Frente para a Libertação do Enclave de Cabinda

Vu Wikipedia
Fändel vun der FLEC

D'Frente para a Libertação do Enclave de Cabinda (kuerz FLEC; op Lëtzebuergesch: Front fir d'Befreiung vun der Cabinda-Enklav) ass eng Guerilla an eng politesch Beweegung, déi fir d'Onofhängegkeet vum angolaneschen Territoire Cabinda kämpft. Et gëtt haut e puer Gruppen, déi deen Numm benotzen[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1885 ass Cabinda als portugisescht Protektorat etabléiert ginn[2]. An den 1960er hunn d'Géigner vun der portugisescher Verwaltung a Cabinda ugefaange sech z'organiséieren. D'FLEC ass aus der Fusioun vun dräi Organisatiounen ervirgaangen: dem Movimento para a Libertação do Enclave de Cabinda (MLEC) vum Luís Ranque Franque; dem Comité de Acção da União Nacional de Cabinda (CAUNC) vum Nzita Tiago an der Aliança Nacional Mayombe (ALLIAMA) vum António Sozinho.[3]. Nach virun der Onofhängegkeet vun Angola, vum 2. bis de 4. August 1963, hu si zesummen d'FLEC gegrënnt. Gebuertsplaz vun der Beweegung war d'Stad Ponta Negra an der Republik Kongo. Éischte President war de Franque; de Sozinho gouf Generalsekretär an den Nzita Vizepresident.[3]

No der portugisescher Revolutioun de 25. Abrëll 1974 zu Lissabon huet déi nei portugisesch Regierung all hiren Territoiren an Afrika d'Onofhängegkeet versprach. Am selwechte Joer huet d'FLEC e Büro an der Haaptstad Stad Cabinda opgemaach, an duerno eng Iwwerganksregierung gebilt, déi den 1. August 1975 d'Onofhängegkeet vun der Republik Cabinda proklaméiert huet. Gläichzäiteg huet awer och de Movimento Popular de Libertação de Angola (MPLA) vum éischten angolanesche President Agostinho Neto an der Enklav konnten u Buedem gewannen.[3] Tëscht November 1975 a Januar 1976 hunn Zaldote vum MPLA mat kubanescher Ënnerstëtzung Cabinda besat. Doropshin huet sech d'FLEC wärend dem angolanesche Biergerkrich (1975-2002) an e puer Fraktioune gespléckt, dorënner d'FLEC-Nzita, d'FLEC-Ranque Franque an d'FLEC-Lubota, déi no de jeeweilege Leaderen Henrique Nzita Tiago, Luiz Ranque Franque a Francisco Xavier Lubota benannt waren.

An den 1980er ass d'FLEC vu Südafrika an der União Nacional para a Independência Total de Angola (UNITA) ënnerstëtzt ginn, déi allebéid géint d'MPLA-Regierung vun Angola gekämpft hunn. An den 1990er sinn zwou nei FLEC-Fraktioune gegrënnt ginn: d'FLEC-Renovada an d'FLEC-FAC (FAC fir Forças Armadas de Cabinda)[4]. An all deene Joerzéngte si reegelméisseg Attacken an aner Aktivitéite géint d'angolanesch Autoritéit a Cabinda ënnerholl ginn. 2006 huet d'angolanesch Regierung e Waffestëllstand mat enger vun de FLEC-Fraktiounen annoncéiert, dee vun den anere FLEC-Fraktiounen awer net unerkannt ginn ass[5].

Den 8. Januar 2010 ass de Bus vun der togolesescher Foussballnationalekipp a Cabinda ugegraff ginn. Dräi Persoune sinn dobäi ëm d'Liewe komm an aacht Leit verletzt ginn. De Bus war um Wee op d'Afrikameeschterschaft an Angola a gouf vun angolaneschen Zaldote begleet. D'FLEC huet déi Attack fir sech revendiquéiert a sech dofir entschëllegt[6].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Deutsche Welle: Frente para a Libertação do Enclave de Cabinda (FLEC) (3. August 2017)
  2. Unrepresented Nations & Peoples Organization: UNPO Resolution Concerning the Cabinda Enclave (7. Juli 2005)
  3. 3,0 3,1 3,2 Deutsche Welle: FLEC: 50 anos a afirmar "Cabinda não é Angola" (2. August 2013)
  4. Refugee Documentation Centre: Is FLEC Renovada an armed faction of FLEC or a separate armed organisation (a splinter group)? (10. Mee 2011)
  5. United States Department of Justice: Armed Conflicts Report - Angola-Cabinda (1994 - first combat deaths) (Januar 2017)
  6. The Guardian: Togo footballers were attacked by mistake, Angolan rebels say (11. Januar 2010)