Franz Kafka
| Franz Kafka | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
3. Juli 1883 Prag |
| Gestuerwen | 3. Juni 1924 |
| Doudesursaach | Tuberkulos |
| Nationalitéit | Éisträich-Ungarn, Tschechoslowakei |
| Aktivitéit | Romancier, Novellist, Aphoristiker, Iwwersetzer, Affekot, Dréibuchauteur, Juristesche Schrëftsteller |
| Famill | |
| Bestuet mat | keng |
| Kanner | keng |
De Franz Kafka, gebuer den 3. Juli 1883 zu Prag, a gestuerwen den 3. Juni 1924 zu Kierling bei Wien, war een tschechesch-éisträichesche Schrëftsteller.
De Franz Kafka konnt sech säi ganzt Liewe laang net vum Drock vu sengem vun him gefaarte Papp, engem jiddesche Geschäftsmann, léisen. Dëst obwuel hien a sengem - ni fortgeschéckte - "Brief an den Vater" schonn 1919 versicht huet dëse Problem ze léisen.
No engem Studium vum Droit huet hie bei enger Versécherung geschafft. No e puer Kuropenthalter wéinst Tuberkulos, déi awer näischt bruecht hunn, gouf de Franz Kafka 1922 fréizäiteg pensionéiert.
Obwuel de Franz Kafka a sengem Testament festgeluecht hat, datt all seng nach net verëffentlecht Wierker verbrannt sollte ginn, huet säi laangjärege Frënd, de Max Brod, se trotzdeem publizéiert. Dat sinn ënner anerem:
- "Der Prozeß"
- "Das Schloß"
- "Amerika"
- "Beim Bau der chinesischen Mauer"
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: Franz Kafka – Biller, Videoen oder Audiodateien |