ː Schiller - Demetrius, Luxemburg einɡeladen zu Mannheimer Schillertagen
  • 1984ː Rewenig / Vitrac - Mattzen am Wanter brennt den Äisbierg, Esch
  • 1984ː Strauss - Gross und Klein, Kaiserslautern
  • 1984ː Schiller - Demetrius, Basel
  • 1985ː Rewenig - Fräi Nuecht oder den Ufank vum Enn, Esch
  • 1985ː Ibsen - Wenn wir Toten erwachen, Luxemburg
  • 1985ː Müller / Lessing - Mauser / Philotas, Basel
  • 1985ː Gorki - Nachtasyl, Kaiserslautern
  • 1986ː Sartre - Geschlossene Gesellschaft, Kaiserslautern
  • 1987ː Seidel - Jochen Schanotta, Basel einɡeladen zu Mülheimer Schillertagen
  • 1987ː Büchner - Dantons Tod, Darmstadt
  • 1987ː Rewenig / Goldoniː De Meeschter fällt vum Himmel, Luxemburg
  • 1987ː Horvath - Kasimir und Karoline, Basel und Mülheim
  • 1988ː Bond - Sommer, Pforzheim
  • 1988ː Müller - Verkommenes Ufer, Luxemburg
  • 1988ː Sartre - Die Eingeschlossenen von Altona, Köln
  • 1988ː Arnold - Das öffentliche Ärgernis, Wuppertal
  • 1988: Schönberg - Pierrot lunaire, Luxemburg und Karlsruhe
  • 1989ː Rewenig - Die Maikäfer überfallen ein Landhaus, Luxemburg
  • 1989ː Horvath - Zur schönen Aussicht, Kassel
  • 1989ː Maroldt - Eldorado, Wiltz, Esch und Luxemburg
  • 1989ː Müller - Wolokolamsker Chaussee, Köln
  • 1989ː Rodrigues - Der Mann mit dem goldenen Gebiss, Köln
  • 1990ː Büchner - Woyzeck, Luxemburg und Köln
  • 1990ː Ellert - Lenas Schwester, Kassel
  • 1990ː Horvath - Glaube Liebe Hoffnung, Köln
  • 1990ː Weissː Marat / Sade, Frankfurt
  • 1990ː Beckett - Das letzte Band, Luxemburg
  • 1991ː Frisch - Don Juan oder die Liebe zur Geometrie, Esch und Tournee
  • 1991 und 1992ː Ibsen - Rosmersholm, Berlin und Oslo
  • 1991ː Cabrujas - Der Tag, an dem du mich lieben wirst, Kassel
  • 1991ː Kleist - Das Käthchen von Heilbronn, Bonn
  • 1991ː Schütz - Orestobsessionm, Luxemburg
  • 1992ː Herzberg - Tohuwabohu, Bonn
  • 1992ː Schönthan - Der Raub der Sabinerinnen, Berlin
  • 1992ː Kleist - Robert Guiskard, Berlin
  • 1992ː Kafka / Fröse - Blumsfeld Hund, Luxemburg
  • 1992ː Goethe - Die natürliche Tochter (Projekt zur Documenta IX "Der zerbrochene Spiegel" mit Schiller - Demetrius), Kassel
  • 1992ː Cabrujas - Der wahre Amerikaner, Bonn
  • 1992ː Dean - Gilberts letztes Gericht, Basel
  • 1992ː Marivaux - La fausse suivante, Luxemburg
  • 1993ː Horvath - Geschichten aus dem Wiener Wald, Bonn
  • 1993ː Goethe - Faust, Luxemburg
  • 1993ː Shakespeare - Ein Sommernachtstraum, Bonn
  • 1994ː Rewenig - Eisefrësser, Esch und Bonn
  • 1994ː Fornes - Die Donau, Bonn
  • 1994ː Offenbach - Hoffmanns Erzählungen, Bremen
  • 1994ː Shakespeare - Othello, Bremen
  • 1995ː De la Parra - Dostoïevski va à la plage, Paris und Luxemburg
  • 1995ː Brecht - Dreigroschenoper, Bonn
  • 1995ː Schiller - Die Räuber, Luxemburg
  • 1995ː Wilson / Waits / Burroughs - Black Rider, Bonn
  • 1995ː Helminger / Kerger - Melusina, Esch
  • 1996ː Ondaatje - Les Oeuvres complètes de Billy the Kid, Paris und Esch
  • 1996ː Hoffmann / Lenners -...Gruppenbild mit Dame, Luxemburg
  • 1996ː Dorfman - Der Leser, Bonn
  • 1997ː Mozart - Idomeneo, Bremen
  • 1997ː Rewenig - Summerzauber, Luxemburg, Esch und Stockholm
  • 1997 und 1998ː Strindberg - Ein Traumspiel, Esch und Stockholm
  • 1997ː Nadolny / Klügl / Battistelli - Die Entdeckung der Langsamkeit, Bremen
  • 1998ː Dorfman - Mascara, Bonn
  • 1998ː Krausser / Eggert - Wir sind daheim, Mannheim und Luxemburg
  • 1998ː Thomas Mann / Lenners - Hetaera Esmeralda, Luxemburg
  • 1998ː Fallada / Dorst / Zadek - Kleiner Mann, was nun?, Bonn
  • 1998ː Genet - Les Nègres, Esch, Sibiu und Plovdiv
  • 1999ː Wagner - Der fliegende Holländer, Bremen
  • 1999ː Shaw / Lerner / Loewe - My Fair Lady, Bonn
  • 1999ː Shakespeare - La Tempête
  • 2000ː Hub - Die Rechnung des Milchmädchens, Bonn und Heidelberg
  • 2000ː Hoffmann / Lenners - Dame, Gruppe, Bild, Mannheim und Luxemburg
  • 2001ː Feitler / Hoffmann / Kafka - K., Luxemburg und Recklinghausen
  • 2001ː Brecht / Fenigstein - Die heilige Johanna der Schlachthöfe, Biel und Esch
  • 2001ː Vitrac - Victor oder Die Kinder an der Macht, Bonn
  • 2002ː Kleist - Der zerbrochene Krug, Luxemburg, Recklinghausen und Almagro
  • 2002 und 2004ː Koltès - Dans la solitude des champs de coton, Luxemburg und Paris
  • 2002 und 2005ː Camus / Hoffmann - L'Étranger, Luxemburg
  • 2003ː Bernhard - Der Theatermacher, Luxemburg, Recklinghausen und Graz
  • 2004ː Molière - Le Misanthrope, Luxemburg
  • 2004ː Pinter - Asche zu Asche, Luxemburg
  • 2004ː Kander / Ebb / Masteroff - Cabaret, Aachen
  • 2005ː Shakespeare - Hamlet, Luxemburg und Recklinghausen
  • 2005ː Lessing - Minna von Barnhelm, Luxemburg, Recklinghausen und Ludwigshafen
  • 2005 und 2006ː Beckett - Play Beckett, Luxemburg und Recklinghausen
  • 2006 und 2007ː Shakespeare - Der Widerspenstigen Zähmung,Recklinghausen, Luxemburg, Esch, Hamburg und Ludwigshafen
  • 2006ː Rewenig - Schock la Muussǃ, Luxemburg
  • 2007ː Koltès - Procès Ivre, Recklinghausen und Luxemburg
  • 2007-2011ː Goethe - Torquato Tasso, Recklinghausen, Luxemburg und Saarbrücken
  • 2007 und 2008ː Goethe - Konntest mich mit einem Blicke lesen, Recklinghausen, Luxemburg und Berlin
  • 2007 und 2008ː Helminger - Now Here and Nowhere, Luxemburg, Liège, Saarbrücken, Thionville, Trier und Wiesbaden
  • 2008 und 2009ː Shepard - Goldener Westen, Recklinghausen, Luxemburg und Berlin
  • 2008 und 2009ː O'Neill - Ein Mond für die Beladenen, Recklinghausen, Luxemburg, Berlin, Prag und Bonn
  • 2008ː Greisch - Belle-Île, Luxemburg
  • 2009ː Bergman - Cris et chuchotements, Luxemburg und Recklinghausen
  • 2009 und 2010ː Strindberg - Ein Traumspiel / Lieben Sie Strindberg, Recklinghausen und Luxemburg
  • 2009 und 2010ː Dorst / Ehler - Ich soll den eingebildet Kranken spielen, Luxemburg und Recklinghausen
  • 2009ː Manderscheid / Büchner - Leonce a Lena, Luxemburg
  • 2010ː Kleist - Robert Guiskard, Recklinghausen und Hamburg
  • 2010ː Portante - Orphée au pays des mortels, Luxemburg
  • 2010-2013ː Tabori - Die Demonstration, Luxemburg, Recklinghausen und Berlin
  • 2011ː Ostermaier - Aufstand, Recklinghausen und Luxemburg
  • 2011 und 2012ː Rewenig - Manderscheid. Ein Stillleben, Luxemburg
  • 2012-2015ː Tabori - Abendschau, Mamer, Recklinghausen, Luxemburg, Frankfurt, Berlin und Saarbrücken
  • 2012 und 2013ː Gogol - Der Revisor, Leipzig, Bonn und Luxemburg
  • 2012-2015ː Bach / Sylvian / Poe - New Angels, Luxemburg, Ruhrfestspiele, Wien und Taipei
  • 2013-2015ː Hauptmann - Rose Bernd, Recklinghausen, Saarbrücken, Luxemburg, Hannover und Tournée
  • 2013-2016ː Arrabal - Dali vs. Picasso, Luxemburg, Ruhrfestspiele, Berlin und Nancy
  • 2014ː Pirandello - Heinrich IV., Recklinghausen und Luxemburg
  • 2014ː Hoffmann - Hommage an Maximilian Schell, Recklinghausen
  • 2015ː Tabori - Flucht nach Ägypten, Luxemburg, Recklinghausen und Berlin
  • 2015 und 2016: Inesco - Die Nashörner/Rhinocéros - Recklinghausen, Mainz, Luxemburg, St. Pölten und Leipzig
  • 2015 und 2016ː Blanco - Theben-Park, Luxemburg und Recklinghausen
  • 2016ː Lenners / Hoffmann - Sechs Personen suchen einen Komponisten, Recklinghausen, Luxemburg und Ruhrfestspiele
  • 2016 und 2017ː Calderon / Pasolini - Das Leben ein Traum. Calderon, Ruhrfestspiele, Luxemburg und Hannover
  • 2017 und 2018ː Strindberg - Rausch, Luxemburg
  • 2017ː Dostojewski - Untergrund, Luxemburg
  • 2018 und 2019: Friedrich Dürrenmatt - Der Besuch der Alten Dame, Recklinghausen und Burgtheater Wien
  • 2018 - 2020: Fjodor Dostojewski - Die Spieler, Recklinghausen, Luxemburg, Hannover und Berlin
  • 2018 und 2020: Pol Greisch - Fënsterdall, Luxemburg, Dudelange, Bettemburg und Echternach
  • 2018: Alexander Solschenizyn: Dissident, Patriot, Masterclass, Luxemburg
  • 2019: Yasmina Reza - Le Dieu du Carnage, Luxembourg
  • 2019: Theater an der Chamber, Luxemburg
  • 2019: Guy Rewenig - Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller, Luxemburg und Ettelbrück
  • 2020: Franz Kafka - Die Verwandlung, Luxemburg

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]