François Visine

Vu Wikipedia
François Visine
Gebuer 24. September 1922
Haraucourt
Gestuerwen 25. Februar 1998
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Jurist

De François Visine, gebuer de 24. September 1922 zu Haraucourt bei Nanzeg als Bouf vun engem loutrengesche Bauer a gestuerwen de 24. Februar 1998 zu Versailles[1], war en héije Fonctionnaire beim Europäesche Parlament an ass de Grënner vun der Fondation du Mérite Européen.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No senger Primärschoul schreift hie sech 1936 zu Dombasle-sur-Meurthe am Cours complémentaire an a kritt dräi Joer méi spéit de Brevet élémentaire.

Am September 1940, mécht hien e Concours fir an d'Normalschoul fir Schoulmeeschteren opgeholl ze ginn. Vu 70 Kandidate ginn der 13 ugeholl. De Visne hat sech als zweete klasséiert.

Eng Reform vum Schoulwiese forcéiert hie fir seng Projeten z'änneren. Hie fiert da mat sengem Studium am Lycée Henri Poincaré zu Nanzeg weider.

Well et an de Schoulen an an den Internaten déizäit sou zimmlech un allem gefeelt huet, krut seng Promotioun d'108e portée de Pinguins de Spëtznumm Rutagabas Promo oder och nach Promo de la débâcle.

Déi éischt Partie vum baccalauréat schléisst de Visine 1942 mat der Mentioun gutt af. Fir den zweeten Deel dat Joer duerno kritt hien eng Mentioun ganz gutt.

Encouragéiert duerch déi gutt Resultater schreift hie sech zu Nanzeg op der Faculté de Droit an.

Do sammelt hie Präisser a Mentiounen:

  • 1944: 3.Mentioun am réimesche Recht
  • 1945: 1. Präis am Droit civil an 2. Präis an der Economie politique.
  • 1946: 2. Präis am Droit civil, 2. Präis an der Economie politique an eng 4. Mentioun am concours général des facultés de droit. Dat Joer mécht hien och seng Licence de Droit mat de Mentioun ganz gutt a kasséiert och nach de Prix de l'Association des anciens étudiants de la faculté de droit.

Hie vertrëtt dann eng Thees iwwer den Turgot (Turgot - Sa conception de la révolution sociale). Mat där kritt hien 1949, den Doktertitel am Droit.

Dat Joer duerno, den 12. Mäerz, léiert hie seng spéider Fra, d'Simone, kennen, a si bestuede sech am Abrëll 1952. D'Koppel kritt e Bouf deen se Pascal nennen.

Kuerz duerno schreift de Visine seng zweet Thees mat där hien den Doktertitel an de Sciences économiques kritt. Bal gläichzäiteg kritt hien och de Prix Lucien Brocard.

De François Visine bleift ganz aktiv op den Universitéiten. Vun 1950 bis 1956 ass hie Chargé de travaux pratiques d'économie politique op der Fakultéit zu Paräis. Vun 1955 bis 1956 ass hie Chargé de conférences d'économie politique op der École Nationale des Impôts a Chargé de travaux pratiques op der École des Hautes Études Commerciales.

Dem François Visine seng professionell Carrière kann doduerch charakteriséiert ginn datt hien ëmmer op der Säit vun der Atlantik-Allianz an der NATO stoung. Den 2. August 1951 gëtt hien Haaptadministrateur an der Divisioun Ekonomie a Finanzen vum Internationale Sekretariat vun der NATO. Aacht Joer méi spéit gëtt hie Rechtsberoder vun der NAMSA a kënnt 1968, wéi déi hir Quartiere vu Paräis op d'Cap verleet, op Lëtzebuerg schaffen, wou hien dann 1987 a Pensioun geet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 16. Mäerz 1998