François Heldenstein (1749-1824)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Apdikter a Gemengepolitiker François Heldenstein. Fir Persoune mam selwechten Numm, kuckt wgl. François Heldenstein.
François Heldenstein
Gebuer 27. Oktober 1749
Iechternach
Gestuerwen 30. Juli 1824
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Kanner Jean-Pierre David Heldenstein

De François Heldenstein, gebuer de 27. Oktober 1749 zu Iechternach an do gestuerwen den 30. Juli 1824, war e lëtzebuergeschen Apdikter a Gemengepolitiker.[1]

Hie war de Fils vum Jean Georges Heldenstein a vun der Marie Elisabeth Koch[1]. Hien huet sech den 31. Januar 1785 an der Stad Lëtzebuerg mat der Marguerite Seyler bestuet[2]. Seng Nominatioun als Apdikter hat hie 1783 kritt[3]. Hie gëllt als de Grënner vun der Iechternacher Pharmacie du Lion (Löwen-Apotheke)[4]. Hien ass 1824 um Klenge Maart, Nr. 80, verscheet[1]. Seng Apdikt gouf 1827 vu sengen Ierwe sengem Eedem, dem Jean-Pierre Brimmeyr, dee mat senger Duechter Lambertine Constance Jeanne bestuet war, iwwerdroen.[2] Hie war Member vum Iechternacher Gemengerot a Buergermeeschter vun Iechternach vum 5. Mee 1799[5] bis den 21. August 1800[1].

Am Gebuertsregëster war hien als Höldensteiner opgeschriwwe ginn[3].

Hie war de Papp vum Stater Apdikter a Buergermeeschter Jean-Pierre David Heldenstein.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  2. 2,0 2,1 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, S. 690.
  3. 3,0 3,1 Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, S. 59.
  4. Toelle, A., 1920. Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Großherzogtum Luxemburg. Luxemburg, V. Buck, S. 8.
  5. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.