Friddensgeriicht (Frankräich)

Vu Wikipedia

D'Friddensgeriicht a Frankräich war tëscht 1790 an 1958 eng Juridiktioun no beim Bierger, déi an all Kanton séier a bal gratis manner wichteg Affäre vum deegleche Liewen traitéiert huet, mam But fir ze reconciliéieren.

D'Friddensriichter haten ursprénglech keng bestëmmt Formatioun am Droit, mä et ware juristesch Laien déi an hirem Kanton sozial gutt etabléiert waren an eng moralesch Autoritéit haten, an an hir Funktioun als éischt gestëmmt an da genannt goufen. Si sollten och manner no de Gesetzer riichten, mä haaptsächlech tëscht de Sträitparteie vermëttelen an equitabel Urteeler huelen.

Eng Verhandlung am Gudde virun engem Friddensgeriicht war Prozessviraussetzung, fir virun engem uerdentleche Geriicht kloen ze kënnen. A klengen zivilrechtleche Streidereie waren d'Friddensriichter awer och éischt Instanz (an deelweis éischt a lescht Instanz). Donieft ware se nach fir perséinlech Affären zoustänneg (Ierfsaachen, Persounestandssaache bei Gebuerten, Bestietnesser an Doudesfäll, etc.), a si konnten als Policeriichter bei Verstéiss Strofe bis zu 15 Frang oder 5 Deeg Prisong verhänken.

D'Professionnalisatioun vun de Friddensriichter 1929 huet du lues awer sécher d'Enn vun dëser origineller Juridiktioun bedeit, a sou ass se 1958 duerch d'Tribunaux d'instance an d'Mediateuren ersat ginn. De Gedanken ass spéider nach eng Kéier opgeflaamt, wéi 2002 d'Juridictions de proximité geschaf goufen, där hir Roll no un déi vum fréiere Friddensgeriicht erukoum, mä déi am Januar 2013 dunn och nees ofgeschaf goufen.