Frank Shu
Frank Shu | |
---|---|
Gebuertsnumm | 徐遐生 |
Gebuer |
2. Juni 1943 Kunming |
Gestuerwen |
23. Abrëll 2023 Vereenegt Staate vun Amerika |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Harvard Universitéit, Massachusetts Institute of Technology |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser, Astrophysiker |
Member vun | National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun |
De Frank Shu (chineesesch: 徐遐生), gebuer den 2. Juni 1943 zu Kunming, ass en US-amerikaneschen Astrophysiker mat chineesescher Ofstamung.
De Shu gouf am chineesesche Kunming gebuer a koum mat sechs Joer an d'Vereenegt Staaten, wou hien zu Chicago an zu West Lafayette opgewuess ass. Hie krut 1963 de Bachelor a Physik am Massachusetts Institute of Technology. Den Doktorgrad an der Astronomie koum 1968 op der Harvard Universitéit derbäi. Duerno huet hie fënnef Joer op der SUNY Stony Brook geléiert. De Shu war vun 1973 bis 2002 Professer op der University of California, Berkeley, an huet do d'Astronomie-Departement vun 1984 bis 1988 geleet. Vun 2002 bis 2006 war hie President vun der National Tsing Hua University an der Taiwan. Zanter 2006 ass hien op der University of California, San Diego, an zanter 2009 emeritéierte Professer.
Vun 1994 bis 1996 war de Shu President vun der American Astronomical Society (AAS).
De Shu huet als Theoreetiker un Theeme wéi den Urspronk vu Meteoritten, Genesis a fréi Entwécklung vu Stären, Massentransfer an enke Duebelstären an d'Struktur vu Spiralgalaxië geschafft. Als Student hat hie mam Chia-Chiao Lin déi als Dichtewellentheorie bekannt Theorie vun de Spiraläerm a Galaxien entwéckelt. 1977 huet hien e Modell fir d'Genesis vun engem Stär duerch e Kollaps vun enger sphärescher Gaswollek am Kär vun enger Moleküllwollek publizéiert.
Schrëften (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- The Physical Universe: An Introduction to Astronomy. University Science Books, Mill Valley 1982, ISBN 0-935702-05-9.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1977 Helen-B.-Warner-Präis
- 1987 Member vun der National Academy of Sciences
- 1990 Member vun der Academia Sinica zu Taiwan
- 1996 Oort Professur an der Universitéit Leiden
- 1996 Brouwer Award
- 2000 Dannie-Heineman-Präis fir Astrophysik
- 2003 Member vun der American Philosophical Society
- 2008 Centennial Medal der Graduate School of Arts and Sciences der Harvard University
- 2009 Shaw Präis
- 2009 Bruce Medal
- Den Asteroid (18238) Frankshu gouf no him genannt