Op den Inhalt sprangen

Frederick Forsyth

Vu Wikipedia
Frederick Forsyth
Gebuer 25. August 1938
Ashford
Gestuerwen 9. Juni 2025
Jordans
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universidad de Granada
Aktivitéit Romancier, Pilot, Korrespondent, Spioun, Dréibuchauteur, Journalist, Schrëftsteller
Gielercher Commander of the Order of the British Empire

De Frederick Forsyth CBE, gebuer de 25. August 1938 zu Ashford, am Kent, a gestuerwen den 9. Juni 2025 zu Waevers bei Beaconsfield, am Buckinghamshire[1],[2], war e brittesche Schrëftsteller a Bestsellerauteur, deem seng iwwer 20 Spionageromaner an eng ganz Rëtsch Sproochen iwwersat goufen. Scho säin éischte Thriller, The Day of the Jackal, 1971, an och deen dono,The Odessa File (1972) waren e grousse Succès.

Hien huet als Reporter fir déi brittesch Noriichtenagence Reuters zu Paräis, Madrid an am deemools gedeelte Berlin geschafft. 'Niewelaanscht' huet hien och fir de brittesche Geheimdéngscht MI6 Commanden erfëllt, wéi en a senger Autobiographie Outsider beschriwwen huet.[3]

  • The Day of the Jackal, 1971
  • The Odessa File, 1972
  • The Dogs of War, 1974
  • The Shepherd, 1975
  • The Biafra Story, 1969
  • ''The Devil’s Alternative, 1979
  • No Comebacks, 1982.
  • The Fourth Protocol, 1984
  • The Negotiator, 1989
  • The Deceiver, 1991
  • The Fist of God, 1994
  • Icon, 1996
  • The Phantom of Manhattan, 1999
  • The Veteran, 2001
  • 'Avenger, 2003
  • 'The Afghan, 2006
  • The Cobra, 2010
  • The Kill List, 2013
  • The Outsider: My Life in Intrigue, 2015
  • The Fox, 2018
  • Craig Cabell: Frederick Forsyth. A matter of protocol. Robson Books, London 2001, ISBN 1-86105-414-9.
 Commons: Frederick Forsyth – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "The Day Of The Jackal author Frederick Forsyth dies." bbc.co.uk, 09.06.2025.
  2. "Frederic Forsyth dies age 86." Daily Express, 09.06.2025.
  3. Outsider. Die Autobiografie. Bertelsmann, München 2015, ISBN 978-3-570-10266-4, S. 232 ff