Frantz Clement (Journalist)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Frantz Clément (Journalist))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Journalist Frantz Clement. Fir de Moler mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Frantz Clément (Moler).
Frantz Clement
Gebuertsnumm François Clement
Gebuer 3. November 1882
Munneref
Gestuerwen 2. Juni 1942
KZ Dachau
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller
Titelblat vun der 1938er Oplo vun "Zickzack"

De Frantz Clement, eigentlech François Clement[1] oder och Franz Clément[2] gebuer den 3. November 1882 zu Munneref, gestuerwen den 2. Juni 1942 am KZ Dachau, war e lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Frantz Clement gouf den 3. November 1882 als Jong vun engem Metzler zu Munneref gebuer.

Vun 1898 bis 1901 war hien an der Normalschoul, an duerno vun 1901 bis 1904 Schoulmeeschter zu Rued bei Ell a vun 1904 bis 1905 zu Kauneref.

Mat enger Bourse déi hien 1905 vun der Regierung Eyschen krut, huet hien ee Joer laang op der Universitéit zu Leipzig Philosophie, Psychologie a Germanistik studéiert.

1907 huet hien zesumme mam Eugène Forman a mam Marcel Noppeney déi lëtzebuergesch Literaturzäitschrëft Floréal gegrënnt.

Ausserdeem huet hie sech fir d'Volleksbildungsveräiner agesat, wou hien och e reegelméissege Referent war, an huet och fir d'"demokratesch Veräiner" Virträg gehalen. Hien huet sech 1902-1903 an enger Artikelserie fir eng kënschtleresch Erzéiung vun de Jugendlechen an tëscht 1910 an 1912 staark fir eng Schoulreform engagéiert[3], déi am Schoulgesetz vun 1912 konkreetiséiert gouf, an déi him eng Exkommunizéierung duerch de Bëschof Jean Joseph Koppes abruecht huet.

1913 gouf hien haaptberuffleche Chefredakter beim nei gegrënnten Escher Tageblatt.

Den 13. August 1914, am Ufank vum Éischte Weltkrich, gouf hie wéinst sengen Däitschland-kriteschen Zeitungsartikelen zesumme mam Tageblatt-Direkter Paul Schroell verhaft. Déi zwéi koume fir fënnef Wochen an de Prisong op Koblenz. De Frantz Clement huet seng batter Erliefnesser vun do am Buch Zelle 86 K.P.U., dat 1920 erauskomm ass, verschafft.

Hien huet duerno säi Beruff als Schoulmeeschter (missen) opginn an huet zanterhier vu sengem Schreiwe gelieft.

Nom Éischte Weltkrich huet hien nees, bis 1924, d'Chefredaktioun vum Tageblatt iwwerholl. Hie stoung och dem Kolpecher Krees no an huet sech dofir agesat, datt Däitschland a Frankräich sech nees sollte verdroen. 1923 war hie Matgrënner vu Les cahiers luxembourgeois. Fir eng franséisch Literaturgeschicht ze schreiwen, ass hien op Magny-les-Hameaux an d'Géigend vu Paräis wunne gaangen, a war an där Zäit och ë. a. Korrespondent vun der däitscher lénksrepublikanescher Zäitschrëft Das Tage-Buch an huet als Conseiller fir den Ullstein-Verlag geschafft. Nodeem 1933 den Hitler an Däitschland un d'Muecht komm war an d'Medie "gläichgeschalt" gi waren, huet hien déi Opträg verluer, an en huet missen op Lëtzebuerg hannescht kommen.

Do huet hie fir d'Escher Tageblatt, d'Luxemburger Zeitung, d'Tribüne (déi en en halleft Joer erausginn huet) an Die neue Zeit (1936-1940) geschafft. Tëscht 1935 an 1940, huet hien ënner dem Pseudonym Erasmus, Glossen am Tageblatt publizéiert. Hien huet engagéiert géint d'Nazien an d'Verbreedung vum Faschismus an Europa, mä och géint de stalinisteschen Terror geschriwwen, a sech géint dat sougenannt Maulkuerfgesetz engagéiert.

Nom Däitsche Iwwerfall op Lëtzebuerg, am Mee 1940, stoung de Frantz Clément ganz uewen op der Lëscht vun deenen, déi d'Preise gesicht hunn. Hie konnt sech ufanks verstoppen, gouf awer de 25. Juli 1941 gefaange geholl an an d'KZ Dachau bruecht.

Do ass en e knappst Joer drop, den 2. Juni 1942, higeriicht ginn.

De Frantz Clement war de Koseng vum Hubert Clement.

Éierung[änneren | Quelltext änneren]

Zu Munneref an um Lampertsbierg si Stroossen no him benannt.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Kleinstadt. Eine kulturpsychologische Idylle (Separatdrock aus dem Tageblatt, 1915)
  • Zelle 86 KPU (1920)
  • Brücken über den Rhein
  • Das literarische Frankreich von heute (Literaturgeschicht, Berlin 1925)
  • Zickzack Feuilleton-Sammlung; 1938, 2. Oplo 1945; nei erausginn 2006 vum Robert Thill als 13. Band aus der Serie Lëtzebuerger Bibliothéik, Éditions du Centre national de littérature.
  • Pariser Briefe, 1955, Verlag Tony Jungblut Luxembourg, (eng Sammlung vun Artikelen, déi tëscht 1925 an 1933 an der Luxemburger Zeitung publizéiert goufen).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, Säit 74
  2. Aner Pseudonymer: Erasmus, Erasmus Pfefferkorn, Erasmus Hirschkäfer, Justinus Pfefferling, Ping Pang; Autorenlexikon, Säit 100
  3. Vgl. säin "Zur Reform der Normalschule. Kritik und Anregungen". Luxemburger Volksbildungsverein, 1910, a seng Artikelen an der Neue Zeit - Les temps nouveaux, där hire Chefredakter e war'