Frankie Hansen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Frankie Hansen
Gebuer 21. Mee 1922
Gestuerwen 25. Juni 1981
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Frankie Hansen, gebuer als François Léopold Frank Hansen den 21. Mee 1922 [1] zu Dikrech a gestuerwen de 25. Juni 1981 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Resistenzler a Politiker (LSAP).[3]

De Resistenzler[änneren | Quelltext änneren]

De Frankie Hansen, deen no dem Gauleiter Simon senger Ukënnegung den 30. August 1942 vum Aféiere vun der obligatorescher Wierflicht fir Lëtzebuerger gestreikt an Ziedele vun der LVL verdeelt huet, ass den 2. September 1942 vun de Besatzer verhaft ginn. Hie koum an de Gronn an de Prisong an ass dunn an d'Villa Pauly bruecht ginn, wou hie brutal vun der Gestapo verhéiert gouf.[4] Duerno koum hien op Hinzert, a schliisslech – mat de Prisonge Köln-Klingelpütz a Berlin-Alexanderplatz als Tëschestatiounen – op Lublin (Polen) an d'SS-Sonderlager Dabrowica.[5] Bei der Attack vun der Rouder Arméi op Lublin konnt hien aus dem Lager fortlafen a sech bis op Lëtzebuerg duerchschloen, wou hien Enn August 1944 ukomm ass.[6] No engem Intermezzo an der Veianer Miliz ass et dem Frankie Hansen gegléckt, als Auslänner an d'amerikanesch Arméi opgeholl ze ginn, wou hie bei déi 8. US Infantry Division koum, déi spéider an déi schwéier Kämpf am Hürtgenwald an vun der Ardennenoffensiv verwéckelt gouf.[4]

Den 18. Februar 1945 [7] huet de Frankie Hansen et fäerdeg bruecht, déi gréisstendeels nach erhale strategesch wichteg Bréck iwwer d'Rur bei Lendersdorf (Düren) fir d'amerikanesch Arméi ze retten. D'Wehrmacht hat e puer Deeg virdrun de Barrage vu Schwammenauel gesprengt an d'Rur huet Héichwaasser gefouert. De Frankie Hansen ass duerch dat geféierlecht an äiskaalt Waasser bis bei d'Piliere vun der Bréck geschwommen an huet d'Kabele vun de Sprengchargen, duerchgeschnidden.[8] Domat war de Wee fir d'Amerikaner fräi, déi den 23. Februar 1945 Düren attackéiert a sech duerno weider duerch Däitschland duerchgekämpft hunn, bis op d'Elbe, wou se mat der Rouder Arméi zesummegetraff sinn.

Fir säi couragéierten Asaz op der Rur an a spéidere Gefechter ass de Frankie Hansen 1947 vun den Amerikaner mat der Silver Star Medal ausgezeechent ginn.[9]

1949 huet hien och nach d'„Victory Medal“ kritt.[10]

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1951 bis 1979 war hien ouni Ënnerbriechung Member vum Gemengerot vun Ettelbréck.

Hie gouf de 7. Juni 1964 an d'Chamber gewielt a gouf 1968 an 1974 erëmgewielt. Nodeem hie bei de Wale vum 10. Juni 1979 als éischte Suppléant op der Lëscht vun der LSAP gewielt gi war, ass hien de 5. Januar 1981 - nodeem de Vic Abens sech zréckgezunn hat - nogeréckelt a blouf Deputéierte bis zu sengem Doud de 25. Juni 1981.

Hie war och 7 Joer Member vum Europa-Parlament, a Member vum Conseil Benelux, vun der 'Assemblée parlementaire vum Europarot', vun der Assemblée vun der Union de l'Europe Occidentale a vun der NATO.

De Frankie Hansen ass ee vun de Grënner vum Ettelbrécker Remembrance-Day.[11] Den 22. September 2011 huet den Ettelbrécker Gemengerot der Sportshal an den Deichwisen den Numm Hall Omnisports « Frankie Hansen » ginn.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Officier vum Ordre de la couronne de chêne
  • Officier du mérite polonais
  • Médaille d'honneur de l'étoile de la résistance franco-belge de la Croix de Guerre 1939-45
  • Silver Star

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fayot, B. , S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil, 1997. 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Edition La Mémoire Socialiste, Luxembourg, 171 S. (Frankie Hansen: S. 57-58).
  • Groupe de recherches et d'études sur la guerre 1940-1945, 2011. Odyssee des aus Ettelbrück stammenden Frankie Hansen. Bulletin 2011-1, S. 12-24. [3]
  • Hansen, F.,[12] 2015. Der Sturm auf Köln. Der Brückenkopf über die Roer. Vor 70 Jahren: Düren, im Februar 1945. Tageblatt 2015, Nr. 110 (12. Mai), S. 6-7.
  • Reider, 1991. Erinnerung an Frankie Hansen. De Reider, Informatiounsblad vun der Gemeng Ettelbréck, Nr. 11, August 1991: 14. [4]
  • Service Information et Presse, 1981. Hommage à la mémoire de feu Monsieur le Député Frankie Hansen. Bulletin de documentation 3/81, Ministère d'État, Grand-Duché de Luxembourg, S. 9-10. [5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. [1] Frankie Hansen
  2. De Frankie Hansen an der Datebank vu www.deltgen.com
  3. 1. Punkt um Ordre du jour vun der 68. Séance vun der Chamber am Joer 1980-81
  4. 4,0 4,1 Groupe de recherches et d'études sur la guerre 1940-1945.
  5. Hansen 2015.
  6. Hansen 2015. – No anere Quellen wier hie vun de Russe befreit (De Reider 1991, Fayot et al. 1997, S. 57) oder esouguer scho virdrun entlooss ginn (Groupe de recherches et d'études sur la guerre 1940-1945, S. 13).
  7. Hansen 2015. – Am Artikel vum Groupe de recherches et d'études sur la guerre 1940-1945 geet Rieds vum 23. Februar amplaz vum 18.
  8. Hansen 2015. – An engem Noruff am “Lëtzeburger Land” vum 3. Juli 1981 heescht et iertemlecherweis, et wier d'Bréck vu Remagen gewiescht. [2]
  9. Laut Fayot et al. 1997 krut hien déi Medail den 3. Mee 1947, laut Hansen 2015 krut hie se schonn am Februar 1947 an der amerikanescher Botschaft iwwerreecht.
  10. Luxemburger Wort 1949, Nr. 250 (7. September), S. 4 (Auszeichnung)
  11. NiM 2011. Sporthalle „Franky Hansen“. Luxemburger Wort, 29.09.2011
  12. Am Tageblatt 2015, Nr. 116 (20. Mai): 60 (Prezision: Francis Hansen) ass ze liesen liesen, datt den Auteur vum Artikel de Frank Hansen, dem Frankie Hansen säi Fils, ass, an net de John Breden, wéi dat iertemlecherweis den 12. Mee an der Autorenzeil am Tageblatt stoung.