Frauenkirche München
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Däitschland |
| Gemeng | München |
| Koordinaten | 48°8'18,884"N, 11°34'25,018"O |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Héicht | 99 m |
| Material | Zill |
| Baustil | Gotik |
| Datum vum Bau | 15. Joerhonnert |
| Opgaangen | 14. Abrëll 1494 (julianesch) |
|
| |
D'Frauenkirche, offiziell Dom zu Unserer Lieben Frau, oder kuerz Münchner Dom ass eng spéitgotesch Kierch an der Alstad vu der bayrescher Landeshaaptstad München. Zanter 1821 ass et d'Kathedral vum Äerzbëschof vu München a Freising.
D'Gebai huet dräi Schëffer mat engem Kranz vu Kapelle ronderëm, an ass aus Zille gebaut. Et ass 109 m laang a 40 m breet, an d'Mauere si ronn 37 m héich. Déi zwéin Tierm si ronn 98,5 Meter héich. D'Surface bannenan ass 3.548 m².
D'Bauaarbechen hu 1468 ënner dem Jörg von Halspach ugefaangen; d'Kierch gouf 1494 geweit. Virdru stoung do eng romanesch Basilika aus dem 13. Joerhonnert.
An der Krypta si Griewer vun der Adelsfamill vun de Wittelsbacher, dorënner d'Herzogen a Kinneke vu Bayern.
An der Kierch si véier Uergele vum Georg Jann vun Allkofen.[1]
D'Klacke bestinn aus fënnef Exemplaren aus dem Mëttelalter an zwou aus der Barockzäit.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Peter Pfister (Hrsg.): Der Dom Zu Unserer Lieben Frau in München. Schnell, Großer Kunstführer. Bd. 235. Schnell & Steiner, Regensburg 2008, ISBN 978-3-7954-2031-4.
- Peter Pfister: Metropolitankirche Zu Unserer Lieben Frau in München. Schnell, Kunstführer. Nr. 500. 10., neu bearb. Aufl. Schnell & Steiner, Regensburg 2008, ISBN 978-3-7954-4298-9.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Frauenkirche München – Biller, Videoen oder Audiodateien |
