Op den Inhalt sprangen

Fred A. Gilson

Vu Wikipedia
Fred A. Gilson
Gebuer 27. Dezember 1889
Mäerzeg
Gestuerwen 1. Mee 1964
Chicago
Alter 74 Joer
Nationalitéit USA, Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftsmann

De Fred A. Gilson, gebuer als Franz Gilson de 27. Dezember 1889 zu Mäerzeg[1][2], a gestuerwen den 1. Mee 1964[3] zu Chicago[4], war e lëtzebuergesch-US-amerikanesche Geschäftsmann.[5]

Hien war vun 1902 bis 1905 zu Ettelbréck an der Akerbauschoul an ass 1906 an d'Vereenegt Staaten ausgewandert, wou en 1912 d'Nationalitéit ugeholl a sech 1915 mat der Eleanore Brons bestuet huet.[5]

1920 huet hien de Gilson Employment Service Chicago gegrënnt, an 1947 de Gilson Travel Service.[5]

1934 gouf hien zum Sekretär vun der Lëtzebuerger Handelskammer an de Vereenegte Staaten ernannt, an 1941 zum Generalkonsul fir Lëtzebuerg zu Chicago.[3]

Hie war Auteur vun enger Geschicht vun der Luxembourg Brotherhood of America (vun där e laang Jore Grand President war), Sekretär vum Organisatiounskommitee vun enger Schueberfouer zu Chicago, a Rapporteur (1914 – 1947) vun der Kathoulescher Unioun vun Illinois. Ausserdeem war hien 1941 President vum Empfankskommittee vun der Groussherzogin Charlotte an Amerika, a vum Good Will Tour vum Prënz Jang.[3]

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Mäerzeg eng Strooss no him genannt.[6]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de) Gebuertsschäin N° 24 S. 140. Archives nationales, Commune de Mertzig (28.12.1889). Gekuckt de 06.02.2026.
  2. an der „alphabetescher Tabell“ vun de Gebuerten vun 1889 zu Mäerzeg ass de Gilson net alphabetesch, mä als leschten agedroen (https://query.an.etat.lu/Query/detail.aspx?ID=705630) S. 142
  3. 1 2 3 Fred A. Gilson †. In: Luxemburger Wort, 117. Jg., n° 125 (05.05.1964), p. 10 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  4. Avis de décès 13 Page 12. In: Luxemburger Wort, 117. Jg., n° 128 (08.05.1964), p. 12 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg]
  5. 1 2 3 4 In memoriam Fred A. Gilson gestorben in Chicago am 1. Mai 1964. In: Luxemburger Wort, 117. Jg., n° 167 (16.06.1964), p. 6 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  6. L-9167; Lokalisatioun op geoportail.lu.