Friedrich Merz
![]() |
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Friedrich Merz | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
11. November 1955 Brilon |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun |
Universitéit Bonn, Philipps-Universitéit Marburg |
Aktivitéit | Affekot, Politiker, Lobbyist, Jurist, Bundeskanzler (Däitschland), Manager |
Partei | CDU |
Fonctioun | Deputéierten am Bundestag, Europadeputéierten, Bundeskanzler (Däitschland) |
Famill | |
Bestuet mat | Charlotte Merz |
Papp | Joachim Merz |
Mamm | Paula Merz |
![]() |
De Joachim-Friedrich Martin Josef Merz, gebuer den 11. November 1955 zu Brilon an Nordrhein-Westfalen, ass en däitsche Politiker (CDU) an zënter dem 6. Mee 2025 – als Nofollger vum Olaf Scholz – den zéngte Bundeskanzler vun Däitschland.
Hien ass zënter 2022 Bundespresident vun der CDU a war vun 2022 bis 2025 de Fraktiounschef vun der CDU/CSU an domat den Oppositiounschef am 20. däitsche Bundestag. Vun 1989 bis 1994 war de Merz Member vum Europäesche Parlament. Hie war tëscht 1994 an 2009 Member vum däitsche Bundestag an ass dat nees zënter 2021. Duerno huet hien als Lobbyist a Jurist geschafft.
Privates
[änneren | Quelltext änneren]De Merz gouf 1955 als dat eelst vu véier Kanner an enger Juristefamill gebuer. Seng Mamm Paula Sauvigny (* 1928) staamt aus der Famill Sauvigny vu Brilon. Säi Grousspapp, de Josef Paul Sauvigny, war do vun 1917 bis 1937 Buergermeeschter. Säi Papp Joachim Merz (* 1924) staamt aus enger protestantescher Zaldotefamill vu Breslau. Hien huet als Riichter an der amerikanescher Besatzungszon e puer Nazi-Prozesser gefouert a war méi spéit Riichter um Landgeriicht zu Arnsberg.
De Friedrich Merz ass zënter 1981 mat der Riichterin an Direktesch vum Amtsgeriicht vun Arnsberg, der Charlotte Gass (* 1961), bestuet; d'Koppel huet ee Bouf en zwee Meedercher.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Friedrich Merz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiquote: Friedrich Merz – Zitater |