François Mitterrand

Vu Wikipedia
François Mitterrand
Gebuertsnumm François Marie Adrien Maurice Mitterrand
Gebuer 26. Oktober 1916
Jarnac
Gestuerwen 8. Januar 1996
7. Arrondissement
Doudesursaach Prostatakriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Faculté de droit de Paris,
Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Politiker, Affekot, Journalist
Partei Parti socialiste
Famill
Bestuet mat Danielle Mitterrand
Papp Joseph Mitterrand
Mamm Yvonne Lorrain
Geschwëster Jacques Mitterrand, Robert Mitterrand
Kanner Jean-Christophe Mitterrand, Gilbert Mitterrand, Mazarine Pingeot

De François Maurice Adrien Marie Mitterrand, gebuer de 26. Oktober 1916 zu Jarnac am Departement Charente a gestuerwen den 8. Januar 1996 zu Paräis, war e franséische Politiker vun der sozialistescher Partei (PS). Hie war vu Mee 1981 bis Mee 1995 Staatspresident vu Frankräich.

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De François Mitterrand huet zu Paräis Droit studéiert an do a rietsnationalistesche Kreesser verkéiert (Camelots du Roi, z. B.). Am Zweete Weltkrich war hien Ënneroffizéier am 23. Kolonialregiment op der Maginot-Linn bei Montmédy. Bei der däitscher Invasioun 1940 gouf hie bei der Schluecht vu Parey-Saint-Césaire blesséiert an als ee vun de wéinegen Iwwerliewende vu sengem Regiment gefaange geholl. Hie konnt awer am Dezember 1941 aus dem Stalag fortlafen a sech an d'Zone libre duerchschloen, wou hie fir d'Légion française des combattants an duerno fir de Commissariat aux reclassement des prisonniers de guerre geschafft huet. A senger Zäit zu Vichy gouf hien am Fréijoer 1943 vum Marschall Philippe Pétain fir seng Verdéngschter mam Uerde vun der Francisque décoréiert, en Uerden deen een net sou ouni Weideres krut, ausser wann ee sech fir de Pétain a fir deem seng Aktioun bekannt huet. Wéi de Wand gedréint huet, ass de Mitterrand, ënner dem Pseudonym Morland, bei d'Resistenz gaangen (Resistenzgrupp RNPG). Zu Cluny, am Süde vun der Saône-et-Loire, huet hien am Ënnergrond seng zukünfteg Fra, d'Danièle Gouze, där hir Famill eng Resistenzlerfamill war, kennegeléiert. 1943 ass d'Gestapo him op d'Spuer komm, an hien ass op London geflücht, wou e Kontakt mam De Gaulle senger Exilregierung opgeholl huet. 1944, no der Liberatioun vu Paräis, gouf hie Member vun der provisorescher Regierung.

Vun 1946 bis 1958 war de François Mitterrand Deputéierten an der Assemblée nationale an hat tëscht 1947 an 1957 verschidde Ministeschplazen an 11 verschiddene Regierungen. Hie war ënner anerem Justizminister, a wärend dem Algeriekrich huet hien eng ganz Rei vu Leit guillotinéiere gelooss. Vun 1959 bis 1962 war e Senateur an duerno nees Deputéierten.

An den 1960er Jore war säi politescht Engagement virun allem géint de Generol De Gaulle, deem hien (sou den Titel vun engem Buch vun him), e Coup d'État permanent virgeworf huet. Zanter dem Ufank vun der Fënnefter Republik war hien ëmmer erëm Kandidat bei de Presidentewalen.

Den 10. Mee 1981 konnt hie sech schliisslech am zweeten Tour géint den amtéierende President Valéry Giscard d'Estaing duerchsetzen a gouf éischte sozialistesche President vun der Fënnefter Republik. Hie gouf 1988 erëmgewielt.

Et koum ënner senger Presidence zu enger ganzer Rëtsch vu politeschen a gesellschaftlechen Ännerungen (vun deenen der, op wirtschaftlechem Plang, en ettlech hu misse méi spéit réckgängeg gemaach ginn).

No de Parlamentswalen 1986, déi vun der Droite gewonne goufen, ass de Mitterrand net wéi erwaart zeréckgetrueden, ma huet de Jacques Chirac zum Premierminister ernannt, wouduerch déi Éischt Cohabitatioun entstanen ass.

A sengen zwee Septenater huet de Mitterrand en ettlech prestigiéis Gebaier zu Paräis opriichte gelooss, déi Grands Travaux genannt goufen: d'Grande Arche de la Défense, d'Pyramid am Haff vum Louvre, d'Opéra Bastille an d'Nationalbibliothéik, déi duerno no him genannt gouf.

De Mitterrand huet laang een duebelt Familljeliewe geféiert. Nieft senger offizieller Fra, vun där en zwéi Jongen hat, hat e bis zum Schluss vu sengem Liewen e Verhältnes mat der Konschthistorikerin Anne Pingeot, mat där en ee Kand hat, d'Mazarine Pingeot (Philosophieprofessesch a Schrëftstellerin). Obwuel vill Leit, besonnesch Journalisten a Politiker, Bescheed woussten, ass déi Affär quasi bis zum Schluss diskreet bis geheim gehale ginn.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1939: Pluie amie
  • 1940: Premier accord
  • 1945: Les prisonniers de guerre devant la politique
  • 1953: Aux frontières de l'Union française. Indochine-Tunisie
  • 1957: Présence française et abandon
  • 1961: La Chine au défi
  • 1964: Le coup d'État permanent, Les débats de notre temps
  • 1969: Ma part de vérité (Buch mat Gespréicher mam Alain Duhamel)
  • 1971: Un socialisme du possible
  • 1971: La convention des institutions républicaines: François Mitterrand et le socialisme (Texter vum Danièle Loschark gesammelt)
  • 1973: La rose au poing
  • 1974: L'homme, les idées, le programme
  • 1975: La paille et le grain
  • 1977: Politique I
  • 1978: L'abeille et l'architecte
  • 1980: Ici et maintenant (Buch mat Gespréicher mam Guy Claisse)
  • 1981: Politique II
  • 1986: Réflexions sur la politique extérieure de la France, Introduction à vingt-cinq discours (1981–1985)
  • 1995: Mémoire à deux voix (mam Elie Wiesel)
  • 1996: De l'Allemagne, de la France
  • 1996: Mémoires interrompus (autobiographesch Gespréicher mam Georges-Marc Benamou)
  • 1998: Les forces de l'esprit
  • 2006: Le bureau de poste de la rue Dupin et autres entretiens (Gespréicher tëscht dem Mitterrand an der Marguerite Duras)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Péan, Une jeunesse française: François Mitterrand 1934-1947; Paräis (Arthème Fayard), 1994.
  • Pierre Favier und Michel Martin-Roland: La Décennie Mitterrand. éd. du Seuil, Paris, 1995–1999
  • Michel Martin-Roland (Hrsg.): Il faut laisser le temps au temps: les mots de François Mitterrand. Ed. Hors Collection, Paris 1995, ISBN 2-258-04029-9.
  • François Mitterrand et Georges-Marc Benamou: Mémoires interrompus. Jacob, Paris 1996, ISBN 2-7381-0402-9.
  • Serge Berstein, Pierre Milza und Jean-Louis Bianco: Les Années Mitterrand, les années du changement, Paris, éd. Perrin, 2001.
  • Franz-Olivier Giesbert: François Mitterrand: une vie. éd. du Seuil, Paris 1996, ISBN 2-02-029760-4.
  • Ali Magoudi: Rendez-vous: La psychanalyse de François Mitterrand. ISBN 2-35004-038-0.
  • Jean Montaldo: Mitterrand et les Quarante Voleurs, Bettendorf, Essen 1994, ISBN 3-88498-082-3.
  • Ariane Chemin & Géraldine Catalano, Une famille au secret - Le Président, Anne et Mazarine; Paräis (Stock), 2005; 267 S.; ISBN 2-234-05813-9.
  • Hubert Védrine: Les Mondes de François Mitterrand. A l'Élysée, 1981–1995. Fayard, Paris 1996, ISBN 2-213-59621-2.
  • Michel Winock, Les années Mitterrand - Journal politique (II) 1981-1995; Paräis (éditions Thierry Marchaisse), 2018.
  • Georges-Marc Benamou, <<Dites-leur que je ne suis pas le diable.>> ; Paräis (Plon), 2016.
  • Laurent Wetzel, Vingt intellectuels sous l'Occupation - Des résistants aux collabos; Monaco (Éditions du Rocher), 2020; 233 S.; ISBN 978-2-268-10443-0. - Vgl. d'Säiten 215-226, ënner dem Titel François Mitterrand (1916-1996) - "Morland le Francisquain", iwwer dem Mitterrand seng méi wéi ambivalent Haltung wärend dem Zweete Weltkrich!

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: François Mitterrand – Biller, Videoen oder Audiodateien