François Neu

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Franz Neu)
François Neu
Gebuer 18. Mäerz 1883
Reilandermillen
Gestuerwen 13. Oktober 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée classique d'Echternach
Aktivitéit Politiker

De François ("Franz") Neu, gebuer den 18. Mäerz 1883 op der Reilander Millen, a gestuerwen den 13. Oktober 1954 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Eisebunner, Gewerkschaftler a Politiker.[1]

No der Première am Iechternacher Kolléisch ass hie bei d'Eisebunn schaffe gaangen, wou hie sech gewerkschaftlech engagéiert huet an 1920 Member vum Landesverband gouf.

Et gëtt gesot, hien hätt heemlech d'Klara Zetkin op Lëtzebuerg bruecht, fir datt si um Kongress vun der Sozialistescher Partei, den 1. an 2. Januar 1921, eng Ried hale konnt.

1925 gouf hien eng éischt Kéier bei de Wale vum 1. Mäerz am Walbezierk Zentrum an d'Chamber gewielt, a bei deene vun 1931, vun 1937, vun 1945 an deene vun 1948 erëmgewielt.

1928 gouf hien an de Stater Gemengerot gewielt, wou hie bis 1951 Conseiller blouf. 1945-46 war hien do Schäffen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.148.