Franséisch Revolutioun

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Franséischer Revolutioun vu 1789. Fir d'Revolutioun vun 1830, kuckt wgl. Trois Glorieuses; fir déi vun 1848 kuckt Franséisch Revolutioun (1848).
De Stuerm op d'Bastille de 14. Juli 1789, vum Houël.

D'Franséisch Revolutioun beschreift eng Period a Frankräich vu 1789 (Stuerm op d'Bastille) bis 1799 (Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire) an där d'Monarchie ofgeschaf an eng Republik installéiert ginn ass. An der franséischer Historiographie ass d'Revolutioun d'Trennungslinn tëscht Neizäit (« époque moderne ») an Zäitgeschicht (« époque contemporaine ») an ass domat eng vun de wichtegsten Zäsure vun der europäescher Geschichtsschreiwung.

Fir d'éischt Kéier an der europäescher Geschicht, zanter der Antiquitéit, gouf de Prinzip selwer vun engem monarchistesche Regimm iwwerworf. Bei der englescher Revolutioun (Cromwell) war et eleng ëm d'Persoun vum Kinnek gaangen, an net ëm de Regimm u sech. De groussen Impakt vun der Franséischer Revolutioun kënnt och duerch d'Kricher déi e groussen Deel vun Europa betraff hunn, der Grënnung vu Schwëster-Republiken. Duerch d'Revolutioun goufen och vill Iddie vun de Lumières a ganz Europa verbreet.

D'Franséisch Revolutioun markéiert d'Enn vum Ancien Régime an engem Land, wat bis dohi fir seng absolutistesch Kinneke berüümt war (virun allem de Louis XIV.).

Nach haut ass d'Franséisch Revolutioun en Theema wat ënner Historiker ëmstridden ass, net zulescht wéinst de Grausamkeete vun der Terreur an dem Wee dee si ageschloen huet.

D'Franséisch Revolutioun huet och zu déiwen Divisiounen tëscht den Unhänger vun de revolutionären Iddien an de Verdeedeger vun der aler Uerdnung gefouert, den Antiklerikalen an der Kathoulescher Kierch.

Frankräich an de 1780er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Absolut Monarchie[änneren | Quelltext änneren]

De Louis XVI. am Kréinungskleed.

1788 louch d'Muecht an den Hänn vun der absolutter Monarchie (fr.: Monarchie absolue de droit divin). De Kinnek krut säi Pouvoir vu Gott, wéi d'Kréinungszeremonie zu Reims gewisen huet an an der Traditioun huet de Kinnek d'Gewunnechkeetsrecht (fr.: coutume) respektéiert, dat heescht d'Fräiheeten an d'Privileegien, déi verschidden Individuen, Stied oder Provënzen haten. D'Base vun dësem politesche System goufen an der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert kontestéiert an attackéiert.

D'Philosophie vun de Lumières huet sech an der franséischer Uewerschicht, der Bourgeoisie an dem liberalen Adel verbreet. Als Géigesaz zu der franséischer absolutter Monarchie gouf den englesche System vun enger Monarchie déi duerch d'Parlament limitéiert ass, ernimmt. Datt de Sujet vum Kinnek ze follegen huet, stoung géint d'Biergerrechter. D'Philosophe vun de Lumières hunn d'Iddi verdeedegt, datt déi héchst Muecht an der Natioun leie géif.

D'privilegiéiert Stänn hu sech och géint d'kinneklech Muecht gestallt. Den Absolutismus hat si hir traditionell Muecht kascht. D'Parlemanter, also d'Geriichter vum Ancien Régime, haten traditionell d'Recht, bei Gesetzer e Wuert matzeschwätzen. Si hunn hiren Droit de remontrance gär benotzt, fir de Kinnek ze kritiséieren. Obscho si natierlech virun allem hir eege Privileegie verdeedegt hunn, goufe si als Verdeedeger vum Vollek ugesinn.

Den Adel, dee seng Muecht mam Louis XIV. verluer hat, huet dovu gedreemt, nees un den Affären deelzehuelen. Nieft dëser politescher Revendikatioun hate si och eng wirtschaftlech Fuerderung. De franséischen Adel duerft eng grouss Zuel vu wirtschaftleche Beruffer net unhuelen, ouni ze "derogéieren", dat heescht den Adelstitel ze verléieren. An engem Joerhonnert, wou d'Akommes vun de Lännereie stagnéiert huet, an d'Representatiounskäschten ëmmer méi an d'Luucht gaange sinn (Kostummer, Karossen...) hate si ëmmer manner Kafkraaft. Den Adel huet sech ob al Privileegie beruff, virun allem feudal Rechter a Steieren, no deenen net méi genee gekuckt ginn ass. Dëst gouf vun der Landbevëlkerung ganz schlecht opgeholl, déi d'feudal Rechter ofschafe wollten, fir aus hirer Misär erauszekommen.

Mä an hirer grousser Majoritéit hunn d'Fransouse vu 1789 net un eng gewaltsam Revolutioun geduecht, an haten och net wëlles, d'Monarchie ze stierzen. Allerdéngs gouf sech eng grouss Staatsreform gewënscht, an engem friddleche Klima.

De Versuch vu politesche Reformen[änneren | Quelltext änneren]

De Jacques Necker.

De Louis XV. an de Louis XVI. hunn natierlech d'Diffusioun vun den neien Iddie matkritt, a ware sech bewosst, datt d'Institutioune blockéiert waren. Mä si haten net déi selwecht Autoritéit wéi hire Virgänger Louis XIV., fir sech duerchzesetzen, an déi néideg Changementer ze maachen.

  • D'Justizreform vum Kanzler Maupeou, déi um Enn vun der Herrschaft vum Louis XV. decidéiert gouf, konnt net duerchgesat ginn. Si gouf vum Louis XVI. falegelooss, dee sech virum Parlament huet misse geschloe ginn.
  • D'Steierreform: De Problem vun de Kinneke war ëmmer de Budget. Zanter dem 18. Joerhonnert war d'franséisch Monarchie héich am Defizit. D'Haaptsteier, d'Taille, gouf nëmmen op den Net-Privilegéierten erhuewen. D'Suerg vun de Kinneke war et also, méi Suen iwwer d'Steieren eranzekréien. Nei Steieren, déi fir jiddweree géifen zielen, goufen agefouert: d'« Capitation depuis 1701 », déi beim ganze Vollek erhuewe ginn ass, awer am Meeschten d'Net-Privilegéiert getraff huet, an de « Vingtième » op all Akommes. Mä och déi nei Steiere konnten net géint den Defizit hëllefen. 1788 huet den Necker de Budget vum Kinnekräich publik gemaach. De Staat huet 503 Millioune Livres erakritt, hat awer 620 Millioune Livres un Ausgaben. D'Vollek war schockéiert ze liesen, datt den Haff 36 Millioune Livres fir Fester a Pensiounen ausginn huet.

D'Monarchie war net kapabel, eng Steierreform duerchzebréngen, well d'Parlamenter sech systematesch dogéint gestallt hunn. Déi sougenannt « Journée des tuiles vu Grenobel » (1788) huet däitlech eng Allianz tëscht de Parlamenter an dem Vollek gewisen. D'Protestatioune vun de Famillen, déi duerch d'Wirtschaftskris betraff waren, sinn ëmmer méi heefeg ginn, an d'Garnisoun huet de 7. Juni missen agräifen. Dës gouf vun den Awunner vu Grenobel empfaangen, andeems si d'Zille vun hiren Haiser erofgehäit hunn. No der « Journée des tuiles » huet sech eng Versammlung vun den dräi Stänn (Adel, Klerus, Drëtte Stand) zu Vizille zesummefonnt, an e Steierstreik ausgeruff, bis datt de Kinnek d'Generalstänn géif aberuffen, fir iwwer d'Steieren ze debattéieren. Faillite an net am Stand nees Uerdnung hierzestellen, huet de Louis XVI. am August 1788 noginn, an d'Generalstänn fir den 1. Mee 1789 aberuff.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ursaache vun der Franséischer Revolutioun.

D'Enn vum Ancien Régime[änneren | Quelltext änneren]

Generalstänn vu 1789[änneren | Quelltext änneren]

De Ballhauseed: D'Generalstänn erkläre sech als Assemblée nationale.

D'Aberuffung vun de Generalstänn hat beim franséische Vollek zu groussen Hoffnunge gefouert. D'Landbevëlkerung huet op eng Verbesserung vun hire Liewenskonditioune gehofft, andeems d'feudal Rechter geschwächt oder ganz ofgeschaf géife ginn. D'Bourgeoisie, déi d'Iddie vun de Lumières ugeholl huet, huet op Gläichheet virum Gesetz an dem Etablissement vun enger Monarchie nom englesche Modell gehofft. Si gouf zum Deel vum Adel a vum nidderege Klerus ënnerstëtzt.

D'Perspektiv vun de Generalstänn huet awer och den Interessekonflikt tëscht dem Adel an dem Drëtte Stand nei entfacht. D'Gesellschaft huet sech zanter 1614 (lescht Generalstänn) geännert. De Klerus an den Adel hunn zesumme knapps 2 % vun der Bevëlkerung representéiert.

Nom Modell vu 1614 goufen d'Generalstänn aus der selwechter Zuel fir all Stand zesummegesat. Den Drëtte Stand huet eng duebel Representatioun, déi en an de Versammlungen an der Provënz schonn hat, gefuerdert. Eng zweet Notabeleversammlung, déi den Necker de 6. Dezember 1788 aberuff huet, war dogéint.

E kinneklechen Dekreet vum 27. November 1788 huet festgehalen, datt d'Generalstänn sech aus op d'mannst dausend Deputéierte sollen zesumme setzen, wat eigentlech d'duebel Representatioun garantéiert huet. Ausserdeem konnte Protestanten Deputéierte vum Drëtte Stand sinn. Laut dem franséischen Historiker François Mignet, « la délégation de la noblesse comprenait deux cent quarante-deux aristocrates et vingt-huit membres du Parlement ; celle du clergé, quarante-huit archevêques ou évêques, trente-cinq abbés ou doyens, et deux cent huit curés; et celle du Tiers-État, deux ecclésiastiques, douze nobles, dix-huit magistrats des villes, deux cent membres de comtés, deux cent douze avocats, seize physiciens, et deux cent seize marchands et paysans. »

Gesellschaften hunn ugefaange sech ze forméieren, wéi zum Beispill d'Société des amis de la Constitution zu Versailles am Abrëll 1789.

De 5. Mee 1789 sinn zu Versailles d'Generalstänn opgaangen.

Wéi sech d'Generalstänn de 5. Mee 1789 zu Versailles am Kader vu ville Festivitéiten zesummefonnt hunn, hu vill Membere vum Drëtte Stand de Fait vun der duebeler Representatioun schonn als eng Revolutioun ugesinn, déi friddlech op en Enn gaange war. Well sech allerdéngs streng un d'Etikett vu 1614 gehale gouf, mat de kinneklechen Insignie vum Klerus a vum Adel, dem Placement vun den dräi Stänn no engem ale Protokoll, huet alles drop higewisen, datt eigentlech nach näischt eriwwer ass.

Wéi de Louis XVI. an de Barentin (Garde des Sceaux) sech un d'Deputéiert de 6. Mee adresséiert hunn, ass dem Drëtte Stand kloer ginn, datt d'kinneklecht Dekreet iwwer d'duebel Representatioun eigentlech eng Farce war. Natierlech hate si méi Representante wéi déi zwéin aner Stänn zesummen, mä gewielt gouf no Stand: déi 578 Representante vum Drëtte Stand hu gemierkt, datt hire Vote geneesou an d'Gewiicht gefall ass, wéi dee vun den zwéin anere Stänn.

Den 20. Juni 1789 gouf mam Ballhauseed d'Assemblée nationale constituante an d'Liewe geruff. Deen Akt war e Symbol fir d'Muecht am Numm vum Vollek z'ergräifen. Mam Enn vun der absolutter Muecht vum Louis XVI. huet d'Revolutioun hire Laf geholl.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Generalstänn vu 1789.

De Stuerm op d'Bastille[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ballhauseed huet de Louis XVI. dem Drëtte Stand virgemaach, hie géif op hir Fuerderungen agoen. Mä zanter dem 26. Juni huet hien d'Arméi op Paräis kommegelooss. Mä d'Stëmmung zu Paräis war net déi allerbescht, an d'Bourgeoisie ass doriwwer enttäuscht. Fir den Ament ass nach näischt vu Versailles op Paräis komm, an d'Biergertum hat Angscht ëm d'Weiderbestoe vun der Versammlung.

D'Vollek hat Angscht, datt d'Truppen d'Versuergungsweeër géife blockéieren, an datt de Präis vum Brout, deen duerch déi schlecht Rekolt vu 1788 souwisou schonn zimmlech héich war, nach méi an d'Luucht goe géif. Et koum zu Opstänn an der Stad, an eng biergerlech Miliz huet sech zesummefonnt.

An dësem revolutionnäre Kontext stellt de Stuerm op d'Bastille de 14. Juli 1789 eng Attack géint d'arbiträr Muecht vum Kinnek duer. Op der Sich no Waffen hunn d'Paräisser fir d'éischt den Hôtel des Invalides geplëmmt. No engem Kampf vu véier Stonne konnte si d'Bastille anhuelen, an hunn de Gouverneur vum Prisong, de Marquis Bernard de Launay, ëmbruecht. Et goufen nëmmen eng Handvoll Prisonéier befreit, méi waren der net méi am Prisong - déi aner Gefaange ware scho virdrun an en anere Prisong transferéiert ginn. D'Bastille gouf doropshin zerstéiert, sou wéi den Ancien Régime an der Nuecht vum 4. August 1789 ofgeschaf ginn ass. D'Gebai gouf auserneegeholl an all Stee sollt eng Miniatur vun der Bastille representéieren, déi Steng goufen a ganz Frankräich verbreet. D'Manifestante sinn duerno zeréck bei den Hôtel de Ville gaangen, an hunn de Prévôt vun den Händler, de Jacques de Flesselles, als Verréider beschëllegt. Um Wee fir bei e publike Prozess am Palais-Royal gouf hien ëmbruecht. Säi Kapp gouf zesumme mat deem vum Launay duerch Paräis gefouert a gewisen.

De Louis XVI. huet dem Drock vun de Paräisser noginn an en Dag drop huet hien d'Truppen, déi ronderëm Paräis stoungen, zeréckgeruff. Ausserdeem gouf den Necker nees agestallt, souwéi och aner Ministeren, déi de Kinnek erausgehäit hat.

Dës Evenementer hunn zu enger éischter Emigratiounswell gefouert: de jonke Brudder vum Louis XVI., de Grof vun Artois, de Prënz vu Condé, den Herzog vu Polignac an de Herzog vun Enghien hu Frankräich verloss an an England, Däitschland oder Holland gaangen. Si all hunn domat gerechent, an den nächsten zwéi bis dräi Méint nees zeréckzekommen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stuerm op d'Bastille.

D'Grande Peur an d'Nuecht vum 4. August 1789[änneren | Quelltext änneren]

Illustratioun vun der Grande Peur (Paräis, Musée Carnavalet).

Zanter dem 20. Juli 1789 bis zum 6. August 1789 koum et zu konfuse Rumeuren an de Provënzen, déi « Grande Peur » genannt goufen. D'Baueren haten Angscht datt hir Rekolt vu Brigange géife geplëmmt ginn, a hu sech mat Mëschtgafele bewaffent, soubal d'Klacke gelaut hunn. Wa si matkruten, datt keng Gefor do war, hu si sech op de Wee bei d'Schlass vun hirem Här gemaach. Si hunn d'herrschaftlech Titele gefuerdert, déi d'wirtschaftlech a sozial Ofhängegkeet etabléiert haten, an dës Pabeiere verbrannt. Wa sech den Här a seng Leit gewiert hunn, goufe si perséinlech ugegraff a vill Häre sinn dobäi ëm d'Liewe komm, an hir Schlässer goufe geplëmmt oder verbrannt.

An der Nuecht vum 4. August 1789 huet d'Assemblée constituante de Feudalismus zerstéiert, fir dëser Gewalt entgéint ze wierken.

L'Assemblée nationale détruit entièrement le régime féodal. Elle décrète que, dans les droits et les devoirs tant féodaux que censuels, ceux qui tiennent à la main-morte réelle ou personnelle, et à la servitude personnelle, et ceux qui les représentent, sont abolis sans indemnité [...] (Art. 1 vum Décret relatif à l'abolition des privilèges)

Den Adel an de Klerus mussen also hir Rechter oftrieden, entweeder aus Iwwerzeegung, oder aus Resignatioun. Fir dëst Wierk konkreet duerchzeféieren huet d'Assemblée eng speziell Kommissioun an d'Liewe geruff, de « Comité des Droits féodaux », deem säi Rapport en Dekreet vum 15. Mäerz 1790 inspiréiert huet, deen en nuancéierte Regimm etabléiert huet, a versicht huet, op déi verschidden Interessen anzegoen.

Direkt an ouni Schuedensersaz ofgeschaf goufen all d'feudal Rechter, déi géint d'Souveränitéit vum Staat oder dem Natierleche Recht vum Mënsch gaange sinn (si goufe « cause injuste » genannt), d'Justiz vun de Grondhären, d'Leifeegeschaft, d'Banalitéiten, d'Privileegie vum Adel (zum Beispill d'Recht op d'Juegd), d'Adelstitelen, d'Dîme, d'Wopen.

D'Landbevëlkerung hat och erwaart, datt déi Rechter, déi reng feudal waren (Konterpartie fir d'Concessioun vun engem Stéck Land), mat géifen ofgeschaf ginn. Dës Rechter goufen awer bäibehalen, bis ee se selwer opkafe konnt. De Präis war ongeféier zwanzeg mol d'Joresredevance. Dës Suppressioun gouf vun der Landbevëlkerung schlecht opgeholl. An deene Regioune, wou d'Feudalrechter nach zimmlech staark waren (Norden, Osten a Paräis) koum et zu Opstänn an d'Baueren hu refuséiert ze bezuelen.

D'Deputéiert kruten et mat der Angscht ze dinn, an hunn eng Taktik ugewannt, déi favorabel fir d'Biergertum war. A Wierklechkeet gouf de Feudalismus eréischt ënner der Convention montagnarde mam Gesetz vum 17. Juli 1793 a senger Totalitéit ofgeschaf.

De 26. August 1789 huet d'Assemblée constituante d'Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter gestëmmt. Si hu sech vun de Lumières inspiréiere gelooss, an d'absolut Monarchie an d'Stännergesellschaft verdaamt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Grande Peur an am Artikel Nuecht vum 4. August 1789

Eng konstitutionell Monarchie[änneren | Quelltext änneren]

Regeneratioun vu Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

D'franséisch Departementer am Joer 1791.

D'Assemblée constituante, déi zu engem groussen Deel aus Bierger bestanen huet, huet e grousse Reformplang an d'Weeër geluecht, an d'Iddie vun de Philosophen an Ekonomisten aus dem 18. Joerhonnert ugeholl.

Administrativ Reorganisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'administrativ Ënnerdeelunge vum Ancien Régime waren zimmlech komplex. D'Generalitéiten, d'Gouvernementer, d'Parlamenter an d'Diözese louchen iwwerenaner, an hate mol net ëmmer déi selwecht Grenzen. D'Deputéierten hu versicht, dëse System ze vereinfachen. D'Gesetz vum 14. Dezember huet d'Municipalitéiten an d'Liewe geruff. Zanter Januar 1790 huet all franséisch Gemeng d'Wale vun hire Gewielte selwer organiséiert. Dëst waren déi éischt Wale vun der Revolutioun.

Mam Gesetz vum 22. Dezember 1789 huet d'Assemblée d'Departementer an d'Liewe geruff. Dës ware souwuel administrativ wéi och rechtlech, steierlech a reliéis Andeelungen. 83 Departementer goufe sou geschaf, hiren Numm krute si duerch hir Geographie - Flëss, Bierger, Mier - a si goufen an Distrikter, Kantoner a Gemengen agedeelt. D'Dirigente goufe vum Vollek gewielt. Am Fréijoer 1790 krut eng Kommissioun den Optrag, Frankräich opzedeelen, an op Streidereien tëscht de Stied opzepassen, déi Kandidate fir de Chef-lieu waren. Déi nei Administratiounen, déi demokratesch gewielt goufen, hunn hir Aarbecht am Summer 1790 opgeholl.

Wirtschaftlech Fräiheet[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Ancien Régime waren d'wirtschaftlech Aktivitéite strikt vum Staat iwwerwaacht, a Reglementatiounen hunn d'Zuel vu Produzente limitéiert. All dës Blockage fir eng fräi Produktioun, landwirtschaftlech, handwierklech an industriell, goufen ofgeschaf. An engem Klima wou d'Leit mësstrauesch vis-à-vis vu professionelle Regroupementer waren, gouf d'Gesetz Le Chapelier de 14. Juni 1791 gestëmmt. Dëse Gesetzestext, deen an d'Geschicht vun der Aarbechterwelt agaangen ass, huet all Beruffskierperschaften a Syndikater verbueden, genee wéi de Streik.

D'Revolutioun, déi Angscht viru grousse Gruppen hat, an déi d'individuell Fräiheeten héichgehalen huet, huet den Aarbechter d'Méiglechkeet geholl, sech zesumme fir hir Rechter zesummenzefannen an z'organiséieren.

D'reliéis Fro[änneren | Quelltext änneren]

De Katholizismus (mat sengem kanonesche Recht a sengem Dogma) gouf baussent de Staat gesat, dat heescht d'Bezéiungen tëscht Kierch a Staat goufen a Fro gestallt, an d'Kierch gouf laïziséiert, andeems de Prinzip applizéiert gouf, datt nëmmen den nationale Wëlle Gesetzer schafe kann. D'Texter vum August 1789 hunn d'Privileegien opgeléist, an de Klerus sollt als Kierperschaft vum publike Recht verschwannen. Ausserdeem huet d'Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter d'Geeschtesfräiheet unerkannt, wat déi dominant Situatioun vum Katholizismus zerstéiert huet.

Materiell gesi gouf beim Klerus och richteg opgeraumt, fir seng Muecht ze verklengeren: De Besëtz vun der Kierch war grouss (ongeféier 15 % vun de Lännereie vu Frankräich) an huet eng Méiglechkeet fir de Staat gebueden, deen déif verscholt war: de Besëtz vun der Kierch gouf konfiskéiert an zum Verkaf fräiginn. De Charles Maurice de Talleyrand-Périgord, Bëschof um Enn vum Ancien Régime an délégué général vum Klerus um Haff (eng wichteg Funktioun) huet der Assemblée den « transfert à la Nation des biens de l'Église, à charge pour la Nation d'assurer la rémunération des cultes et d'assurer les divers services sociaux pris en charge avant par l'Église » virgeschloen. Obschonn Argumenter fir de Klerus developpéiert goufen, bei deene sech virun allem op d'Recht op Besëtztum beruff gouf, huet d'Assemblée nationale d'Nationalisatioun vum Besëtz vum Klerus den 2. November 1789 beschloss.

Vum Fréijoer 1790 u gouf de Besëtz verkaf. Aus politescher Siicht war d'Operatioun gelongen, d'Bierger hu massive Besëtz vum Klerus kaaft - virun allem Lännereien - an andeems si kaaft hunn, hu si sech un d'Revolutioun gebonnen. Aus der Siicht vun de publike Finanze war et allerdéngs kee wierklechen Erfolleg, well d'Assemblée de Keefer ganz favorabel Konditioune beim Kaf ugebueden huet. D'Assemblée huet versicht, hirem Akommes viraus ze sinn, an huet sougenannten Assignats erausginn. Dës Emissioun war ganz inflationnistesch an den Assignat huet tëscht 1789 a 1796 97 % vu sengem Wäert verluer.

 Méi Informatioun doriwwer an den Artikelen Assignat; Gesetz Le Chapelier a(n) Zivilkonstitutioun vum Klerus

De Kinnek an d'Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Fest vun der Federatioun de 14. Juli 1790.

De 14. Juli 1790, ee Joer nom Stuerm op d'Bastille, gouf um Champ-de-Mars d'Fest vun der Federatioun gefeiert. De Marquis de La Fayette war bei de Feierlechkeeten op der Säit vu Kinnek a Kinnigin dobäi. Et war e Moment vun nationaler Unioun: de Kinnek huet säin Eed op déi nei Constitutioun geleescht, an d'Vollek huet fir hie geklappt. An dësem Moment hätt ee kënne mengen, de Louis XVI. hätt sech mat de Verännerunge vun der Revolutioun offonnt. Mä de Géigendeel war de Fall. De Louis XVI. huet jiddwerengem gewénkt, an op eng Geleeënheet gewaart, fir seng Muecht nees zeréckzekréien. Well hien ausserdeem déif kathoulesch war, stoung hien op der Säit vum Poopst an de refractaire Paschtéier.

E Fluchtversuch (20. an 21. Juni 1791) huet dem Vollek seng wierklech Positioune gewisen. D'radikal Paräisser Patrioten hunn an dësem Gest e Verrot vum Kinnek gesinn, an hunn de Stuerz vum Kinnek verlaangt. Deputéiert wéi de Bailly an de La Fayette, Frënn vun enger konstitutioneller Monarchie, hunn eng Thees opgestallt, datt de Kinnek net geflücht wier, mä entfouert gouf. De 17. Juli 1791 koum et op en Neits zu Manifestatiounen. De Bailly huet den Uerder ginn, op d'Manifestanten ze schéissen, heibäi sinn haaptsächlech Fraen a Kanner ëm d'Liewe komm. Heiduerch koum et zum Broch tëscht de moderéierte Patrioten an dem Paräisser Vollek, wat sech op Leit wéi Danton, Robespierre a Marat verloosse konnt. Verschiddener, wéi de Condorcet hu souguer no enger Republik geruff. De Bailly an de La Fayette, a mat hinnen d'Majoritéit vun den Deputéierten, hunn de Club des Jacobins verlooss, an de Club des Feuillants gegrënnt. Fir si war d'Revolutioun eriwwer, de Regimm misst elo verstäerkt ginn, an d'konstitutionell Monarchie ënnerstëtzt.

Fir en Deel vun der Bevëlkerung war de Kinnek näischt méi wäert. Revolutionär Zeitungen hu Karikature vum Kinnek als Schwäi verëffentlecht. D'royalistesch Zeitungen hunn zu der oppener Resistenz opgeruff. Ëmmer méi Leit hunn emigréiert. D'Géigner vun der Revolutioun an d'Jakobiner hunn Influenzreseauen am ganze Land opgebaut, fir d'Meenung ze mobiliséieren.

De Louis XVI. huet an der Tëschenzäit op d'Zänn gebass, an d'Constitutioun vum September 1791 akzeptéiert. An dëser Constitutioun goufen Iddie vum John Locke a vum Montesquieu iwwer d'Trennung vun de Gewalten iwwerholl, wat si strikt duerchgesat hunn. De Kinnek hat nëmmen nach seng exekutiv Muecht, hie war net responsabel virun der Assemblée an dës konnt och näischt géint hie maachen. Hien hat e Vetorecht fir véier Joer zu all Gesetz, a konnt sech selwer seng Ministeren eraussichen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Flucht op Varennes an am Artikel Constitutioun vu 1791

De Stuerz vun der Monarchie[änneren | Quelltext änneren]

De Krich
De Leopold II., réimesch-däitsche Keeser.

D'Emigranten, déi sech zu engem groussen Deel zu Koblenz ronderëm de Grof vun Artois opgehalen hunn, hunn Drock op d'europäesch Herrscher gemaach, fir a Frankräich anzegräifen. Fir si zefridden ze stellen, koum et am August 1791 zu der Pillnitzer Deklaratioun tëscht Preisen an dem Hlg. Réimesche Räich. Dës Deklaratioun gouf a Frankräich als Menace opgeholl. D'Assemblée législative huet um Enn vum Joer 1791 eng Partie Dekreter gestëmmt, déi d'Situation nach méi verschlëmmert hunn. Den 9. November 1791 huet si verlaangt, datt d'Emigranten zwéi Méint Zäit hätten, nees a Frankräich zeréckzekommen, am anere Fall géif hire Besëtz konfiszéiert ginn. D'auslännesch Prënze goufen opgeruff, d'Emigrante vun hire Lännereien ze verdreiwen. De Kinnek huet dëse leschten Dekreet ënnerschriwwen, well dësen e Krich méiglech gemaach huet.

D'Feuillants an de Kinnek, déi sech bewosst waren, datt d'Arméi net gutt organiséiert war, hunn op eng séier Victoire gehofft. D'Jakobiner wollten d'Revolutioun duerch e Krich a ganz Europa verbreeden. De Robespierre war ee vun de wéinegen, dee géint e militäresche Konflikt war.

Den 20. Abrëll 1792 huet Frankräich op d'Propositioun vum Louis XVI. Ungarn a Béimen de Krich erkläert, dat heescht eigentlech Éisträich. D'Girondins hu vun engem Krich vun de Vëlker géint d'Kinneke geschwat, vun engem Kräizzuch fir d'Fräiheet. Preisen huet sech e puer Woche méi spéit op d'Säit vun den Éisträicher gestallt. D'franséisch Arméi, déi duerch d'Emigratioun vun adlegen Offizéier zimmlech desorganiséiert war, hat keng Méiglechkeete géint d'Preisen, an d'Grenze ware séier a Gefor. Bei de Patriote gouf vun engem Komplott vum Adel geschwat, zesumme mam Haff an de refractaire Paschtéier. D'Assemblée huet dräi Dekreter gestëmmt, fir d'refractaire Paschtéier ze deportéieren, d'perséinlech Gard vum Kinnek opzeléisen, an e Camp op d'Been ze stellen, fir Paräis ze verdeedegen. De Louis XVI. huet säi Veto bei de Paschtéier a bei der Garde fir Paräis ze beschützen agereecht. Doropshin huet d'Vollek d'Tuilerien den 20. Juni gestiermt. Mä dës Kéier huet de Kinnek sech net erginn. Hie war averstanen d'Phrygesch Mutz virun de Sans-culottes unzedoen, mä huet refuséiert, nozeginn. Den 11. Juli 1792 ass d'Assemblée de kinnekleche Veto ëmgaangen, andeems si d'patrie en danger ausgeruff huet, an all Fräiwëlleger op Paräis geruff huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Koalitiounskricher.

De Stuerz vun der Monarchie

De 25. Juli huet de Chef vun der preisescher Arméi, de Grof vu Braunschweig, wësse gelooss, datt Paräis géif zerstéiert ginn, wann d'Liewe vum Kinnek eng weider Kéier a Gefor wier. Wéi d'Manifest vu Braunschweig zu Paräis ukomm ass, hunn d'Revolutionär gefuerdert, de Kinnek ofzesetzen, mä d'Assemblée huet refuséiert. Sou koum et an der Nuecht vum 9. op den 10. August 1792 zu engem Opstand ënner der Leedung vu Pétion an Danton. Um fréie Moie waren d'Opstänneg bei den Tuilerien ukomm, an hunn dëse geplëmmt. D'Schwäizer Gard gouf op der Plaz ëmbruecht. De Kinnek ass an d'Gebai vun der Assemblée législative geflücht, mä déi huet sech géint hie gestallt, an hie vu senge Funktiounen entbonnen. D'Constitutioun vu 1791 war näischt méi wäert, a sou huet d'Assemblée decidéiert, eng Convention nationale ze wielen, fir déi nei Institutioune vum Land ze bestëmmen. Um Owend vum 10. August gouf e Conseil exécutif an d'Liewe geruff, an ënner de sechs Membere waren den Danton, Justizminister, an de Gaspard Monge, Minister vun der Marin.

D'koaliséiert Truppe si weider Richtung Paräis gezunn, an eng Festung no der anerer ass gefall. An dësem Kontext huet den Danton den 2. September 1792 deklaréiert:

« De l'audace, encore de l'audace, toujours de l'audace et la Patrie sera sauvée ».

D'Vollek, a Panik, huet d'Feinden a Frankräich selwer fir dës Situatioun verantwortlech gemaach. Tëscht dem 2. a 6. September 1792 goufe Paschtéier a Gefaangen an de Prisonge massakréiert. Dat huet e puer Deeg gedauert, bis datt d'administrativ Autoritéite sech getraut hunn, anzegräifen, an d'Deputéiert hunn dës Massakeren eréischt e puer Méint méi spéit verurteelt. Dës Septembermassakere waren e wichtege Punkt an der Revolutioun, déi eng aner Richtung ageschloen huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Septembermassakeren.

Convention nationale

D'Wale fir d'Konventioun goufe matzen an de Septembermassakeren ofgehalen. Vun de 7 Millioune Wieler gëtt geschat datt 90 % net deelgeholl hunn. D'Deputéierte goufen also vun enger Minoritéit gewielt.

D'Madame Roland, déi fir d'Girondins geschwat huet

Wéi och scho 1789 gouf an zwéin Tier gewielt, fir d'populär Klasse vun der nationaler Representatioun ewechzehalen. D'Deputéierte koume bal alleguer aus der Bourgeoisie, een Drëttel aus der Justiz. Et koum awer trotzdeem zu zwou verschiddene Fraktiounen. D'Brissotins oder Girondins hunn dem Paräisser Vollek net getraut. Si goufe vun der räicher Handelsbourgeoisie ënnerstëtzt, an hunn d'individuell Fräiheete vu 1789 héichgehalen. Si wollten net zu aussergewéinleche Moossname gräifen, fir déi jonk Republik z'erhalen. Hir Dirigente ware Brissot, Vergniaud, Pétion a Roland.

D'Montagnards souzen op de méi héije Bänken, a kruten dohier hiren Numm. Si hu méi op d'Problemer vum Vollek opgepasst. Si ware bereet, sech dem Vollek unzeschléissen, wéi de Sans-culottes vun der Commune vu Paräis, a waren och bereet, zu aussergewéinleche Moossnamen ze gräifen, fir d'Republik ze retten. Zu hire Cheffen hu Robespierre, Danton, Marat a Saint-Just. Am Zentrum suz eng Majoritéit vun Deputéierten, déi La plaine oder Le marais genannt goufen, a jeeweils déi zwéin Extremer ënnerstëtzt hunn.

D'franséisch Arméi konnt den 20. September an der Schluecht vu Valmy d'Preise klappen. D'Preisen an d'Éisträicher hu sech aus Frankräich zeréckgezunn, Affären a Polen ware méi wichteg. De 6. November 1792 konnt de Generol Dumouriez d'Schluecht vu Jemmapes gewannen. D'franséisch Truppen hunn d'Éisträichesch Nidderlanden besat, am Osten huet d'Arméi vum Generol Custine d'lénkst Ufer vum Rhäin ageholl. Och d'Savoie gouf eruewert. Iwwerhall hunn d'Fransousen hiert revolutionärt Ideal verbreed, awer och däitlech gemaach, datt de Rhäin déi natierlech Grenz am Norden an Oste vu Frankräich wier.

De leschten Akt vun der Assemblée législative war d'Laizisatioun vum état civil. Den 20. September 1792 huet si decidéiert, datt d'Registere vu Gebuerten an Doudesfäll vun de Gemenge gehale ginn, an net méi vun de Paschtéier.

D'Convention huet decidéiert, d'Monarchie ofzeschafen, an den 22. September 1792 gouf d'Republik ausgeruff. Dëst war den Ufank vun enger neier Ära.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Convention nationale.

D'Republik[änneren | Quelltext änneren]

Girondins géint Montagnards[änneren | Quelltext änneren]

Hiriichtung vum Louis XVI.

An hiren éischten Deeg gouf d'Convention vun de Girondins dominéiert, déi am Conseil exécutif souzen. Si hu versicht, de Prozess vum Kinnek z'evitéieren, aus Angscht dëst géif zu enger neier Géigerevolutioun féieren, an d'europäesch Monarchie nach méi feindlech maachen. Mä wéi den 30. November 1792 den Eiserne Schaf (fr.: armoire de fer) fonnt ginn ass, war näischt méi géint e Prozess ze maachen. D'Dokumenter an dësem geheime Koffer sollen de Verrot vum Louis XVI. bewisen hunn. De Prozess huet den 10. Dezember ugefaangen. Um Enn gouf de Kinnek fir schëlleg deklaréiert. Hie gouf zum Doud verurteelt, allerdéngs nëmme mat enger knappser Majoritéit (366 géint 334 Stëmmen). De Sursis an den Opruff un d'Vollek, wat d'Girondins gefrot haten, goufe verworf. De Kinnek Louis XVI. gouf den 21. Januar 1793 op der Place de la Révolution guillotinéiert.

Seng Hiriichtung huet gemëschte Gefiller bei der franséischer Bevëlkerung ervirgeruff. D'europäesch Herrscher hu reagéiert, andeems si am Februar 1793 déi Éischt Koalitioun an d'Liewe geruff hunn. D'Girondins hunn de 24. Februar 1793 eng Levée vun 300.000 Männer beschloss, déi dem Lous no gemaach gouf, wat u Praktiken aus dem Ancien Régime erënnert huet. Wéi dës Levée bekannt ginn ass, koum et zu Opstänn am Elsass, an der Bretagne an am Massif central, déi awer séier nees ënnerdréckt goufen. Mä d'Convention huet e Gesetz gestëmmt, wat besot huet, datt all Rebell bannent 24 Stonnen ouni Prozess géif higeriicht ginn.

Am Mäerz 1793 hunn d'Opstänn an der Vendée ugefaangen. Um Süde vun der Loire huet d'Levée zu enger Allianz vu Baueren, déi vun der Revolutioun enttäuscht waren, dem refractaire Klerus an dem Adel gefouert. Obschonn d'Departementer eréischt 1789 an d'Liewe geruff gi waren, an den Opstand wäit iwwer d'Grenze vun der Vendée erausgaangen ass, gouf séier vum "Krich an der Vendée" (fr.: guerre de Vendée) geschwat. Dësen Opstand gouf als Argument vun de Montagnards an de Sans-culottes benotzt, fir ze weisen, datt d'Girondins ze moderéiert wieren, an hunn no aussergewéinleche Moossname geruff. D'Girondins ware gezwongen, d'Kreatioune vum Comité de Salut Public a vum Revolutiounsgeriicht z'akzeptéieren. Enn Mee an am Juni 1793 goufen d'Girondins vun de Paräisser Sans-culottes verdriwwen. D'Montagnards hu sech mat den extremisteschste Fraktiounen zesummegedo, fir un d'Muecht ze kommen. An der Provënz goung et genee ëmgedréint. Zu Marseille an zu Lyon hunn d'Girdonins d'Buergermeeschteren, déi zu de Montagnards gehéiert hunn, verdriwwen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Prozess vum Louis XVI. vu Frankräich an am Artikel Hiriichtung vum Louis XVI. vu Frankräich

D'Republik a Gefor[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Montagnards un d'Muecht koumen, war d'Republik a grousser Gefor. De Krich an der Vendée huet sech zu engem royalisteschen Opstand entwéckelt, nodeem d'Adeleg sech un d'Spëtzt gestallt hunn, an huet sech am Weste verbreed. Saumur an Angers goufen am Juni 1793 ageholl, mä Nantes huet nach widderstanen. Zu royalistesche Revolte koum et och an der Lozère an am Dall vum Rhône. D'Girondins, déi virun der Paräisser Repressioun flüchte konnten, hunn an den Departementer zu enger Revolt géint Paräis opgeruff. Si goufe vun den Autoritéite vun den Departementer, wéi an der Normandie, ënnerstëtzt.

Jacques-Louis David, La mort de Marat (1793).

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Krich an der Vendée.
Den 13. Juli gouf de Jean-Paul Marat vun der Federalistin Charlotte Corday ëmbruecht. Am Südweste sinn d'Spuenier iwwer d'Grenz komm, d'Arméi aus dem Piemont am Südosten, d'Preisen, d'Éisträicher an d'Englänner am Norden an am Osten. Ënner dem Drock vun de Sans-culottes hunn d'Montagnards decidéiert, zu radikale Mëttelen ze gräifen, fir géint dës Gefore firzegoen.

D'Convention huet am Juli 1793 eng demokratesch an dezentraliséiert Constitutioun gestëmmt, déi duerch e Referendum ratifizéiert gouf. D'Constitutioun vum Joer I huet versicht, eng populär Souveränitéit op d'Been ze stellen, duerch heefeg Wale bei universalem Walrecht, an andeems d'Bierger e Matsproocherecht am legislative Prozess haten. Mä dës Constitutioun gouf ni applizéiert. Den 10. August 1793 huet d'Convention dekretéiert, datt d'Constitutioun eréischt géif a Kraaft trieden, wann a Frankräich Fridde wier. De Saint-Just huet erkläert:

"Dans les circonstances où se trouve la République, la constitution ne peut être établie, on l'immolerait par elle même. Elle deviendrait la garantie des attentats contre la liberté, parce qu'elle manquerait de la volonté nécessaire pour les réprimer.

D'Haaptorgan vum Gouvernement war de Comité de salut public. Dëse Comité gouf am Abrëll 1793 gegrënnt a vum Danton bis zu senger Eliminatioun den 10. Juli dominéiert. De "Grand comité de l'an II" huet 12 Membere gezielt, déi all Mount vun der Convention nees nei gewielt goufen. Hien hat d'Gesetzesinitiativ, d'exekutiv Muecht an huet d'Fonctionnairen ernimmt. Duerch dëse Comité gouf d'Muecht an enger kritescher Zäit zentraliséiert. De "Grand Comité" gouf vum Robespierre dominéiert. All Member huet sech ee bestëmmte Beräich erausgesicht, sou zum Beispill de Carnot dee sech fir d'Arméi entscheet huet.

D'Membere vum Comité de sureté générale waren och Membere vun der Convention. Dëse Comité huet sech ëm d'Police gekëmmert, an d'Verdächtegelëscht opgestallt. Duerch eng Kompetenzrivalitéit stoung dëse Comité géint de Comité de salut public. Fir d'Moossnamen ëmzesetzen, huet d'Convention Membere bei d'Arméien an an d'Departementer geschéckt: d'Représentants e mission. Si haten e grousse Pouvoir, fir d'Géigner vun der Revolutioun ze strofen.

D'Convention huet missen op d'Paräisser Sans-culottes oppassen, zu de Radikalsten hunn de Jacques-René Hébert gezielt, deen d'Zeitung Le Père Duchesne gegrënnt huet, souwéi de fréiere Paschtouer Jacques Roux. De 4. a 5. September 1793 hu si d'Convention gestiermt, a konnten hir Iddi vun enger revolutionärer Arméi fir géint d'Géigerevolutioun firzegoen, duerchsetzen. Et koum zu der Terreur.

Gesetzer fir d'Republik ze retten[änneren | Quelltext änneren]

Grouss Moossnamen

Hiriichtung vun der Marie-Antoinette.

Duerch d'Gefor fir d'Republik huet d'Convention all Gesetzer gestëmmt, déi de Comité de salut public hir presentéiert huet. D'Gesetz vum 23. August 1793 zu der Levée e masse huet erlaabt, all jonk Männer, déi net bestuet waren, an d'Arméi ze schécken. Déi aner Fransousen hunn um Krichseffort misse mathëllefen, andeems si Militärequipement geliwwert hunn oder d'Mauere vun de Kelleren ofgeschruppt hu fir Salpéiter ze gewannen, dee wichteg war fir d'Polfer hierzestellen. Déi ganz Wirtschaft vun der Natioun war op de Krich ausgeluecht. Zimmlech séier konnt eng Arméi vun enger Millioun Männer op d'Bee gestallt ginn. Duerch hir Zuel an hire staarke Wëllen ze kämpfen, konnt d'Erfarung vun enger Beruffsarméi ersat ginn.

D'Membere vun der Convention haten d'Septembermassakeren net vergiess. Fir géint d'Géigner vun der Revolutioun ze gewannen, an en Opstand vum Vollek ze verhënneren, hu si déi legal Terreur agefouert. Am September 1793 gouf d'Gesetz vun de Verdächtege gestëmmt, an d'Lëscht war zimmlech laang. Den Adel, d'Emigranten, d'refractaire Paschtéier, d'Federalisten an hir Famille sinn all an dës Kategorie gefall. Si hu missen agespaart ginn, bis nees Fridden am Land war. D'populär Gesellschaften, déi vun de Sans-culottes kontrolléiert goufen, kruten Iwwerwaachungsmuecht a Policegewalt.

Fir d'Onzefriddenheet vun de Stadbevëlkerunge kleng ze halen, déi duerch de Krich Liwwerschwieregkeeten haten, wat zu enger Erhéijung vun de Präisser gefouert huet, huet de Comité de Salut Public d'wirtschaftlech Terreur op d'Bee gestallt. De 27. Juli huet d'Convention déi Leit mat der Doudesstrof bestrooft, déi Iesswuere stockéiert hunn, amplaz se ze verkafen. Am September huet d'Gesetz vu Maximum d'Präisser um Niveau vun deene vu 1790 blockéiert, déi ëm 30 % erhéicht goufe.

Resultater

D'Politik vum Comité de salut public konnt d'Republik retten. Zanter September 1793 konnten d'Membere vun der Éischter Koalitioun nees hanner d'Grenzen zeréckgedréckt ginn. D'federalistesch Revolt konnt zeréckgeschloe ginn, bis op Toulon, wou d'Royalisten d'Stad anhuele konnten, a si den Englänner ausgeliwwert hunn.

An der Vendée konnten d'republikanesch Truppe géint d'kathoulesch a royal Arméi an der Schluecht vu Cholet gewannen. Eng Partie vun der Arméi vun der Vendée ass Richtung Norde gezunn, an der Hoffnung den Hafe vu Granville am Cotentin anzehuelen. Dës Expeditioun, déi ënner dem Numm Virée de Galerne bekannt ginn ass, war zwar keen Erfolleg, mä huet awer däitlech d'Stäerkt an d'Determinatioun vun de Revoltéierte gewisen. Ländlech Banden hu sech weider am ganze Weste vu Frankräich erëmgedriwwen. Si goufe "Chouans" genannt. D'Repressioun géint d'Vendée war terribel. Tëscht September 1793 a Februar 1794 huet de Représentant en mission Jean-Baptiste Carrier Dausende vu Leit zu Nantes hiriichte gelooss. Zu Angers goufen eng Ronn 2 000 Fraleit higeriicht. D'"Colonnes infernales" vum Generol Louis Marie Turreau hunn Dierfer néiergebrannt, an d'Bevëlkerung massakréiert, ouni en Ënnerscheed tëscht Zivilisten a Revoltéierten ze maachen.

Moossnam fir d'Dechristianisatioun, spontan oder duerch d'Représentants en mission organiséiert, hu sech an der ganzer Republik verbreed. Am Numm vun der Gläichheet goufe Statuen, Kräizer a Klacken zerstéiert. De 5. Oktober 1793 huet d'Convention de Republikanesche Kalenner ugeholl. De 7. November huet den Äerzbëschof vu Paräis Gobel ofgedankt. All Paschtéier vun der Convention, ausser dem Abbé Grégoire, hunn hien imitéiert. D'Kierche goufen zougemaach, an d'Sans-culottes hunn e Märtyrerkult ronderëm d'Revolutioun developpéiert. Den 10. November gouf dFête de la Raison gefeiert, an Notre-Dame zu engem Tempel ëmgebaut. D'Onuerdnung, déi aus dëse Verhalen entstanen ass, huet de Robespierre ofgeschreckt, an hien huet verlaangt, d'Uerdnung nees hierzestellen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Terreur.

De Robespierre an d'Grande Terreur[änneren | Quelltext änneren]

De Robespierre.

Op d'Initiativ vum Robespierre gouf en aussergewéinlecht Gouvernement mat engem Dekreet vum 14. Frimaire Joer II an d'Liewe geruff. Aus der Convention gouf de « Centre unique de l'impulsion du Gouvernement ». Si hat am Prinzip de ganze Pouvoir. Fir willkürlech Akten an de Provënzen ze verhënneren, gouf de Pouvoir vun de Representante vum Vollek limitéiert. Verschiddener, sou wéi de Fouché, goufe fir hir Aktioune kritiséiert. De Robespierre huet den Atheismus verdaamt. Hie war géint d'Politik vun der Dechristianisatioun, an huet e Gesetz fir d'Fräiheet vum Kult stëmme gelooss, souwéi e Gesetz wat d'Onstierflechkeet vun der Séil unerkannt huet. Hien huet Representanten an den Norde geschéckt, fir der Onuerdnung déi d'revolutionär Arméi hei verbreet huet, en Enn ze setzen.

Zu Paräis huet de Comité de salut public versicht, den Afloss vun de Sans-culottes an der Convention ze limitéieren. Um Enn vum Mäerz 1794 konnt de lénkse Fligel vun de Montagnards eliminéiert ginn, an d'Haaptcheffe vun den "Enragés" goufen higeriicht: Hébert a Jacques Roux. Ufank Abrëll gouf och de rietse Fligel vun de Montagnards auserneegeholl, sou och den Danton. D'Indulgents, wéi de Grupp vum Danton genannt gouf, goufen no engem irreguläre Prozess guillotinéiert, wou den Danton d'Recht geholl krut, sech selwer ze verdeedegen. De Fabre d'Eglantine, deen de Revolutiounskalenner geschaf hat, an de Camille Desmoulins, obschonn hien e Frënd vum Robespierre war, goufen och guillotinéiert.

Nodeem d'Terreur an de Provënzen zeréckgaange war, ass si zu Paräis ëmmer méi staark ginn, virun allem nodeem d'Gesetzer vu Prairial gestëmmt goufen. D'Revolutiounsgeriicht war als eenzeg Institutioun dofir zoustänneg, politesch Krimineller ze verurteelen. D'Definitioun vum Feind vun der Revolutioun war zimmlech breed: "Ceux qui cherchent à anéantir la liberté par la force ou par la ruse". Et gouf keng Zeien a keng Affekote méi, an nëmmen zwee Urteeler ware méiglech: Fräiheet oder Doud. Duerch d'Gesetz vum Prairial koum et zu der sougenannter Grande Terreur. An de Wochen duerno goufen zu Paräis iwwer 1.400 Leit guillotinéiert.

Eng Guillotine.

1794 huet sech de Krichseffort vum Vollek bezuelt gemaach. Duerch d'Victoire vu Fleurus de 26. Juni 1794, konnten d'Fransousen d'Belsch nees anhuelen. Iesswuere goufen an de besate Regioune requisitionnéiert, an a Frankräich geschéckt.

De Robespierre huet sech, andeems hie géint déi eenzel Faktioune gekämpft huet, a fanatesch Terroriste komme gelooss huet, vill Feinde gemaach. Hie gouf zum Politiker mam gréissen Afloss. Nodeem hien d'"Fête de l'Être suprême" den 10. Juni 1794 presidéiert hat, koumen ënner senge Géigner Rumeuren op, hie wéilt déi ganz Muecht u sech rappen. Nodeem hie sech fir eng Zäit aus der Politik zeréckgezunn hat, hu sech Oppositiounsgruppe ronderëm de Comité de sureté général an eelere Représentants en mission wéi Tallien a Fouché opgebaut.

Wéi de Robespierre sech nees bei der Convention gewisen huet, huet hien den Deputéierte mat enger weiderer Epuratioun gedreet. De Komplott géint hien huet konkreet Formen ugeholl. Den 9. Thermidor Joer II gouf de Robespierre festgeholl. Eng Aktioun vun der Commune vu Paräis huet hien ouni säin Averständnis befreit, an an den Hôtel de Ville bruecht. Mä d'Sans-culottes hu sech de Frënn vum Robespierre net ugeschloss. D'Convention huet de Robespierre zu engem "Hors la loi" erkläert, an Truppe geschéckt, fir d'Gebai ze stiermen. Den Dag drop, den 28. Juli, goufen de Robespierre a seng Haaptunhänger higeriicht. D'thermidorianesch Deputéierte vun der Convention hunn d'Girondins nees zeréckgeruff, an der Terreur en Enn gesat.

Déi nei Constitutioun vum Joer III gouf den 29. Messidor gestëmmt, an am September fatifizéiert. Si ass de 4. Vendémiaire a Kraaft getrueden, an huet en neie Regimm op d'Bee gestallt, den Directoire.

Den Directoire (1795 - 1799)[änneren | Quelltext änneren]

François Bouchot, Le général Bonaparte au Conseil des Cinq-Cents, à Saint Cloud. 10 novembre 1799. (1840)

Fir de revolutionnäre Kalenner huet den Directoire vum 4. Brumaire Joer IV bis den 18. Brumaire Joer VIII gedauert. Dat war den zweete Versuch, e stabille Regimm op Basis vun enger Konstitution opzebauen. D'Pazifikatioun vum Westen an d'Enn vun der Éischter Koalitioun hunn den Etablissement vun enger neier Constitutioun erlaabt. Fir d'éischt Kéier a Frankräich war d'Legislativ an den Hänn vun engem Parlament mam Zweekummersystem:

D'exekutiv Muecht louch an den Hänn vun engem Directoire vu fënnef Persounen, déi vum Conseil des Anciens no enger Lëscht vum Conseil des Cinq-Cents erausgesicht goufen. D'Ministeren an d'fënnef Direktere waren net responsabel virun der Assemblée, mä si konnten dës och net opléisen. Wéi scho 1791 waren och hei keng Prozedure virgesinn, fir Konflikter ze reegelen.

D'Thermidorianer konnten duerchsetzen datt zwee Drëttel vun de Gewielten aus der Convention géife kommen. D'Regiounen am Westen, dem Dall vum Rhône a vum Oste vum Massif Central hu royalistesch Deputéierte gewielt. Wärend der ganzer Dauer vum Directoire gouf et eng politesch Instabilitéit. Royalistesch Korrespondenzreseauen hu Propaganda an Informatioun verbreed, mat der Ënnerstëtzung vun de Bridder vum Louis XVI. an den europäesche Muechten. D'Unhänger fir eng Monarchie konnten d'Wale vu 1797 gewannen. D'moderéiert Republikaner hunn am September 1797 e Staatsstreech duerchgefouert, deen zwéi vun de fënnef Direktere verdriwwen huet, an d'Wal vu 1797 als ongëlteg deklaréiert huet. 1798 hunn d'Walen d'Jakobiner begënschtegt. D'Conseilen hu sech doropshin d'Recht geholl, d'Deputéiert an der Hallschent vun de Circonscriptioune selwer erauszesichen. D'Thermidorianer konnten zwar un der Muecht bleiwen, mä keen huet hinne Vertraue geschenkt.

D'wirtschaftlech Situatioun huet d'Fransouse weider vun der Republik ewechgedriwwen. Den Assignat, dee säi ganze Wäert verluer hat, gouf duerch nei Billjeeën ersat, de Mandat territorial, deen awer nëmmen ee Joer gehalen huet. Vu 1797 un huet de Staat d'Steieren a Form vu Sue gefuerdert. Mä duerch d'Finanzkris waren d'Mënze rar. No den Inflatiounsjoren duerch den Assignat koum et a Frankräich zu engem Stuerz vun de Präisser, dee virun allem d'ländlech Welt betraff huet. Well si net kapabel waren, d'Scholde vun der absolutter Monarchie an 8 Joer Revolutioun ze begläichen, hunn d'Assembléeë sech fir d'Faillite vun den "zwee Drëttel" entscheet. Frankräich huet zwee Drëttel vun der ëffentlecher Schold net bezuelt, mä de leschten Drëttel konsolidéiert andeems d'Schold an de Grand livre de la dette agedroe gouf. Eng nei Steier op d'Dieren a Fënstere gouf 1798 an d'Liewe geruff, d'Gendaarme waren zoustänneg fir d'Steieren anzedreiwen.

An der Tëschenzäit war d'franséisch Arméi an d'Offensiv gaangen. Am Fréijoer 1796 houf eng grouss Offensiv an Däitschland lancéiert, fir Éisträich zum Fridden ze zwéngen. D'Italienarméi vum jonke Generol Napoleon Bonaparte konnt eng Victoire no der anerer fir sech verbuchen, an Éisträich war gezwongen, de 17. Abrëll 1797 den Traité vu Campo Formio z'ënnerschrwien. Tëscht 1797 a 1799 gouf d'italieenesch Hallefinsel an eng Schwësterrepublik verwandelt, mat Institutiounen nom franséische Modell. Obschonn d'Victoiren d'Finanze vum Directoire verbessert hunn, sou hu si de Pouvoir dach ëmmer méi vun der Arméi ofhängeg gemaach. De Bonaparte gouf zum Arbitter fir bannepolitesch Streidereien. D'Expeditioun an Egypten sollt den Englänner de Wee an Indien verspären, d'Direkteren hu s'sserdeem als Méiglechkeet bnotzt, de Bonaparte wäit fort ze schécken.

Wéi ëmmer méi Schwësterrepubliken an d'Liewe geruff goufen, kruten d'europäesch Groussmuechten Angscht, virun allem Russland an England. Si hunn eng ze grouss Dominatioun vu Frankräich iwwer Europa gefaart. Sou koum et dann och zu der Zweeter Koalitioun am Joer 1798. D'englesch, russesch an éisträichesch Offensive konnten awer vun de franséischen Arméien ënner dem Brune a Masséna zeréckgedréckt ginn.

Den Directoire ass mam Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire Joer VIII (9. an 10. November 1799) duerch den Napoleon Bonaparte op en Enn gaangen, deen deklaréiert huet:

« Citoyens, la révolution est fixée aux principes qui l'ont commencée, elle est finie ».

De Consulat gouf an d'Liewe geruff, en autoritäre Regimm dee vun dräi Konsulen dirigéiert gouf, wou awer nëmmen den Éischte Konsul wierklech d'Muecht hat.

Fir verschidden Historiker ass de Consulat déi lescht Phas vun der Franséischer Revolutioun. Fir anerer gëtt de Consulat mam Premier Empire als eng nei Etapp an der franséischer Geschicht ugesinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Directoire.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

D'Franséisch Revolutioun

Allgemeng Informatiounen:

  • François Furet, La Révolution française, Le grand livre du mois, Paräis, 1999.
  • Albert Mathiez, La Révolution française, A. Colin, Paräis, 1930.
    • I: "La chute de la royauté: (1787-1792)"
    • II: "La Gironde et la Montagne"
    • III: "La terreur"

Spezifesch Aspekter:

  • Georges Lefebvre, La Révolution aristocratique, Centre de documentation universitaire, Paräis, 1946.
  • Fernand Mitton, La presse française sous la Révolution, le Consulat, l'Empire, G. Le Prat, Paräis, 1945.
  • Musée de la Révolution française, Aux armes citoyens!: les sabres à emblèmes de la Révolution, L'Musée, Vizille, 1987.

Gesellschaft, Kultur a Relioun:

  • Jean Dumont, La Révolution française ou les Prodiges du sacrilège, Critérion, Limoges, 1984 (ISBN 2-903702-13-6)
  • Albert Soboul, La civilisation et la Révolution française, Arthaud, Paräis, 1982 (ISBN 2-7003-0394-6)

Biographien:

Dictionnairen:

  • Jean Tulard, Histoire et dictionnaire de la Révolution française, Paräis, 1987.


 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bibliographie fir d'Franséisch Revolutioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franséisch Revolutioun – Biller, Videoen oder Audiodateien


Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.
Portal Neizäit – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Neizäit.